Konstantin de Groussen

Vu Wikipedia
Konstantin de Groussen
Gebuertsnumm Flavius Constantinus
Gebuer 27. Februar 272 jul.
Gestuerwen 22. Mee 337 jul.
Nikomedia
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker, Militär
Mamm Helena vu Konstantinopel
Marbers Statu vum Konstantin sengem Kapp (4. Jh.), zu Roum um Kapitol.

De Konstantin de Groussen (lat.: Flavius Valerius Aurelius Constantinus Augustus[1], gr.: Κωνσταντίνος ὁ Μέγας), gebuer op engem 27. Februar tëscht 270 an 288 zu Naissus, Moesia Prima a gestuerwen den 22. Mee 337 zu Anchyrona, bei Nikomedia); och bekannt als Konstantin I. oder Hellege Konstantin[2], war vun 306 bis 337 réimesche Keeser.

De Konstantin war de Jong vum Flavius Valerius Constantius, engem réimeschen Offizéier, a senger Fra Helena. 293 gouf säi Papp Caesar am Westdeel vum Réimesche Räich. De Konstantin krut am Osten eng Militärausbildung a gouf Militär-Tribun ënner de Keeseren Diocletian a Galerius. 305 gouf de Constantius zum Augustus ernannt, a säi Jong Konstantin huet fir säi Papp an der Provënz Britannien gekämpft. Wéi säi Papp 306 gestuerwen ass, hu seng Zaldoten de Konstantin zu Eburacum (York) Konstantin zum Keeser ausgeruff. No enger Rëtsch Kämpf a Biergerkricher géint d'Keesere Maxentius a Licinius, déi e gewonnen huet, ass et dem Konstantin gelongen, bis 324 Herrscher vun Ost- a Westroum ze ginn.

Als Keeser huet de Konstantin eng jett administrativ, finanziell, sozial a militäresch Reformen duerchféiere gelooss, fir säi Räich ze stäerken. En huet d'Regierung vun de Prefekten reorganiséiert a vun der militärescher Autoriéit, dem Magister militum getrennt. En huet eng nei gëlle Mënz, de Solidus, agefouert, fir d'Inflatioun ze bekämpfen, déi iwwer 1000 Joer d'Leet-Wârung vun Europa a Byzanz war.

Hie war deen éischte réimesche Keeser, deen offiziell zum Chrëschtentum iwwergetrueden ass, an huet eng wichteg Roll bei der Proklamatioun vum Edikt vu Mailand gespillt, mat deem Toleranz géigeniwwer de Chrëschten am Räich dekretéiert gouf. 325 huet hien den Éischte Konzil vun Nicaea ageruff, op deem d'Glawensbekenntnis vun Nicaea festgehale gouf. Och d'Grafkapell zu Jerusalem, déi duerno als ee vun de gréissten Helelgtëmer ugesi gouf, gouf oip sâin Uerder hi gebaut.

Wat d'Militâr betrëfft, sou gouf déi réimesch Arméi a sougenannt comitatenses a limitanei ëmgebaut; an engersâits mobil Unitéiten am Feld an op där anerer Zaldoten a Garnisounen, fir besser kënnen op intern Opstänn wéi och Attacke vu "Barbare" vu baussen ze reagéieren. Hien huet mat Succès d'Grenz déi Säit vum Rhäin gestäerkt an d'germanesch Stämm vun do, d'Franken, d'Alamannen d'Gothen an d'Sarmatier deelweis zeréckgedrängt an Territoiren zeréckeruewert, déi seng Virgänger an der sougenannter Kris vum 3. Joerhonnert verluer haten.

An der Noperschaft vu Lëtzebuerg huet hien zu Augusta treverorum (Tréier) wichteg architektonesch Spueren hannerlooss, sou d'Konstantinbasilika, dat gréissten erhalent iwwerdaachtent Gebai aus der Réimerzäit nërdlech vun den Alpen) an d'Keeserthermen.

Seng Regéierungszäit gëtt vun der Geschichtsschreiwung vum Réimesche Räich als eng eegestänneg Epoch ugesinn. Hien huet seng nei Keeserresidentz zu Byzanz baue gelooss an d'Stad a Konstantinopel (no him selwer) ëmnenne gelooss. Andeems en d'Ierfschaft vu sengem Räich u seng Jonge weidergin huet, huet hien dem Diocletian seng Tetrarchie duerch de Prinzip vun enger dynastescher Successioun ersat. äi Ruff gouf an de Joerzéngten a Joerhonnerten duerno ëmmer méi grouss. Vun der mëttelalterlecher Kierch gouf hien als Virbild vun der Dugend veréiert, iwwerdeems weltlech Herrscher an him e Virbild tout court geouchen, e Symbol vun impeialer Legitimitéit an identitéit. Eréischt mat der Renaissance, wou nei schrëftlech Quellen erëmfonnt goufen, si méi kritesch Bewäertunge vu senger Herrschaft opkomm, an hie gouf alt bis hin zu engem despoteschen Tyrann portraitéiert. Zënterhir sinn d'Beschreiwungen tëschent deen zwéin Extreemer ze fannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Constantine the Great – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zu Liefzäite war säin offizielle Keeser-Titel IMPERATOR CAESAR FLAVIVS CONSTANTINVS PIVS FELIX INVICTVS AVGVSTVS - Kesser Caesar Flavius Constantine Augustus, de Frommen, de Glécklechen, deen Ongeschloenen. No 312, koum MAXIMVS ("dee Gréissten") bäi, an no 325 gouf INVICTUS duerch VICTOR ("de Gewënner") ersat, well invictus ze vill u Sol Invictus, de Sonnegott, erënnert huet.
  2. bei der Ost-Orthodoxer Kierch an de byzantinesch-kathoulesche Chrëschten. An der réimesch-kathoulescher Kierch gëllt hien net als Hellegen, den Titel "de Grousssen" krut en awer fir seng Verdingschter ëm d'Festege vu Chrëschtenutum.