13. Februar
Ausgesinn
<< | Februar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | |||
2024 |
Den 13. Februar ass de 44. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1790: Frankräich: D'Klouschteruerde ginn ofgeschaaft.
- 1800: Kreatioun vun der Banque de France.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1927: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lyon géint Frankräich a verléiert 2:5. Déi 2 Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Pierre Weisgerber geschoss.[1]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Hesper 0:0 géint Albanien.[2]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Marie vun der Bourgogne
-
John Hunter
-
Wilhelm Voigt
-
Robert H. Jackson
-
Kim Novak
-
Peter Gabriel
- 1457: Marie vun der Bourgogne, Herzogin vun der Bourgogne.
- 1728: John Hunter, schotteschen Anatom, Grënner vun der wëssenschaftlecher Chirurgie.
- 1834: Hugo Erfurt, Erfinder vun der Raufasertapéit.
- 1849: Wilhelm Voigt, däitsche Schouster, bekannt als Hauptmann von Köpenick.
- 1852: Johan Ludvig Emil Dreyer, däneschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.
- 1892: Robert H. Jackson, US-amerikanesche federale Procureur, Riichter um Ieweschte Geriicht, Haaptukléier bei den Nürnberger Prozesser.
- 1901: Jean Welter, lëtzebuergesche Boxer.
- 1901: Hubert Croharé, franséischen Offizéier a Resistenzler.
- 1912: Tony Bourg, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturwëssenschaftler.
- 1917: Alain Poiré, franséische Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1919: Jean Igel, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1921: Madeleine Weis-Bauler, lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.
- 1921: Jhemp Bertrand, lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker.
- 1923ː Chuck Yeager, US-amerikaneschen Testpilot a Generol.
- 1928: André Conrardy, lëtzebuergesche Kanut.
- 1933: Kim Novak, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1933: Mario Caiano, italieenesche Filmregisseur.
- 1933: Emanuel Ungaro, franséische Moudendesigner.
- 1934: George Segal, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1937: Sigmund Jähn, däitsche Kosmonaut.
- 1938: Oliver Reed, brittesche Schauspiller.
- 1939: Raymond Bley, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1944: Stockard Channing, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1945: Carlo Sunnen, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
- 1948: Sam Garbarski, belsche Filmregisseur.
- 1950: Ewa Aulin, schweedesch Schauspillerin.
- 1950: Peter Gabriel, brittesche Museker.
- 1952: Serge Urbany, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1954: Martine Deny, lëtzebuergesch Molerin a Videastin.
- 1972: Manou Schauls, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1974: Robbie Williams, brittesche Museker.
- 1992: Jimmy Hoffmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1130: Honorius II., Poopst.
- 1879: Pierre Becker, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1883: Richard Wagner, däitsche Komponist.
- 1887: Nicolas Adames, lëtzebuergesche Geeschtlechen, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.
- 1895: Edouard Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1904: Emile Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur a Schmelzhär.
- 1924: Georges Weyer, lëtzebuergeschen Turlatäinspiller.
- 1941: Eugène Mousset, lëtzebuergesche Moler.
- 1961: Arthur Ripley, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1963: Robert Theissen, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1971: Seth Holt, brittesche Filmregisseur.
- 1991: Paul Leuck, lëtzebuergesche Journalist.
- 1996: Martin Balsam, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2003: Walt Whitman Rostow, US-amerikaneschen Historiker an Ekonomist.
- 2004: François Tavenas, franco-kanadesche Professer an éischte Rekter vun der Université du Luxembourg.
- 2005: Lúcia dos Santos, portugisesch Nonn an, no eegenen Aussoen, Zeie vu Marienerscheinungen zu Fátima.
- 2005: Sixten Ehrling, schweedeschen Dirigent
- 2008: Henri Salvador, franséische Sänger.
- 2009: Gianna Maria Canale, italieenesch Filmschauspillerin.
- 2011: Norbert Hoffmann, lëtzebuergesche Komponist.
- 2011: Louis Grisius, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 2012: Sophie Desmarets, franséisch Schauspillerin.
- 2013: Georges Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 2018: Prënz Henrik vun Dänemark
- 2019: Marisa Solinas, italieenesch Schauspillerin a Sängerin.
- 2024: Johanna von Koczian, däitsch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 13. Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |