Monarchie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Forms of government.svg
Regierungsforme vun der Welt

Republikanesch Staatsform

██ Presidentielle Regierungssystem

██ Presidentielle Regierungssystem mat Exekutivbefugnis déi un d'Parlament gebonnen ass

██ Semipresidentielle Regierungssystem

██ Parlamentaresche Regierungssystem

Monarchesch Staatsform

██ Parlamentaresch Monarchie

██ Konstitutionell Monarchie

██ Absolut Monarchie

aner Staatsform

██ Staaten mat Eeparteiesystem

██ Militärdiktatur

Stand: 2011

D'Monarchie (iwwer dat franséischt Wuert monarchie aus dem griichesche Wuert μοναρχία, monarchía, „Muecht vun engem Eenzelnen“) ass eng Staats- a Regierungsform, bei där eng Eenzelpersoun (Monarch bzw. Monarchin) d'Herrschaft ausübt. De Monarch gëtt entweder duerch Ierffolleg (Ierfmonarchie) oder duerch Wal (Kinnekswal, Walmonarchie) op Liewenszäit bestëmmt. De Muechtusproch vum Monarch stäipt sech op eng iwwernatierlech Bestëmmung. Dës kann am Wëlle vu Gott leien. Och d'Veréierung vum Monarch als eegestänneg Gottheet ass méiglech.

Wa sech de Muechtusproch vum Herrscher op eng weltlech Berechtegung stäipt, handelt et sech ëm eng Republik (Géigebegrëff).

En Unhänger vun der Monarchie gëtt Monarchist, e Géigner Monarchomach genannt, d'Staatstheorie bzw. Ideologie nennt ee Monarchismus.

Geschichtlech Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Art vu Monarchie, déi sech duerch de Bezug op Gott/eng Gottheet legitiméiert, ka bis an d'aalt Egypten zréckgefouert ginn, wou de Pharao als Gott veréiert gouf. Ähnleches gëllt fir de keeserleche System am Keeserräich China, wat den Herrscher ënner anerem als Jong vum Himmel (chin. 天子, Tiānzi) bezeechent, a senger Herrschaft e Mandat vum Himmel gesinn huet, an him doduerch absolut Muecht ginn huet.

Heiansdo kënnt et och zu enger Duebelmonarchie. Kuckt dofir Dyarchie. Zu der Geschicht kuckt och Kinnek.

Wal- an Ierfmonarchie[änneren | Quelltext änneren]

D'Walmonarchie (mat dacks ageschränktem Kandidaten- a Wielerkrees) schéngt historesch méi al wéi d'Ierfmonarchie ze sinn, well si d'Gefor vun engem Biergerkrich bei der Ierffolleg erfollegräich méi kleng gemaach huet. Bis zu hirem Enn waren d'Kinnekräich Polen an d'Hellegt Réimescht Räich eng Walmonarchie. Géigewäerteg (2006) sinn et nach Malaysia an d'Vereenegt Arabesch Emiraten.

Bis zu der Christianiséierung vun Europa ass hei meeschtens eng Form vun der Walmonarchie ze fannen. Germanesch souwéi keltesch Stämm hunn hir Häuptlingen, déi zwar an der Regel aus de mächtegen an aflossräiche Familljeclanen kommen, awer keng automatesch Ierffolleg kennen. Beim Doud vun engem Häuptling gouf einfach en neien duerch verschidde Ritualer (Thing, Schëlderhiewung) gewielt oder proklaméiert. Och wann een Uféierer d'Kinneksheel verlooss hat, gouf en einfach duerch en neien ersat. An der sächsescher Uerdnung gouf souguer nëmme fir d'Zäit vun engem Krich oder engem Feldzuch en Herzog gewielt, deen nom Enn vum Krich nees zu engem einfache Fräie ginn ass. Eng aner Herrschaft gouf vun de fréiere Baueren net unerkannt.

