Lëtzebuerger Journal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Entête vum Journal zanter dem 25.9.2012.

De Lëtzebuerger Journal ass eng liberal Lëtzebuerger Dageszeitung, déi fir d'éischt de 5. Abrëll 1948 (an der deemoleger Schreifweis als Letzeburger Journal) erauskoum.

D'Zeitung gëtt vun den Éditions Lëtzebuerger Journal s.a. erausginn, wou den Norbert Becker President vum Conseil d'administration ass. Gedréckt gëtt se bei der Editpress.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Letzeburger Journal (sou d'Schreifweis vun deemools) goung ervir aus der Obermosel-Zeitung (där hir Nummeréierung en iwwerholl huet) an der Unio'n, an ass Um Ufank zu Gréiwemaacher an der Imprimerie de l'Est gedréckt ginn. D'Iddi zu der Fusioun koum vum deemolege Groupement Patriotique et Démocratique, dem Virleefer vun der DP. D'Redaktere bei der Grënnung waren de Proprietär vun der Obermosel-Zeitung, Paul Faber, säi Fils Erny Faber an den Albert Hoefler.

1961 huet de Jean Peusch d'Partë vun der Famill Faber iwwerholl a vun 1962 un de Journal an der Stater Imprimerie centrale drécke gelooss. 1964 koum de Journal a finanziell Schwieregkeeten, gouf awer duerch eng Kapitalerhéigung nees op d'Schinne gesat.

Den éischten haaptberufflechen Direkter vum Lëtzebuerger Journal war den Henri Koch-Kent, dee virdru beim L'Echo de la Bourse zu Bréissel war. Hie gouf 1959 recrutéiert an huet d'Zeitung 1964, wéi se aus finanzielle Grënn e Mount laang net erauskomme konnt, verlooss. Datselwecht Joer gouf de Jos Anen, deen zanter dem Ufank an der Redaktioun vum Journal war, säi Successeur als Direkter an och Chefredakter. Hie sollt 22 Joer op deem Poste bleiwen. 1986 gouf de Rob Roemen Chefredakter. Zanter 2005 huet de Claude Karger déi Funktioun.

Direkter ass zanter Januar 2014 de Claude Karger.[1] Vun Enn 2011 bis dohi war et de Marc Hansen, virdru war et de Gusty Graas[2].

D'En-tête vum Lëtzebuerger Journal vun 2006(?) bis 2012.

D'Chefredakteren[änneren | Quelltext änneren]

De Journal gëtt vun den Editions Lëtzebuerger Journal s.a. publizéiert.

De 15. Februar 2006 huet de Chefredakter Claude Karger den neie Layout vu senger Zeitung virgestallt. De 25. September 2012 gouf de Layout op en Neits grëndlech iwwerschafft, d'Zeitung inhaltlech nei ausgeriicht an ë. a. en neie Logo a gebrauch geholl.[4]

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Räichwäit[änneren | Quelltext änneren]

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 2,80 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer de Journal gelies. 2006/2007 waren dat der 3,10 %; 2007/2008 3,10 % an 2008/2009 2,60 %[5]. D'Zuel vu Lieser fir d'Period 2009/2010 gëtt mat 13.100 geschat, dat wieren 3,10 %[6][7]. 2010/2011 waren et 2,40 %[8][9]. 2011/2012 sollen et 1,7 % sinn[10].

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 7.900 Leit iwwer 15 Joer de Journal gelies (1,6 % vun der Wunnbevëlkerung).[11]

Pressehëllef[änneren | Quelltext änneren]

2011 huet de Journal 549.047 € staatlech Pressehëllef kritt[12].

Oplo[änneren | Quelltext änneren]

2007 hat de Journal eng Drock-Oplo vu 5.000.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Wechsel an der Spitze des 'Lëtzebuerger Journal'." wort.lu, 27.01.14 14:53.
  2. "Marc Hansen wird Direktor des 'Journal'". wort.lu, 24.10.2011 18:15.
  3. G. Hausemer, 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Editions Binsfeld, Luxembourg, S. 318.
  4. "Lëtzebuerger Journal: déi nei Versioun ass eraus!" RTL.lu - 25.09.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.09.2012, 08:20.
  5. Ministère d'Etat : Rapport d'activité 2009, S.24.
  6. Ministère d'Etat : Rapport d'activité 2010, S. 29.
  7. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  8. Ministère d'Etat : Rapport d'activité 2011, S. 22.
  9. Statistike vum TNS ILRES PLURIMEDIA LUXEMBOURG 2010/2011, S. 2.
  10. Statistike vum TNS ILRES PLURIMEDIA LUXEMBOURG 2011/2012, S. 2.
  11. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  12. Ministère d'Etat : Rapport d'activité 2011, S. 20-21.