Zwergstaat

Vu Wikipedia

Zwergstaat (och Mini- oder Mikrostaat) ass eng inoffiziell Bezeechnung fir en onofhängegen an international unerkannte Staat, deem seng Landfläch am Verglach mat där vun anere Staate ganz kleng ass.

Zwergstaaten hunn an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km².

An Europa ginn déi kleng Staaten, déi hir Selbstännegkeet als Fürstentum oder anert Herrschaftsgebitt zanter hirer Grënnung bis haut erhalen hunn, als Zwergstaate bezeechent. Lëtzebuerg gehéiert net dozou, well d'Fläch vum Territoire mat 2.586 km²; dach ze grouss fir en Zwergstaat ass.

Europäesch Zwergstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Europäesch Zwergstaaten (ouni Malta)
Numm Gréisst
km²
Andorra 468
Malta 316
Liechtenstein 160
San Marino 60,57
Monaco 1,97
Vatikanstad 0,44

Aussereuropäesch Zwergstaaten[änneren | Quelltext änneren]

Aussereuropäesch Zwergstaaten
Numm Gréisst
km²
São Tomé a Príncipe 964
Dominica 751
Tonga 747
Kiribati 726
Mikronesien 702
Bahrain 694
Singapur 683
Saint Lucia 539
Palau 459
Seychellen 455
Antigua a Barbuda 442
Barbados 430
Saint Vincent an d'Grenadinnen 388
Grenada 344
Maldiven 298
Saint Kitts an Nevis 261
Niue 206
Marshallinselen 181
Tuvalu 26
Nauru 21

Mikronatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mikronatioun Sealand (611 m²) am Südoste vun England gëtt net zu den Zwergstaate gezielt, well se politesch net unerkannt ass.

Dës Unitéit nennt ee Mikronatioun.