Rakéit

Vu Wikipedia
Start der Saturn V mat Apollo 8 un der Spëtzt
Pershing II
Start vum Space Shuttle Atlantis
Sojus-FG mat bemanntem Raumschëff Sojus TMA-5
Ariane 42P

Eng Rakéit (vun der italieenescher Sprooch rocchettaSpëndel“) ass e Fluchkierper mat Réckstoussundriff (Rakéitenundriff), dee vu senger Ëmgéigend onofhängeg ass an dofir och am lofteidele Raum d'Vitess vergréissere kann. Rakéiten, déi eng grouss Eegesteierung hunn an z. B. beweeglechen Ziler noginn, ginn och als Lenkfluchkierper bezeechent. Am Géigesaz zu Geschosser hu Rakéite laang Vitessphasen. Wéinst der doduerch däitlech manner staarker Belaaschtung kann d'Struktur vun der Rakéit liicht gehale ginn.

Bei Rakéiten reechen d'Gréisstenuerdnunge vu Feierwierksrakéite bis hin zu der riseger Energija oder der Saturn V, déi am Apollo-Programm beim bemannte Fluch op den Äerdmound agesat gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischten iwwerliwwerte Rakéitestart war am Joer 1232 am Keeserräich China. Am Krich géint d'Mongolen hunn d'Chinesen an der Schluecht vu Kaifeng eng Aart Rakéit agesat: Dobäi hu si vill einfach, mat Schwaarzpolver ugedriwwe Geschosser op d'Ugräifer ofgeschoss. D'Rakéite sollte manner de Géigner verletzen, wéi déi feindlech Päerd erféieren. An Europa war den éischten dokumentéierte Start vun enger Rakéit am Joer 1555 am siwebiergeschen Hermannstadt. De Fluchkierper hat schonn en Dräistufenundriffsystem.

1804 mécht den Englänner William Congreve mat der vun him entwéckelter a spéider no him benannter Rakéitewaff, eng Aart Brandrakéit, éischt grouss Versich; d'Waff gouf 1806 bei Boulogne, 1807 beim Bombardement vu Kopenhagen, 1809 beim Ugrëff op déi franséisch Flott bei der Île d'Aix a beim Beschoss vu Vlissingen an 1813/1814 viru Glückstadt agesat. Wärend de Befreiungskricher hunn d'Englänner hiren Alliéierte Rakéitebatterien, déi 1813 bei de Belagerunge vu Wittenberg an Danzeg souwéi an der Vëlkerschluecht vu Leipzig zum Asaz koumen. Rakéite vom Congreve goufen och am Krich vun 1812 géint d'Amerikaner agesat.

No geneeëm Studium vun den englesche Rakéitewaffen huet den éisträichesche Freiherr Vincenz von Augustin déi nei Waff fir d'éisträichesch Arméi agefouert. Den Augustin war vun 1814 un de Chef vun der Krichsrakéitenanstalt an hat bis 1838 de Kommando vum, an der éisträichescher Artillerie, neigegrënnte Rakéitekorps an der Wiener Neustadt.

Kuckt och: Geschicht vun der Raumfaart

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

All Rakéit besteet aus dëse Baugruppen:

D'Baugruppen ginn duerch de Mantel zesummegehalen. Dobäi kënnen eenzel Baugruppen och méi dacks virkommen (Méistuferakéit).

Dreifwierk[änneren | Quelltext änneren]

Fir eegestartfäeg Fluchkierper gi wéinst der héijer Vitess déi soll erreecht ginn, cheemesch Rakéitendreifwierker gebraucht. Schonn erprouft Kärenergie-Rakéitendreifwierker goufen aus Sécherheets- an Ëmweltschutzgrënn net agesat. Elektresch Rakéitendreifwierker funktionéieren nëmmen am Vakuum a ginn nëmme fir scho gestart Raumsonden a Satellitte gebraucht (Ionenundriff).

Steier a Lenkariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Ongelenkt Rakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Ongelenkt Rakéite ginn duerch den Ofschosswénkel ausgeriicht a wärend dem Fluch nëmmen aerodynamesch stabiliséiert. Dëst geschitt duerch Drall, engem Stabiliséierungsstaf oder duerch Leetwierker, woubäi och Leetwierket een Drall maache kënnen. D'Leetwierker sinn dobäi ëmmer um ënneschten Enn vun der Rakéit, hanner dem Schwéierpunkt.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Gesteiert Rakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Gesteiert Rakéiten ënnerleie wärend dem Fluch enger Kursiwwerwaachung an hunn d'Méiglechkeet, de Kurs ze korrigéieren. Dobäi kann d'Kurskorrektioun autonom oder duerch eng wéi och ëmmer eege Leetstatioun geschéien.

D'Kurskorrektioun gëtt meeschtens duerch e Raumlag iwwerwaachend Kreeselsystem ageleet, och inertiales Navigatiounssystem genannt. Et gëtt haut z. B. duerch GPS-Steierung ergänzt. Dëst kann duerch follgend Steierglidder geschéien:

  • Leetwierker wierken op d'Loft ronderëm a kënnen domat bei Flich an der Atmosphär och no Brennenn benotzt ginn.
  • Stralruder wierken direkt am ausgestoussenen Gasstroum.
  • Schwenkbar Expansiounsdüsen, oder gas-dynamic-steering.
  • Steierdreifwierker, déi säitlech vun der Längsachs wierken.

