Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwer de Krich, kuckt wgl. Zweete Weltkrich.
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg
Een Naziopmarsch an der Stad Lëtzebuerg Um Gruef
Däitsch Propagandaplakater aus der Besatzungszäit

Wéi dat Däitscht Räich den 1. September 1939, nom Uschloss vun Éisträich, no der Annexioun vum Sudeteland a vu Béimen a Mieren, och nach Polen ugegraff huet, ass d'Faass iwwergelaf a Groussbritannien a Frankräich hunn dem Nazidäitschland de Krich erkläert; domat huet den Zweete Weltkrich ugefaangen.

Militäresch Occupatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuerger Raum ass am Ufank net vill geschitt. Wärend der drôle de guerre, déi den 1. September 1939 ugoung, ass et zwar am Dräilännereck, südlech vu Schengen, zu vereenzelten Zesummestéiss vu franséischen an däitsche Patrulle koum, mä dobäi blouf et. Lëtzebuerg huet seng Neutralitéit zum Ausdrock bruecht an d'Pilote vun engem franséische Fliger, dee bei Feelen noutgelant war, wéinst der Lëtzebuerger Neutralitéit an d'Klinick op Ettelbréck ageliwwert an do bewaacht a festgehalen. Gläichzäiteg gouf laanscht d'Lëtzebuerger Grenzen déi sougenannt Schuster-Linn, genannt no hirem Ustëfter, dem Baukondukter Joseph Schuster, gebaut. Dat ware Spären aus Bëtongsbléck mat eise Paarten, déi am Noutfall am Buedem verankert konnte ginn. Si haten den Zweck, e Virmarsch vun der däitscher Wehrmacht ze verhënneren oder wéinstens ze behënneren, allerdéngs hu se net vill genotzt. Den 10. Mee 1940, um 4:35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d'Belsch un. Kuerz virum Ugrëff hunn däitsch Sonderkommandoen an Zivil probéiert fir déi Spären ze sabotéieren (wat hinnen allerdéngs zum groussen Deel net gelongen ass) a fir d'Sprenge vun de Brécken ze verhënneren. D'Wehrmacht begéint net vill Widderstand op Lëtzebuerger Säit. Dat läit zum Deel och dorun, datt d'Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an hirer Kasär um Hellege Geescht bliwwen ass. Militäresch gesinn hätte si souwisou keng Chance gehat.

Den Himmler am September 1940 zu Lëtzebuerg

De Géigeschlag vun de Fransouse kënnt um 8 Auer. Elementer vun der 3. liichter franséischer Kavallerieivisioun (3 DLC), ënnerstëtzt vun der 1. Spahibrigade an der 2. Kompanie vum 5. Panzerbattalioun (5 BCC) kommen duerch de Minett an d'Land a stelle sech den däitschen Truppen entgéint. No e puer klenge Gefechter zéie se sech awer nees hanner d'Maginotlinn zeréck.

Géint den Owend vum 10. Mee ass ganz Lëtzebuerg besat.

Déi ganz Lëtzebuerger Regierung, mat Ausnam vum Minister Nicolas Margue, konnt sech nach an der Nuecht zum 10. Mee no Frankräich an duerno, iwwer Spuenien a Portugal, an England duerchschloen. Och der Groussherzogin Charlotte an hirer Famill ass et an allerleschter Minutt gelongen d'Grenz fir a Frankräich hin ze passéieren. Wéinst de Kampfhandlungen am Süde vum Land huet de ganze Minett missen evakuéiert ginn, een Deel an d'Frankräich an deen aneren Deel, ronn 47 000 Persounen, an den Zenter an an den Norde vu Lëtzebuerg. No Päischten, wéi alles sech berouegt hat an d'franséisch Truppe sech hanner d'Maginotlinn zeréckgezunn haten, konnte si eréischt an den zerstéierte Minett zeréckgoen.

