D'Renaissance (IPA: [ʀənɛːsˈɑ̃ːs]) bezeechent déi kulturell Neientdeckung vun der klassescher griichescher a réimescher Antiquitéit mat sengen Aflëss op d'Gesellschaft, d'Wëssenschaft, d'Philosophie an d'Konscht. Dacks gëtt de Begrëff just als Bezeechnung vun enger konschtgeschichtlecher Epoque benotzt.