Liechtenstein
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fürstentum Liechtenstein | |||||
| |||||
National Devise: Für Gott, Fürst und Vaterland | |||||
Offiziell Sprooch: | Däitsch | ||||
Haaptstad: | Vaduz | ||||
Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
• Fürst: | Hans Adam II. | ||||
• Premierminister: | Daniel Risch | ||||
Fläch: | 160,475[1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 35 174[2] | ||||
Onofhängegkeet: | 1806 | ||||
Nationalfeierdag: | 15. August | ||||
Nationalhymn: | Oben am jungen Rhein (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Schwäizer Frang | ||||
Zäitzon: | UTC +1 | ||||
Internet TLD: | .li | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+423 | ||||
D'Fürstentum Liechtenstein ass e butzegen europäesche Staat an der Alperegioun, agekäilt tëscht der Schwäiz an Éisträich.
Liechtenstein ass eng konstitutionell Ierfmonarchie op demokratesch-parlamentarescher Basis. Zanter 1923 ass d'Fürstentum an Zoll- a Wärungsunioun mat der Schwäiz. Liechtenstein ass Member an der EFTA, huet awer, anescht wéi d'Schwäiz, zousätzlech nach den Accord iwwer den Espace Économique Européen ënnerschriwwen a kann dowéinst och vun engem direkten Zougank op den europäesche Marché profitéieren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Fürstentum ass réischt 1719 entstanen, wéi de Fürst vu Liechtenstein seng zwou Herrschafte beim Rhäin, Vaduz a Schellenberg, mat Erlabnis vum deemolege Keeser vum Hellege Réimesche Räich, zu engem neie Fürstentum zesummegeschloen huet.
Ënner dem Napoléon war Liechtenstein ee vun de Staate vum Rhäinbond (Rheinbund/Confédération du Rhin), dee vun 1806 bis 1813 als Protektorat vu Frankräich eng Pufferzoon tëscht engersäits dem franséische Keeserräich an anerersäits Preisen, Éisträich a Russland gebilt huet.
Tëscht 1815 an 1866 war d'Fürstentum, grad wéi och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ee vun den 39 Staaten a fräie Stied vum Däitsche Bond (Confédération germanique).
Zënter 1921 ass Liechtenstein eng konstitutionnel Monarchie ënner hirem souveräne Fürst. An 1923 huet d'Land eng Zoll- a Wärungsunioun mat der Schwäiz ofgeschloss déi nach ëmmer besteet.
1990 ass Liechtenstein Member vun der UNO ginn. An 1991 ass d'Land der EFTA bäigetratt. Anescht wéi d'Schwäiz ass Liechtenstein am EWR (Europäesche Wirtschaftsraum) oder EEE (Espace économique européen) integréiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Liechtenstein huet eng Fläch vu ronn 160 Quadratkilometer[1] an am Ganze 77,9 km Staatsgrenz. Am Westen a Süde grenzt d'Land op der Schwäizer Grenz un d'Kantone St.Gallen a Graubünden, am Osten an Norden un d'éisträichescht Bundesland Vorarlberg.
Laanscht d'Westgrenz mat der Schwäiz leeft de Rhäin (Oberrhein). De Rhäindall hëlt bal d'Hallschent vum Territoire an, an ass dowéinst och déi Géigend déi landwirtschaftlech ze gebrauchen ass, an an där déi meescht Leit wunnen. Sand, Torf, Leem an äerde Biedem ginn am Rhäindall aneneen iwwer.
De Rescht vum Land ass geologesch an topographesch vu Gestengs a Bierger dominéiert. D'Ausleefer vum Rätikon, engem Deel vun den Ostalpen, zéie sech vum Süde bis an den Nordosten. Héchste Punkt, ganz am Süde vum Land, ass mat mat 2 599 Meter de Bierg Grauspitz. D'Ruggeller Riet -am Norde vum Fürstentum- ass den déifste Punkt a läit op enger Héicht vu 430 Meter.
Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Den Nationalfeierdag vu Liechtenstein ass de 15. August, op Léiffrawëschdag. Gefeiert gëtt de Gebuertsdag vum fréiere Monarch Fürst Franz Josef II. (1906–1989), deem säin Dag u sech zwar de 16. August ass, mä awer schonn zanter 1940 mam chrëschtleche Feierdag zesummegeluecht gëtt. Den Dag ass och nom Doud vum Fürst bäigehale ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Liechtenstein – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Nodeem d'Grenzen 2006 nei vermoosst gi sinn, gouf gewisen, datt Liechtenstein vun der Fläch hier eng 50 Foussballterraine méi grouss ass wéi laang Zäit geduecht.
Sourcen: Focus Online an msnbc (August 2007) - ↑ Stand: 31. Dezember 2006,
Quell: Statistische Information, Landesverwaltung Liechtenstein