Dës virfeudalistesch Uerdnung, déi deelweis duerchaus demokratesch Zich hat, huet hiert Enn mat der Christianiséierung fonnt. Wéi am Réimesche Räich de Keeser Konstantin de Grousse mam Toleranzedikt vu Mailand am Joer 313 d'Chrëschtentum den den anere Relioune gläichgestallt huet, an da selwer spéider zum Chrëschtentum konvertéiert huet, huet eng Allianz tëscht der Kierch an der staatlecher Autoritéit ugefaangen. D'Kierch huet d'absolut Herrschaft legitiméiert an d'Ierfolleg mat der Ideologie vun der Herrschaft de droit divin. Am Géigenzuch huet sech d'Kierch selwer doduerch eng privilegéiert Plaz a Participatioun un der Muecht geséchert, déi si an de meeschte Länner bis zu der Zäit vun der Franséischer Revolutioun behale konnt.

Europa gëtt am Mëttelalter gréisstendeels vun Ierfmonarchië beherrscht: de Monarch steet do un der Spëtzt vu méi oder manner homogenen Herrschaftsgebidder, déi als Lehen u seng Gefollegsleit vergi goufen. Dëse Feudalsystem stellt d'Grondlag fir d'Administratioun an d'Militärwiesen an de beherrschte Gebidder, huet awer ënner dem Usproch vun de Lehnsleit gelidden, selwer iwwer d'Ierffolleg vun hire Gebidder ze decidéieren. Domat huet den europäesche Monarch faktesch ëmmer weider u Muecht verluer, zugonschte vum feudalen Adel.

Forme vun der Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de moderne Staat entstanen ass, hu sech am Europa vun der Neizäit dräi Forme vun der Monarchie erausgebild:

Absolut Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

Paradebeispill vum Absolutismus: De Louis XIV. vu Frankräich

An dëser Form huet de Monarch den Usproch op déi eleng Staatsgewalt; den Adel verléiert seng Positioun am Feudalsystem am Tosch géint d'Privilegien am Staats- a Militärwiesen. De Monarch ass legibus absolutus (lat. vun de Gesetzer lassgeléist), wat bedeit, datt hien de Gesetzer, déi hie selwer opsetzt, net ënnersteet. Dat bekanntst Beispill fir den Usproch op eng absolut Herrschaft vum Monarch ass de Sonnekinnek Louis XIV., och wann et scho virun him ähnlech Tendenze ginn huet. Den absolute Muechtusproch ass awer op Dauer net géint den Adel an d'Biergertum duerchzesetzen; do, wou d'Monarchie iwwerlieft huet, huet si Elementer vun der Republik oder Demokratie ugeholl.

Konstitutionell Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

An enger konstitutioneller Monarchie ass d'Muecht vum Monarch net méi absolut, mä vun enger Konstitutioun geregelt. D'Regierung gëtt awer weiderhi vum Monarch an net vun enger Volleksvertriedung bestëmmt. E Beispill heifir ass dat Däitscht Keeserräich vun 1871 bis 1918. D'Fürstentum Liechtenstein dogéint ass eng konstitutionell Ierfmonarchie op demokratesch-parlamentarescher Grondlag, wou d'Regierung vum Parlament (Landtag) bestëmmt a just vum Fürst ernannt gëtt. Kuckt och den Haaptartikel Konstitutionell Monarchie

Parlamentaresch Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

D'parlamentaresch Monarchie ass eng Ënnerform vun der konstitutioneller Monarchie, wou de Monarch mat wéinegen Ausname keen Undeel un de Staatsgeschäfter méi huet. Dës gi vum Parlament an der Regierung ausgefouert. De Monarch huet gréisstendeels just representativ Aufgaben. An Europa ass dës Staatsform an der Belsch, Dänemark, Lëtzebuerg, Norwegen, Holland, Schweden a Spuenien vertrueden, baussent Europa zum Beispill Japan.

D'Monarchieformen haut[änneren | Quelltext änneren]

Monarchien op der Welt

Mam Stand 2006 gëtt et

1 Keeserräich:

34 Kinnekräicher:

1 Groussherzogtum:

1 Herzogtum:

3 Fürstentümer:

1 Herrschaftsstaat:

2 Sultanater:

9 Scheichtümer (Emiraten):

1 Häuptlingsstaat:

  • Samoa (traditionellen Titel: O le Ao o le Malo)

1 souverän territorial Basis vum Hellege Stull:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kinnekshaiser[änneren | Quelltext änneren]

Monarchisten[änneren | Quelltext änneren]