D'Unio'n

Vu Wikipedia

D'Unio'n war eng Dageszeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 10. Oktober 1944 an dem 3. Abrëll 1948 erauskoum.

Si war gläich no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, am September 1944 gegrënnt ginn als Organ vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen, an där sech déi verschidde Resistenzbeweegungen zesummegeschloss haten.

Si war bal ganz a Lëtzebuerger Sprooch.

De 5. Abrëll 1948 ass se mat der Obermosel-Zeitung fusionéiert; den neien Titel war an ass bis haut Letzeburger Journal (haiteg Schreifweis: Lëtzebuerger Journal).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]