Helena vu Konstantinopel

Vu Wikipedia
Statu vum Andrea Bolgi: Helena mam Kräiz Christi, am Péitersdoum zu Roum

D'Helena vu Konstantinopel (lat.: Flavia Iulia Helena), gebuer ëm 250 zu Drepanon, dem haitegen Hersek an der Tierkei, a gestuerwen ëm 330 zu Nikomedia, dem haitegen tierkeschen İzmit, war eng réimesch Keeserin an d'Mamm vum Konstantin de Groussen. An der kathoulescher an an der orthodoxer Kierch gëtt si als Helleg veréiert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Helena staamt warscheinlech aus ganz einfache Verhältnesser. Hire Papp war en heednesche Wiert a si selwer huet zu Naissus gelieft, wou si Wiertin vun enger Auberge war. Si hat eng illegitim Bezéiung mam réimeschen Offizéier Constatinus an huet tëscht 272 an 280 ee Kand op d'Welt bruecht, de Konstantin. 289 huet sech de Constatinus wéinst hirem nidderege Stand vun der Helena getrennt a sech mat der Theodora bestuet, der Stéifduechter vum Keeser Maxiamus.

293 krut de Constatinus den Titel vum Caesar, enger Aart Co-Keeser. 305 war hien du bis zu sengem Doud ee Joer méi spéit Augustus (Keeser) vum westlechen Deel vum Räich. No sengem Doud ass säi Jong de Konstantin op den Troun komm, an d'Helena huet dofir gesuergt, datt dem Konstantin seng Hallefbridder verbannt gi sinn. Duerch de Konstantin huet d'Helena den Titel "nobilissima femina" kritt, wat sou vill heescht wéi "déi edelst Fra".

312 huet de Konstantin säi Géigner Maxentius an der Schluecht bei der Milvischer Bréck geschloen, an d'Helena krut den Titel vun enger Augusta an d'Recht op en Diadem an en Ofbild op de Mënzen.

Helena als Chrëschtin[änneren | Quelltext änneren]

D'Reliquie mam Kapp vun der Helena am Tréierer Doum

Am selwechte Joer konvertéiert d'Helena zum Chrëschtentum. Och de Konstantin gëtt méi tolerant géigeniwwer de Chrëschten. 313 erléisst hien den Toleranzedikt vu Mailand, mat deem der Chrëschteverfollgung en Enn gesat gëtt. D'Helena probéiert de chrëschtleche Glawen och op aner Manéieren ze verbreeden. Duerch si goufen e ganze Koup Kierche gebaut, sou zum Beispill d'Grafkierch zu Jerusalem, d'Gebuertskierch zu Betlehem an d'Apostelkierch zu Konstantinopel.

Mat iwwer 70 Joer soll Gott dem Helena am Dram erschéngt sinn a gesot hunn, si sollt a Palestina reese fir do d'Graf vum Jesus Christus ze fannen. Tatsächlech ass si dunn op Jerusalem gereest. Der Legend no huet si Ausgruewunge maache gelooss, bei deenen ënner anerem Reschter vum Christus sengem Kräiz an d'Plaz vum Hellege Graf fonnt goufen. Op där Plaz hunn d'Helena an de Konstantin eng Basilika erriichte gelooss, déi haiteg Grafkierch vu Jerusalem.

No hirem Doud ëm d'Joer 330 ass si zu Roum an engem eegene Mausoleum bäigesat ginn. Hire Sarkophag ass hau an de Muséeë vum Vatikan ausgestallt, an hire Kapp läit als Deel vun enger Reliquie am Tréierer Doum.

Der Legend no war et och d'Helena, déi den Hellege Rack op Tréier bruecht huet.[1]

Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung "vu Konstantinopel" kënnt net aus der Antiquitéit. Si staamt aus der Zäit vun de Kräizzich, wéi een d'Keeserin geographesch méi no bei dat chrëschtlecht Byzanz réckele wollt, respektiv dem Konstantin seng Stad a Verbindung mat der helleger Helena brénge wollt. A Wierklechkeet hat d'Helena mat Konstantinopel net vill ze dinn. Si gouf net do gebuer an huet och ni eng länger Zäit an där Stad gelieft. Hire Liewensmëttelpunkt louch éischter zu Tréier.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helena vu Konstantinopel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. J. Wetzer, B. Welte, Kirchenlexikon. Band 9, Herder, 1852, S. 333., Rock, der heilige