Vum 10. Mee 1940 u war Lëtzebuerg also besat a stoung ënner däitscher Militärverwaltung. Si huet sech op Requisitioune vu Gefierer a Wunnengen an op Moossnamen am Interessi vun der Sécherheet vun den däitschen Truppe beschränkt, mä keng politesch Decisioune geholl.

Ënnerjachung duerch déi däitsch Zivilverwaltung[änneren | Quelltext änneren]

Plakat vum Standgeriicht nom Generalstreik vun 1942

Dat huet sech nom Feldzuch géint Frankräich geännert, wéi de Gauleiter Gustav Simon den 21. Juli 1940 vum Hitler, deem hien direkt ënnerstoung, op Lëtzebuerg als Chef vun der Zivilverwaltung geschéckt gouf. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg sollt agedäitscht an zum Nationalsozialismus bekéiert ginn. Eng sougenannt Volksdeutsche Bewegung (VDB) gouf vun däitscher Säit ënner dem Motto Heim ins Reich an d'Liewe geruff. Un hirer Spëtzt stoung den Damian Kratzenberg, deen no der Liberatioun vu Lëtzebuerg als Verréider higeriicht gouf. E Groussen Drock an Erpressung gouf op d'Awunner gemaach, fir där Beweegung bäizetrieden. Vun der däitscher Zivilverwaltung sinn eng Rei vu Mesurë geholl ginn, déi aussergewéinlech schlëmm Konsequenzen haten an zu Lëtzebuerg an traureger a schmäerzhafter Erënnerung bliwwe sinn, wéi:

Aktiven a passive Widderstand zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

E Monument erënnert zu Wolz un de Generalstreik vun 1942
Fënnef-Frang-Stéck mat der Groussherzogin Charlotte

Vun Ufank un hunn d'Lëtzebuerger sech géint all Terror a Willkür vun den Nazie gewiert. Aus de fréiere Fënnef-Frangstécker hu se de Kapp vun der Groussherzogin Charlotte mat stole Schnëtzelseeën erausgeschnidden an dovu Spéngele gemaach, déi se amplaz vun de VDB-Spéngelen demonstrativ gedroen hunn. Op déi franséisch Berrien, déi d'Jugend ostentativ gedroen huet, hunn déi Däitsch Juegd gemaach an d'Zeeche vun der franséischer Dekadenz, vum Kapp gerass. Den 21. Oktober 1940 ass an der Stad d'Monument vun der Gëlle Fra ëmgerappt ginn. Déi Aktioun huet grousse Protest ausgeléist. D'Gestapo huet 13 Persoune verhaft.

Wéi dunn de Gauleiter vu Lëtzebuerg Gustav Simon den 30. August 1942, déi obligatoresch Wehrpflicht ugekënnegt huet, war d'Faass voll, an et gouf fir d'Lëtzebuerger keen Halt méi. Si hunn op eng hefteg an onzweedäiteg Manéier reagéiert. Lëtzebuerg war dat eenzegt vun de vun Däitschland militäresch besate Länner, wou e Generalstreik ausgeruff gouf. Dat ass den 31. August geschitt fir géint Nazidäitschland ze protestéieren. Zu Wolz ass gestreikt ginn, an dëse Streik huet sech op Dikrech an Ettelbréck ausgedeent. Op de Schmelze gouf d'Sireen gedréckt an eleng op der Schëfflenger Schmelz hunn 200 Aarbechter opgehale mat schaffen. Bis zum 2. September koum et zu enger Ausweidung vum Streik, ënner anerem op d'Schmelze vun Déifferdeng, Diddeleng, d'Minière vun Téiteng a Rëmeleng. D'Studente vun de Kolléischer sinn doheem bliwwen an d'Baueren hunn hir Mëllech net ofgeliwwert, mä ausgeschott.
De Gauleiter Gustav Simon huet dunn haart duerchgegraff, fir d'Situatioun erëm an de Grëff ze kréien. De Belagerungszoustand ass vun him ausgeruff ginn, an 21 Lëtzebuerger sinn zu Hinzert erschoss ginn. Vill anerer goufe festgeholl a koumen a Konzentratiounslageren. Souguer an der alliéierter Press ass deemools vun deem couragéierten, mä bluddeg néiergeschloenen, Streik zu Lëtzebuerg rieds gaangen. A sou wäit war hien nëtzlech, dat hie verhënnert huet, datt, wéi a Loutrengen an am Elsass, nach aner Joergäng an déi däitsch Arméi agezu si ginn. Zu Wolz, dat haart vum uschléissenden Naziterror betraff gouf, erënnert nach haut e Monument un dëse Streik vun 1942.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Resistenz zu Lëtzebuerg.

