Op den Inhalt sprangen

Vega (Rakéit)

Vu Wikipedia
D'Vega
Iwwersiichtsplang mat Startramp vun der Vega

D'Vega (Vettore Europeo di Generazione Avanzata „Avancéiert Generatioun vun enger europäescher Drorakéit“) ass eng europäesch véierstufeg Drorakéit fir kleng Satellitten, déi am Optrag vun der Europäescher Weltraumorganisatioun zanter 1998 entwéckelt gouf an hiren éischte Fluch den 13. Februar 2012 erfollegräich absolvéiert hat. Si ass déi klengst europäesch Drorakéit a soll bis zu 2,5 Tonne an eng äerdno Ëmlafbunn bréngen.

Entwécklung a Verkaf

[änneren | Quelltext änneren]

D'Vega ergänzt als liicht Drorakéit déi mëttelschwéier russesch Sojus an déi schwéier Ariane 5, déi allen zwou och zu Kourou starten. Wéinst hirer einfacher Bauweis als Feststoffrakéit erhofft ee sech eng méi héich Zouverlässegkeet an eng drastesch Reduzéierung vun de Startkäschten op ënner 20 Milliounen Euro. Un der Vega sinn am Ganze siwen Natioune bedeelegt: Italien (65 %), Frankräich (12,43 %), Belsch (5,63 %), Spuenien (5 %), Holland (NSO, 3,5 %), d'Schwäiz (EKWF, 1,34 %) a Schweden (0,8 %). Däitschland war bei der Entwécklung net bedeelegt, well den DLR kee Maart fir eng neie Drorakéit gesinn hat an op déi disponibel russesch Dréier higewisen hat. Nodeem deenen hir Startpräisser staark geklomme waren, huet Däitschland virum éischte Fluch ugekënnegt, sech bei enger Weiderentwécklung ze bedeelegen. An de leschte Jore goufen dofir am DLR-Institut SART ënner der Bezeechnung VENUS I+II Studie gemaach.[1]

D'Vega gëtt vun der Arianespace vermaart. Well bis elo déi véiert Stuf vu russesche respektiv ukrainesche Fabrikante geliwwert gëtt, huet den DLR bei Airbus Defence and Space eng Studie fir eng méiglech nei véiert Stuf aus Däitschland an Optrag ginn. Den ESA-Entwécklungsprogramm VERTA (Vega Research and Technology Accompaniment) ënnerstëtzt déi éischt fënnef Flich vun der Vega. Ufanks huet och de Start vum ADM-Aeolus dozou gehéiert.

D'Entwécklung vun der Rakéit gouf vun der italieenescher Raumfaartagentur ASI an der italieenescher Raumfaartindustrie als nationaalt Konzept gestart an 1998 mat Hëllef vum deemolegen ESA-Generaldirekter Antonio Rodotà en ESA-Projet. E Prototyp vum P80-Dreifwierk gouf de 4. Dezember 2007 zu Kourou erfollegräich getest an huet dobäi iwwer 111 Sekonnen e Schub vun 190 Tonne geliwwert. Den 28. Abrëll 2009 war de leschten zweeten Test vum Vega-Rakéitemotor vun der drëtter Vegastuf am italieenesche Salto di Quirra. Enn 2004 gouf mam Ëmbau vun der Startramp ELA-1 ugefaangen, fir vun där elo ELV (l'Ensemble de Lancement Vega) genannter Startramp aus d'Vega starte ze kënnen. Den éischte Start vun der Rakéit war den 13. Februar 2012. D'Notzlaascht bestoung aus dem 390 kg schwéiere Satellit LARES an aacht Klengstsatellitten (12,5 kg a siwemol ronn 1 kg).

Modell vun der Vega C bei der Paräisser Loftfaartsalon am Juni 2015.

D'Rakéiet ass drësseg Meter héich, bei engem maximalen Duerchmiesser vun dräi Meter, enger Startmass vun 137 Tonnen an engem Startschub vun 2.700 Kilonewton. Dat héicht Schub-zu-Gewiicht-Verhältnes bewierkt eng am Verglach zu aneren Dréier opfälleg héich Acceleratioun.

Déi dräi ënnescht Rakéitestufe gi mat festem Dreifstoff bedriwwen, den Undriff gouf op Basis vun de Feststoffboosteren vun der Ariane 5 weiderentwéckelt. Sou gouf duerch d'Bauweis mat Faserverbondmaterial vill Mass agespuert. D'Stufen schaffe mat méi héijem Brennkummerdrock an d'Düse ginn elektromechanesch amplaz hydraulesch beweegt. Déi dobäi gewonnen technologesch Erkenntnesser waren de Grond, woufir Frankräich no ufänglechem Ausschloss vun der Vega sech awer un der Drorakéit bedeelegt huet. Geplangt war och eemol, d'Technologie vun der éischter Stuf op d'Ariane-5-Booster ze iwwerdroen, fir d'Notzlaascht ze vergréisseren an d'Fabrikatiounskäschten erofzesetzen.[2]

Déi véiert Stuf ass mat engem Dreifwierk fir Flëssegdreifstoff ekipéiert. D'Dreifwierk mam Numm VG 143 baséiert um ukraineschen RD 869, dat fir d'R-36M entwéckelt gouf. 2008 gouf dat éischt Exemplar un Avio ausgeliwwert.[3] Et léisst sech méi dacks zünden a placéiert d'Notzlaascht op de richtegen Orbit. D'Technologie vun der Notzlaaschtverkleedung, déi nom Verloosse vun den dichten Atmosphärschichten ofgeworf gëtt, berout och op där vun der Ariane 5.

Versioun Éischt Stuf Zweet Stuf Drëtt Stuf Véiert Stuf
Dreifwierk P80 Zefiro 23 Zefiro 9 AVUM
Typ Feststoff Feststoff Feststoff Flësseg
Héicht 10,5 m 7,5 m 3,85 m 1,74 m
Duerchmiesser 3 m 1,9 m 1,9 m 1,9 m
Dreifstoffgréisst 88 t 23,9 t 10,1 t 0,55 t
Schub (max) 3040 kN 1200 kN 213 kN 2,45 kN
Entspanungsverhältnes (Nozzle expansion ratio) 16 25 56
Brenndauer 107 s 71,6 s 117 s 315,2 s

Déi weider Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

VEGA C - Vega Consolidated

[änneren | Quelltext änneren]

D'P120-Dreifwierk soll d'P80 als éischt Stuf ersetzen.

VEGA E - Vega Evolution

[änneren | Quelltext änneren]

D'P120 als éischt Stuf amplaz vum P80, d'Zefiro 40 als zweet Stuf ersetzt d'Zefiro-23-Dreifwierk an déi drëtt a lescht Stuf, d'kryogen Uewerstuf MYRA ersetzt déi béid Stufen Zefiro 9 an AVUM.

Portal Astronomie

Commons: Vega (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Bernd Leitenberger: Die Vega S.85-90
  2. Bernd Leitenberger: Die Vega S.13-29
  3. FliegerRevue Mai 2010, S.42-46, Raketen vom Dnepr - Raumfahrtmacht Ukraine