Ames Research Center

Vu Wikipedia
Kaart vum Fuerschungszentrum
Loftbild

Den Ames Research Center (ARC) ass e Fuerschungszentrum vun der NASA mat ronn 3000 Beschäftegten, dovun d'Hallschent vun der NASA selwer.

E steet zu Moffett Field a Kalifornien op der Grenz mat de Stied Mountain View a Sunnyvale. De Fuerschungszentrum gouf den 20. Dezember 1939 als zweete Laboratoire vum National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) gegrënnt. Grënnungsmember vum NASA-Virgänger war den amerikanesche Physiker a spéidere President vun der Johns Hopkins University, Joseph S. Ames. Him zu Éiere krut d'Fuerschungsplaz ufanks d'Bezeechnung Ames Aeronautical Laboratory. Mat der Grënnung vun der US-Raumfaartagentur am Joer 1958 gouf den Ames an d'NASA integréiert an ass haut ee vun de baussenzegen Zentren e sougenannte Field Center.

Zu den Haaptaufgabe vum ARC zielt d'Grondlagefuerschung am Beräich Loftfaarttechnik. Ames hat de gréisste Wandkanal vun der Welt, bis en 2003 ausser Déngscht gestallt gouf. Do steet och de Supercomputer "Pleiades", deen am TOP500 Ranking am Juni 2011 als siwentséierste Computer vun der Welt opgelëscht gouf.[1]

Ausserdeem war den Ames Research Center fir d'Pioneer-Raumsonde vun der NASA zoustänneg.

Den Ames Research Center bedreift mat dem AILS och e Billerarchiv an deem Molereien, Graphiken a Fotoe sinn.

Weider Fuerschungszentre vun der NASA sinn den Dryde Flight Research Center, de Glenn Research Center an de Langley Research Center.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ames Research Center – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2011-06-23. Gekuckt de(n) 2013-04-20.