Juddeverfollgung[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Mee 1940 hunn ongeféier 3700 Judden zu Lëtzebuerg gewunnt. Dräi Joer méi spéit gouf et nëmmen nach ongeféier 20-30 Judden, déi a sougenannte "Mischehen" gelieft hunn. Iwwer d'Hallschent vun der jiddescher Bevëlkerung hat d'Land am Mee 1940 Richtung Frankräich verlooss. An den éischte Méint vun der Besatzung, ënner der Militärverwaltung, gouf déi jiddesch Bevëlkerung net anescht behandelt. Dëst huet sech awer mat der Zivilverwaltung geännert. Eng vun de Prioritéite vum Chef vun der Zivilverwaltung, dem Gustav Simon, war et déi diskriminatoresch Gesetzgebung aus Däitschland zu Lëtzebuerg anzeféieren. Vum 5. September un hunn d'Bestëmmunge vun den Nürnberger Gesetzer och fir déi Judden, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hu gegollt. D'Verordnung betreffend Ordnung des jüdischen Lebens in Luxemburg vum 29. Juli 1941 huet d'Judden net nëmmen aus der Gesellschaft ausgeschloss (z. B. Verbuet fir nach un ëffentleche Manifestatiounen deelzehuelen), mä se huet och éischter wéi an Däitschland een distinktiivt gielt Zeeche fir d'Kleeder agefouert.

Nodeem am September eng Massenausweisung verhënnert konnt ginn, konnte bis Enn 1941 ongeféier 1450 Judden emigréieren. Wéi am Oktober 1941 en Auswanderungsstopp deklaréiert gouf, hunn nach ëmmer ongeféier 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft. Déi meeschtens al oder krank Leit goufen am deemolege Klouschter zu Fünfbrunnen (Cinqfontaines) zesummegefouert. Déi 331 Judden déi de 16. Oktober 1941 op Lodz deportéiert goufen, waren déi éischt déi aus engem besate westeuropäesche Land an den Osten transportéiert goufen. Just 43 vun deene 683 deportéierte Judden hunn iwwerlieft.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg an am Artikel Shoah zu Lëtzebuerg

Liberatioun[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Alliéiert de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren an hinnen de 27. Juli 1944 den Duerchbroch zu Avranches gelonge war, wousst jiddwereen zu Lëtzebuerg, datt d'Liberatioun vum Land nëmme méi eng Fro vun der Zäit wier. Aus Angscht vun den Alliéierten hunn dunn Enn August, Ufank September 1944 déi lescht däitsch Zaldoten, a mat hinnen och déi däitsch Zivilverwaltung d'Land verlooss, fir sech hanner de Westwall a Sécherheet ze bréngen.

Den 10. September 1944 huet dunn d'Klack vun der Liberatioun geschloen. D'Freed, fir endlech vum Nazijach befreit ze sinn, war immens grouss. Se war ëmsou méi grouss, well och de Prënz Jean a säi Papp, de Prënz Felix, an engem amerikanesche Jeep derbäi waren. D'Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sinn aus hire Stoppe komm, eng Miliz huet sech gebilt an huet d'Muecht virleefeg iwwerholl.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.


Nazikollaboratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Nazikollaborateuren, déi sech net aus dem Stëbs gemaach haten, goufe festgeholl an d'Meedercher, déi sech ze vill intim mat den Däitschen agelooss haten, kruten de Kapp geschuer.

D'Lëtzebuerger Nazikollaborateure ginn no der Liberatioun vun der Miliz festgeholl

D'Zuel vun de Lëtzebuerger, déi mat den Nazie kollaboréiert hunn, war staark begrenzt, mä déi déi kollaboréiert hunn, ware meeschtens zu allem bereet. Nom Krich si se dofir och bestrooft ginn.

Mëtt 1945 souze 5101 Lëtzebuerger, 2857 Männer an 2244 Fraen, 1,79 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud verurteelt an am Kasärenhaff erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht verurteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstrofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.

Ausser hirer politescher Aktivitéit hate si sech och fir hir Aktioune géint d'Judden, fir de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéierten a fir d'Bespëtzele vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.

Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Liberatioun vun Ettelbréck no der Ardennenoffensiv, copyright Patton-Musée

D'Ardennenoffensiv war dat schroost, wat Lëtzebuerg jee erlieft huet. Keen hat nämlech erwaart datt déi Däitsch nach eng Kéier géifen erëmkommen.

Den däitschen Duerchstouss[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg liberéiert hunn, hu si versicht, bei Wallenduerf (Däitschland), do wou d'Our an d'Sauer leeft, duerchzestoussen. Dat ass hinnen awer net gelongen a si hate grouss Verloschter. Och well se Schwieregkeete mam Noschub haten, hu si doropshin un der Lëtzebuergesch-däitscher Grenz virleefeg Halt gemaach. D'Grenz war allerdéngs deemools schwaach vun amerikaneschen Truppe besat. Lëtzebuerger Milizen hunn haaptsächlech do zirkuléiert. Déi Veianer Miliz (oder Veiner Miliz) hat zum Beispill d'Veianer Schlass besat a konnt vun do aus gesinn, wat sech op der däitscher Säit ofspille géif. Verschiddentlech huet se och däitsch Stousstruppen, déi op Lëtzebuerg luusse komm si, verjot. Ufank Dezember 1944 ass et der Veianer Miliz opgefall, dat op der anerer Säit eng grouss militäresch Aktivitéit war. D'Miliz huet d'Amerikaner dunn doriwwer ënnerriicht, mä déi hunn näischt dropginn.

Déi grouss Iwwerraschung koum de 16. Dezember 1944, wéi déi éischt Granaten zu Dikrech explodéiert sinn an d'Miliz vu Veianen sech a Richtung Dikrech-Ettelbréck ofgesat huet, mat der Noriicht: "D'Preise sinn duerchgebrach a kommen erëm". Vun der Nordspëtzt vum Land bis op Iechternach hunn déi däitsch Arméie mat 240 000 Zaldoten hir Ardennenoffensiv a Richtung Hafe vun Antwerpen gestart. Bezweckt war fir déi amerikanesch Truppe vun hirem Noschub ofzeschneiden a gläichzäiteg e Käil tëscht si an déi englesch Truppen ze dreiwen. Zwar hunn déi 83 000 Amerikaner, déi hinne géintiwwerstoungen, sech zéi gewiert. Mä si konnten net verhënneren, datt net nëmmen déi belsch Ardenne mä och d'ganzt Éislek bis erof op Iechternach erëm vun der däitscher Iwwermuecht besat gouf. Dat schlecht Wieder, dat den Asaz vun der amerikanescher Aviatioun verhënnert huet, huet den däitschen Zaldoten dobäi gehollef. Hir nei Taktik war fir d'Haaptstroossen z'evitéieren a sech op Nieweweeër ze deplacéieren. Nuets hu se mat Projekteren den Himmel ofgeliicht, fir hiren Arméien d'Marschrichtung unzeginn.

De Generol Patton huet d'Entscheedung erbäigefouert[änneren | Quelltext änneren]

En amerikaneschen Tank destroyer schéisst zu Iechternach op en Zil déi Säit der Sauer (7. Februar 1945).

Déi 3. Arméi vum Generol Patton, déi vun der Saar-Front ofgezu ginn ass, huet dunn d'Entscheedung erbäigefouert. Direkt no Chrëschtdag, wéi d'Wieder sech opgekläert huet, ass et him mat Hëllef vun der US Air Force gelongen, déi ageschloss belsch Stad Baaschtnech ze liberéieren.

De 7. Februar 1945 huet déi 3. US-Arméi vum Generol Patton d'Grenzflëss Sauer an Our passéiert. A wéi och nach déi 6. US-Kavalleriegrupp den 12. Februar 1945 Veianen zeréckeruewert huet, war ganz Lëtzebuerg erëm fräi.

Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ettelbréck war d'ganz Groussstross ausgebrannt
D'Groussherzogin Charlotte besicht dat zerstéiert Éisleck

De Krichsschued am Éislek war grouss. Mat groussem Asaz huet d'Regierung d'Rekonstruktioun virugedriwwen. D'Equippen aus dem Zenter vum Land an aus dem Minett, déi dofir agesat goufen, hu Grousses geleescht.

Direkt wéi d'Groussherzogin Charlotte erëm war, huet si dat zerstéiert Éislek besicht an e staarken Undeel um Leed vun der Populatioun geholl.

Zesummegefaasst[änneren | Quelltext änneren]

Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi héchst Zuel vun Affer beklot.

Affer vu Mënschen[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Ganze sinn 11.160 jonk Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert ginn. 2.752 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50 % Doudeger a Vermësster). 3.510 (31,43 %) konnte sech dem Wierdéngscht an der Wehrmacht entzéien oder sinn un der Front desertéiert. 1.551 si mat schwéiere kierperlechen oder séilesche Schied heemkomm. Ënner hinne waren 326 Schwéierverstëmmelter, 469 Verwonnter a 756 Kranker. 3.614 jonk Meedercher hu missen an den RAD-Aarbechtsdéngscht oder an de Krichshëllefsdéngscht. 56 si gestuerwen an 2 vun hinne ginn nach ëmmer vermësst.
  • 3.963 Lëtzebuerger goufen tëscht 1940 a 1945 an e Konzentratiounslager gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinne si gestuerwen, 4.187 Persoune goufen ëmgesidelt, 640 Persounen hunn aus politesche Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen an Däitschland zwangsverflicht an op hirer Plaz vun Nazien ersat.
  • Vun den 3.500 Judden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, sinn 71 % ëmkomm. Déi meescht vun hinne ware Flüchtlingen aus dem däitsche Räich. Am Ganze si 791 Lëtzebuerger (Judden oder net) an de Konzentratiounslager oder am Prisong ëmkomm.

600 Zivilpersounen hunn duerch Krichsawierkungen hiert Liewe verluer (haaptsächlech wärend der Ardennenoffensiv).

4.400 Lëtzebuerger kruten den Titel "mort pour la patrie"[1], ënner hinnen 2.848 verstuerwen Zwangsrekrutéiert, ronn 600 Persounen, déi duerch Krichshandlunge gestuerwen sinn a ronn 800, déi an de Lageren oder Prisonge gestuerwe sinn. 324 verstuerwe Lëtzebuerger kruten den Titel "mort pour la patrie" net, well hinnen en antipatriotescht Verhale nogewise konnt ginn.

Materielle Schued[änneren | Quelltext änneren]

De Jos Schroeder, deen nom Krich Commisaire général de la reconstruction war, huet follgende Bilan opgestallt: Vun den 58.069 Gebaier déi 1935 bestanen hunn, goufen der ronn 18.000 (ongeféier 1/3) sinistréiert, an zwar:

  • 10.650 goufen tëscht 0 an 25 % beschiedegt,
  • 03.690 goufen tëscht 25 a 50 % beschiedegt,
  • 01.585 goufen tëscht 50 an 80 % beschiedegt,
  • 02.070 goufen tëscht 80 an 100 % beschiedegt.

Et gouf ausgerechent, datt dee Schued am Ganzen 3,5 bis 4 Milliarde Frang erreecht huet. Wann een de Schued un den ëffentlechen Infrastrukturen, wéi Eisebunn, Stroossen, elektrescht Netz an Telefonsinstallatioune mat berécksiichtegt, da kënnt een op 5 Milliarde Frang oder 18.000 Frang pro Kapp vun der Populatioun.

Biller vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der Nazizivilverwaltung[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Resistenz[änneren | Quelltext änneren]

D'Liberatioun[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claudine Muno, & Zentrum fir politesch Bildung. (2020). Den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Luxembourg: CM2GM.
  • Marcel Scheidweiler, Lëtzebuerg am zweete Weltkrich, bande dessinée & DVD fir Kanner a grouss Leit, 46 S, gratis, info@nortic.lu
  • Collaboration: nazification? - le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise, erausgi vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven, eng 1.Oplo vu 400 war séier vergraff; 2008 koum am Dezember eng zweet Oplo vu 400 eraus, déi iwwerschafft a verbessert war.
  • Edouard M. Kayser, "Nous n'avons pas tous été des héros", "Les Luxembourgeois n'ont pas tous été des résistants"... - Réflexions à propos d'affirmations dans l'air du temps; in: récré, Nr. 30 (éditions de l'APESS, 2019); Ss. 57-73.
  • Edouard M. Kayser, Pour une juste présentation du passé - Réflexions suscitées par la lecture d'articles d'historiens publiés dans la presse; in: récré, Nr. 31 (éditions de l'APESS, 2021); Ss. 55-70.
  • … ët wor alles nët esou einfach. Fragen an die Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, 2002.
  • Lucien Blau, Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle, Esch-sur-Alzette, 1998
  • Paul Dostert, Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe, Luxemburg, 1985
  • Evy Friedrich, Lëtzebuerger am Krich 1940 - 1945: eng kleng Natioun erzielt. Club des jeunes Ell. Sankt-Paulus-Druckerei, Lëtzebuerg, 2001. 590 S. ISBN 2-9599925-1-2
  • Charles B. MacDonald, 1984. The Battle of the Bulge. Weidenfeld and Nicholson, London.
  • Bernier Arcand, Philippe (2010). "L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg" (PDF). Histoire Québec (in French). 15 (3): 19–26.
  • Jean Milmeister, 1994. Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Peter M. Quadflieg, 2008, „Zwangssoldaten“ und „Ons Jongen“. Eupen-Malmedy und Luxemburg als Rekrutierungsgebiet der deutschen Wehrmacht im Zweiten Weltkrieg. Shaker Verlag, Aachen.
  • Fritz Rasqué, 1946. Das Oesling im Krieg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • John Toland, 1960. Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge). Alfred Scherz Verlag, Stuttgart.
  • Joseph Maertz: Luxemburg in der Rundstedt-Offensive: das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt Paulus-Druckerei, Luxemburg, 1947, 477 S.
  • Paul Weber, 1948 (2. revidéiert an ergänzt Oplo). Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg. Victor Buck, Lëtzebuerg, 159 S.
  • Robert Krantz: Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime. 1940 - 1944. Ein Dokumentarbericht; 3 Bänn:
Band I - Der Versuch einer ideologischen Umerziehung; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 1997, ill. 823 S. ISBN 2-87963-280-3
Band II - Erziehung zum Krieg; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2001, ill. 1043 S. ISBN 2-87963-370-2
Band III - "Auslese" für ein tausendjähriges Reich?; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2002, ill. 855 S. ISBN 2-87963-404-0
  • Robert Krantz: Die politische Satire gegen das Nazi-Regime. Witz, Spott, Humor und Karikatur in Luxemburg, mit Beiträgen von Paul Lesch und Fränk Schroeder; Esch-sur-Alzette, Éditions Kremer-Muller, 2010; 208 Säiten ill. ISBN 978-2-919978-11-3
  • Hans-Erich Volkmann: Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes: eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944. Schöningh, Paderborn, 2010. ISBN 978-3-506-77067-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Livre d'or des victimes de guerre de 1940 à 1945, publié par le Ministère de l'Intérieur