Obermosel-Zeitung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Obermosel-Zeitung ass eng lëtzebuergesch Zeitung, déi vum 2. Juli 1881 un erauskomm ass an zu Gréiwemaacher gedréckt gouf.

Si war bekannt fir hir vill Lokalnoriichten. Si hat eng liberal Tendenz. Géint 1884 war se zu Lëtzebuerg, mat enger Oplo vun 10.000 Exemplairen, déi meescht geliesen Zeitung am Land. Si ass bis zum Zweete Weltkrich erauskomm. No der Liberatioun, 1944, ass se nach bis den 3. Abrëll 1948 erschéngen an huet du mat der Zeitung D'Unio'n, d'Organ vun der Unio'n, fusionéiert, eng Fusioun aus där de Lëtzebuerger Journal ervirgaangen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hilgert, Romain: Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service Presse et Information, 2004.
  • Welter, Jean: Die Obermoselzeitung aus Grevenmacher, eine unerschöpfliche Fundgrube für Lokalhistoriker,(Annuaire de l'Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique),1998, p. 103-128.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]