National Advisory Committee for Aeronautics

Vu Wikipedia
De Logo vun der NACA
Double-Deacon Versuchsrakéit mam RM-10-Modell op Wallops Island de 6. Februar 1951.

Den National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) war eng staatlech US-amerikanesch Organisatioun, déi sech mat der Grondlagefuerschung an der Loftfaart beschäftegt huet. E war een direkte Virgänger vun der spéiderer NASA. Den 3. Mäerz 1915 gouf e gegrënnt. E sollt d'Innovatiounen um Fliger- an Undriffsbau koordinéieren an op eng wëssenschaftlech Grondlag stellen. D'Erkenntnesser goufen der amerikanescher Loftfaartindustrie zur Dispositioun gestallt.[1]

Déi bekanntst Entwécklungen, déi op d'NACA-Fuerschungen zeréckginn, sinn optiméiert Droflächeprofiler (NACA-Profiler), d'Aféiere vun de Riedergesteller, déi eragezunn konnte ginn, nei Rompforme fir Iwwerschallflich, lues Straldreifwierkstechnik a virun allem eng aerodynamesch Stäremotorverkleedung (d'NACA-Hauf).

D'NACA hat dräi national Laboratoiren déi zesumme mat der US Air Force an der Fligerindustrie geschafft hunn. Den éischte Wandkanal vun der NACA goung am Juni 1920 a Betrib. Et war eng relativ einfach Anlag an d'Resultater waren net besonnesch gutt. Am Mäerz 1923 gouf der VDT (Variable Density Tunnel) a Betrib geholl, weltwäit den éischte Wandkanal, dee mat verschiddene Loftdichte geschafft huet. Mëtt vun den 1940er Jore konnt den éischten Héichvitesswandkanal am Langley Research Center a Betrib geholl ginn. An Ufank vun den 1950er Jore gouf deen als éischten Iwwerschallwandkanal ausgebaut.

An den Nokrichsjoren huet d'NACA mat Interessi d'Experimenter mat Rakéitemotoren op Wallops Island, Virginia observéiert.

Geneesou goufen d'V2-Teststarter zu White Sands, New Mexico vun den „Paperclip Boys“ ëm de Wernher von Braun begleet. Och déi Resultater, beispillsweis d'Ophëtze vum Rakéitekierper, goufen nëmmen am Zesummenhang mam Fligerbau diskutéiert an ausgewäert.

Vun 1947 bis 1958 war den Hugh L. Dryden Direkter vun der NACA.

Mam National Aeronautics and Space Act vun 1958 goung d'NACA an d'NASA iwwer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA: The NACA Centenary: A Symposium on 100 Years of Aerospace Research and Development, 10. Juli 2014