Carlo Sunnen

Vu Wikipedia
Carlo Sunnen
Gebuer 13. Februar 1945
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Oktober 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Jongelycée vun Esch
Aktivitéit Philosoph, Schrëftsteller, Enseignant

De Carlo Sunnen, gebuer den 13. Februar 1945 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 10. Oktober 2018[1], war e lëtzebuergesche Philosoph, Lycéesprofesser an Auteur[2].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Carlo Sunnen ass zu Esch-Uelzecht opgewuess, wou hien 1964 de Premièresexamen am LGE gemaach huet. Seng Universitéitsstudien huet hien am Hierscht 1964 op der medezinescher Sektioun vun de Cours supérieurs vu Lëtzebuerg (ieweschte Cours) ugefaangen, d'Joer drop huet hien awer op déi literaresch Sektioun (ënneschte Cours) gewiesselt. Am Laf vu senge Studien, déi hie vu Lëtzebuerg op Montpellier, Paräis, Nanzeg an Nottingham geféiert hunn, huet hie sech op Philosophie an Anglistik spezialiséiert. Vun 1972 bis 2010 huet hien déi Fächer enseignéiert, fir d'éischt am LGL an dono an der École de commerce et de gestion.

De Carlo Sunnen huet virun allem philosophesch Wierker publizéiert. En huet sech awer och intensiv mat der Geschicht vun der Navigatioun am Lëtzebuerger Land befaasst. Hien huet Artikelen am Lëtzebuerger Journal, dem Lëtzebuerger Land, der Warte, der Récré an an der Hémecht publizéiert.

De Carlo Sunnen war de Fils vum Escher Chirurg Raymond Sunnen (1916-1997)[3].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Philosophie[änneren | Quelltext änneren]

  • Il y a 100 ans, Ludwig Wittgenstein termina le «Tractatus Logico-Philosophicus». Die Warte, Luxembourg, année [70](2018), N° 27 = N° 2591 (11. Oktober), S. 6-7.
  • La philosophie luxembourgeoise: Sur les conditions de réalité d'une «production» culturelle «nationale» au service du «Nation Branding». Luxembourg, C. Sunnen, 2018, 66 S.
  • La philosophie luxembourgeoise: Une «production» culturelle «nationale» au service du «Nation Branding». Lëtzebuerger Journal, Jg. 71, Nr. 13 (16.01.2018), S. 20-21; d'Lëtzebuerger Land, Luxembourg, Jg. 64, Nr. 51 (22.12.2017), S. 22-23.
  • „... Also Erlebnis als solches ist nicht schon Erkenntnis...”: zu Pierre Frieden's „Der Erkenntnisbegriff des Pragmatismus” (Prolegomenon zu einer künftigen Luxemburger Philosophie). Die Warte, Luxembourg, année [69](2017), N° 6 = N° 2535 (16. Februar), S. 8-9.
  • Tractatus philosophico-politicus = Philosophisch-politische Abhandlung. Luxembourg, C. Sunnen, 2014, 385 S.
  • Der Tod. Luxembourg, C. Sunnen, 2007, 61 S.
  • Rom@n. 2. durchgesehene Aufl. Luxembourg, C. Sunnen, 2005, 72 S.
  • Das Urevangelium: Eine frohe Botschaft. 2. Verb. und erw. Aufl. Luxembourg, C. Sunnen, 2002, 94 S.
  • €thica Laïc@: Eine philosophische Untersuchung. Luxemburg, C. Sunnen, 2000, 103 S.
  • Apologie du solipsisme. In: Études sur la philosophie de Jules Prussen. Luxembourg, 1989, S. 88-117 (Publications du Centre universitaire de Luxembourg, département des lettres et des sciences humaines) (Courrier de l'Éducation nationale).
  • Das Neue Universum. Ré-création: magazine culturel de l'APESS, Diekirch 3(1987), S. 195-212.

Navigatioun an Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

  • «Des trains propices vous ramèneront le soir au lieu du départ ...»: Le tourisme ferro-fluvial luxembourgeois de 1880 à 1930 – Essai de reconstruction historique, économique, sociale et culturelle. Lëtzebuerger Journal Jg. 69, Nr. 83 (08.04.2016), S. 20-21
  • Comment le seigneur de Bofferdange s'y prit – Le tourisme en Luxembourg de Marcel Noppeney: Déjà en 1935 un grand écrivain luxembourgeois fit du nation-branding à sa façon. Die Warte, Luxembourg, année [68](2016), N° 25 = N° 2518 (29. September), S. 2-4.
  • Ein beeindruckendes Lebenswerk: Willy Bauman (1896-1984) – Pionier des Moseltourismus und Europaschiffbauer. Die Warte, Luxembourg, année [64](2012), n° 3 = n° 2353 (19. Januar), S. 12-15.
  • Vorindustrieller Schiffbau in Luxemburg. Hémecht, 62 (1) (2010), S. 71-144.
  • Bis 1910 Schiffsbau in Echternach – Von 1650 an vorindustrielle Fertigung von Holzschiffen in der Abteistadt: Zur Geschichte der Industriekultur Luxemburgs. Die Warte, Luxembourg, année [62](2010), N° 22 = N° 2300 (8. Juli), S. 4-5.
  • Das Willibrord-Schiff – Echternach und die Sauer: Der Vergangenheit eine Zukunft. Die Warte, Luxembourg, année 61(2009), Nr. 35/2277 (10. Dezember 2009), S. 5-6.
  • Holzflößerei auf Mosel, Sauer und Our: Ein Beitrag zur Schiffahrtsgeschichte. Lëtzebuerger Journal, Jg. 58(2005), Nr. 203(20. Oktober), S. 21.

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

  • Tim€: Poems. Luxembourg, C. Sunnen, 2015, 56 S.
  • Das wunderbare Leben – Poetik des Nichts. Luxembourg, C. Sunnen, 2013, 145 f.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2018-10-13, S. 98. [1]
  2. Conter, Claude D.: Carlo Sunnen. In: Luxemburger Autorenlexikon [17.10.2018].
  3. H. Kugener, 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Grossherzogtum [sic] Luxemburg. Luxemburg, Bd. 3, S. 1531.