A4 (Rakéit)

Vu Wikipedia
V2-Nobau am Historesch-techneschen Informatiounszentrum zu Peenemünde

D'Aggregat 4 (A4) war déi éischt voll funktiounsfäeg Groussrakéit.

Si ass besser bekannt ënner dem Numm V2, Vergeltungswaffe 2, deen den däitsche Propagandaminister Joseph Goebbels hir am Oktober 1944 ginn hat. Et war eng sougenannt ballistesch Artillerie-Rakéit, haut géif ee soen eng Buedem-Buedem Rakéit, a si war fir déi Zäit eng Rakéit, déi ganz wäit fléie konnt a gouf um Enn vum Zweete Weltkrich a grousser Zuel agesat.

Si gëllt als deen éischten, vum Mënsch gebaute Fluchkierper, deen d'Grenz vum Weltraum erreecht huet.

Déi éischt V2 gouf an eiser belscher Noperschaft den 8. September 1944 zu Sterpigny um Lieu-dit â Beûlèu bei Gouvy ofgeschoss mat Zil op Paräis. Si ass zu Maisons-Alfort bei Paräis ageschloen. Et gouf sechs Doudeger an ëm déi drësseg Blesséiert. Am Nomëtteg vum selwechten Dag goufe bei Den Haag e puer V2 an Direktioun London ofgeschoss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brian Ford, German Secret Weapons: Blueprint for Mars; London/New York (Pan/Ballantine), 1969; däitsch Iwwersetzung: Die deutschen Geheimwaffen; Rastatt (Moewig); 1981 (3. Oplo, 1996).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: A4 (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien