NASA

Vu Wikipedia
National Aeronautics and Space Administration
— NASA —
Logo vun der NASA
Logo vun der NASA
Stellung United States government
Grünnung 29. Juli 1958
Haaptsëtz Washington D.C.
Aart vu Fuerschung Weltraumfuerschung
Fachgebidder Astronomie, Astrophysik, Satellittebau
Leedung Charles Frank Bolden, Administrateur[1]
Mataarbechter 17.900
Homepage www.nasa.gov

D'National Aeronautics and Space Administration (NASA), gegrënnt den 29. Juli 1958, ass déi zivil US-Verwaltung fir Loft- a Raumfaart. Trennung vum militäresche Beräich an der Loftfaartfuerschung ass net vollstänneg, well d'NASA souwuel fir déi zivil wéi och fir déi militäresch Grondlagefuerschung an der Loftfaart zoustänneg ass. Si ënnerscheet sech dora vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA, déi no Artikel II vun hirem Statut nëmme fir zivil Weltraumfuerschung do ass an och keng Loftfaartfuerschung bedreift.

Visioun a Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Columbia-Start, den 12. Abrëll 1981

D'Nasa seet hir Visioun wier "d'Liewen op der Äerd ze verbesseren, d'Liewen no baussen ze verbreeden a Liewen do baussen ze fannen". Doraus ergëtt sech d'Missioun "eis Äerd ze verstoen an ze schützen, d'Universum z'erfuerschen an no Liewen ze sichen an déi nächst Generatioun vu Fuerscher ze begeeschteren".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der NASA.

Weider Entwécklungen[änneren | Quelltext änneren]

Moundbasis[änneren | Quelltext änneren]

D'NASA hat de 4. Dezember 2006 bekannt ginn, datt eng stänneg besat Mound-Basisstatioun a Konzeptioun wier. Als Starttermäi gouf d'Joer 2020 an als Termäi fir d'Fäerdegstellung 2024 genannt. Fir d'Ausféierung vun de Pläng gëtt d'Zesummenaarbecht mat internationale Partner a Betruecht gezunn.

De Budgetsentworf vum President Barack Obama gesäit zwar massiv Ännerunge bei der NASA vir. Méi wichteg wier et, revolutionär Technologien z'entwéckelen, déi bemannt Raumflich déi Säit vun der Äerdëmlafbunn erlabe kéinten – dobäi soll d'ISS och iwwer d'Joer 2016 eraus ugeflunn a finanziell ënnerstëtzt ginn. Donieft sollen an Zukunft net nëmmen d'NASA, mä och privat Entreprisë Raumschëffer entwéckelen.

Bemannte Fluch mat Landung um Mars[änneren | Quelltext änneren]

Amplaz vun enger Moundbasis plangt d'NASA e bemannte Fluch op de Planéit Mars. Als Zäitfënster gëtt d'Joer 2035 vun der NASA uginn. Dat neit bemannt Raumgefier Multi-Purpose Crew Vehicle (MPCV) soll op Zeechnunge baséieren, déi ufanks fir d'Orion-Kapsel-System fir d'Moundbasis virgesi waren. Zu deem Zweck hat d'NASA de 14. September 2011 ugekënnegt, dat neit, Drosystem Space Launch System (SLS) ze gebrauchen, dat deelweis op Technologië vum Space Shuttle zeréckgräift, an dat an der Lag soll sinn, bemannt Flich op de Mars wéi och bei äerdno Asteroiden z'erméiglechen.[2]

Lëscht vun den NASA-Administrateuren[änneren | Quelltext änneren]

  1. T. Keith Glennan (1958–1961)
  2. James Webb (1961–1968)
  3. Thomas O. Paine (1969–1970)
  4. James C. Fletcher (1971–1977)
  5. Robert A. Frosch (1977–1981)
  6. James M. Beggs (1981–1985)
  7. James C. Fletcher (1986–1989)
  8. Richard Truly (1989–1992)
  9. Daniel Goldin (1992–2001)
  10. Sean O’Keefe (2001–2005)
  11. Michael Griffin (2005–2009)
  12. Charles Frank Bolden (zanter 2009)

Nodeem de Michael Griffin nom Presidentewiessel säi Récktrëtt fir den 20. Januar 2009 erkläert hat a seng Stellvertriederin Shana Dale schonn de 17. Januar ausgescheet war, hat d'NASA kuerzzäiteg keen Administrateur. Den designéierten Nofollger vum Griffin, de véierfache Space-Shuttle-Astronaut Charles Frank Bolden, gouf eréischt de 15. Juli 2009 vum Senat als neie Leeder bestätegt. Stellvertriederin gouf d'Lori Garver, déi virdru Beroderin vum President Obama a Saache Weltraumpolitik war.[3]

Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Organisatiounsstruktur vun der NASA (Stand 2015)

D'NASA besteet aus enger Rei vun Ariichtungen. Dozou gehéieren:

Ugegliddert Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängeg NASA-Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Bemannt Raumfaartprogrammer vun der NASA[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Space Shuttle[änneren | Quelltext änneren]

D'NASA ass déi eenzeg Administratioun op der Welt déi et fäerdegbruecht huet Mënsche mat engem Space Shuttle an de Weltraum ze schéissen. Sou huet d'NASA am Ganzen 135 sougenannt "Space Transporter System" Missiounen (STS) gemaach. D'STS-135 am Juli 2011war déi lescht dovun. No där Missioun goufen d'Shuttelen "Atlantis", "Endavour" an "Discovery" ausgemustert an a Muséeën ausgestallt.

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NASA – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) www.nasa.gov About —People — Charles F. Bolden, Jr., NASA Administrator. Ofgeruff den 12. Juni 2010.
  2. n-tv:Neues Fahrzeug für Reisen ins tiefe All
  3. Obama picks ex-astronaut to lead NASA, MSNBC vum 24. Mee 2009