Am militäresche Beräich gi gesteiert Rakéiten als Fluchkierper bezeechent.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Rakéitemantel[änneren | Quelltext änneren]

De Mantel vun de Rakéite muss wéinst dem Dreifstoff an der Notzlaascht méiglechst liicht sinn. Fir wéineg Offall matzeféiere gëtt nëmmen eng gewëssen Dreifstoffmengt matgefouert. Dofir gi bei gréissere Rakéiten, méistufeg Rakéite gebaut, d. h. no Brennenn vun enger Stuf gëtt dës ofgetrennt an déi nächst Stuf gëtt gezünd. D'Oftrennung geschitt meeschtens duerch Ofsprengen (Pyrobolzen), kann awer och duwrch Zündung vun der nächster Stuf geschéien.

Fir Flich an der Atmosphär muss de Mantel aerodynamesch gebaut sinn, weider kann et zu thermesche Belaaschtungen duerch Loftreiwung kommen.

Bei verschidde Rakéiten, wéi der amerikanescher Atlas-Rakéit, gëtt de Mantel duerch een Iwwerdrock an der Rakéit gehalen.

Dro- an Héichtefuerschungsrakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Rakéitenaccidenter[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn et bei der Entwécklung an Erprouwung vun de Rakéite vill Explosiounen gouf, waren et awer nëmme wéinwg Accidenter mat Persouneschued, well an der Reegel streng op Sécherheet gekuckt ginn ass.

Déidlech Rakéitenaccidenter mat Affer um Buedem[änneren | Quelltext änneren]

Datum Onglécksplaz Zuel vun Doudeger Aart vun Accident
17. Mee 1930 Berlin, Däitschland 1 Max Valier stierft bei enger Brennkummerexplosioun.
10. Oktober 1933 Däitschland 3 Explosioun an der Wierkstat vum Reinhold Tiling.
16. Juli 1934 Kummersdorf, Däitschland 3 Dreifwierksexplosioun bei Buedemtest.
1944 ? Tucheler Heide, Polen ? Bei engem Versuchsstart stierzt eng A4-Rakéit an e Schützengruew, an deem Persoune sinn – en ettlech Doudeger.
28. August 1944 KZ-Niewelager Redl-Zipf 24 Explosioun vun engem A4-Versuchsdreifwierk op dem Rakéitepréifstand „Schlier“. Ënner den Doudegen ass och d'Rakéitentechnikerin Ilse Oberth, d'Meedche vum Hermann Oberth.
24. Oktober 1960 Baikonur, Kasachstan iwwer 126 Explosioun vun enger R-16 op der Startramp.
14. Abrëll 1964 Cape Canaveral, USA 3 Rakéit zünd am Montageraum.
7. Mee 1964 Braunlage, Däitschland 3 Bei der Virféierung vu Postrakéite vum Gerhard Zucker explodéiert eng Rakéit kuerz no dem Start, Stécker vun der Rakéit treffen d'Leit, déi nokucken.
14. Dezember 1966 Baikonur, Kasachstan 1 (?) Feelstart vun engem onbemannte Sojus-Raumschëff. De Rettungstuerm setzt d'Rakéit a Brand, déi doropshin explodéiert.
26. Juni 1973 Plessezk, Sowjetunioun 9 Explosioun vun enger Kosmos-3M op der Startramp.
18. Mäerz 1980 Plessezk, Sowjetunioun 48 Explosioun vun enger Wostok-2M op der Startramp.
14. Februar 1996 Xichang, China 6 Ofstuerz vun enger LM-3B-Rakéit kuerz no dem Start an een Duerf an der Ëmgéigend.
15. Oktober 2002 Plessezk, Russland 1 Explosioun beim Start vun enger Sojusrakéit.
22. August 2003 Alcantara, Brasilien 21 Explosioun vun enger VLS-1-Rakéit op der Startramp.

Déidlech Rakéitenaccidenter bei bemannten Flich an der Raumfaart[änneren | Quelltext änneren]

Datum Fluchkierper Zuel vun Affer Aart vun Accident
1. Mäerz 1945 Bachem Ba 349 Natter 1 Ofstuerz no dem Start. Éischte bemannte Rakéitefluch iwwerhaapt. Pilot: OLT Lothar Sieber. Eng Starthëllefsrakéit konnt net ofgeworf ginn, wat bei dem uschléissendem Manöver d'Ausléise vum Bremsfallschierm verhënnert huet.
28. Januar 1986 STS-51-L (Challenger) 7 Explosioun kuerz no dem Start. Ofgasen aus enger ondichter Starthëllefsrakéit waren Ursaach vun der Explosioun vum Haaptdreifstofftank.
1. Februar 2003 STS-107 (Columbia) 7 Auseneenbrieche vum Shuttle beim Antrëtt an Äerdatmosphär. Ursaach war een Defekt um Hëtzschëld vum Shuttle, ervirgeruff duerch Isolotiounsdeeler déi beim Start erofgefall waren, an de Schutzmantel beschiedegt haten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Volkhard Bode, Gerhard Kaiser: Raketenspuren. Peenemünde 1936-1996 - Eng historesch Reportage mat aktuelle Fotoen. Christoph Links Verlag - LinksDruck GmbH, Berlin 1996, ISBN 3-86153-112-7
  • Gerhard Reisig: Raketenforschung in Deutschland. Wie die Menschen das All eroberten. Agentur Klaus Lenser, Münster 1997, ISBN 3-89019-500-8
  • Michael J. Neufeld: Die Rakete und das Reich. Wernher von Braun, Peenemünde und der Beginn des Raketenzeitalters. Henschel Verlag, Berlin 1999, ISBN 3-89487-325-6
  • Harald Lutz: Die vergessenen Raketenexperimente von Cuxhaven. Sterne und Weltraum 44(3), S. 40 - 45 (2005)
  • Werding... "So flogen schon die Pharaonen", ISBN 3-9800989-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rakéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien