Heinrich Himmler

Vu Wikipedia
Heinrich Himmler
Gebuertsnumm Heinrich Luitpold Himmler
Pseudonym Heinrich Hitzinger, Genrich Gimmler
Gebuer 7. Oktober 1900
München
Gestuerwen 23. Mee 1945
Lüneburg
Doudesursaach Blosaiervergëftung
Nationalitéit Däitscht Räich 1933–1945, Weimarer Republik, Däitscht Keeserräich
Educatioun Technesch Universitéit München
Aktivitéit Politiker, Bauer, Laborant
Partei NSDAP
Member vun Sturmabteilung, Schutzstaffel vun der NSDAP, Geheime Staatspolizei
Famill
Bestuet mat Margarete Himmler
Liewenspartner(in) Margarete Himmler
Den Himmler mat senge Luxmaschinnen an der Aldringen-Strooss, beim fréieren Hotel Brasseur
Den Himmler mat däitschen Offizéier am Summer 1940 am Haff vum Hotel Brasseur an der Stad Lëtzebuerg.

Den Heinrich Himmler, gebuer de 7. Oktober 1900 zu München a gestuerwen den 23. Mee 1945 zu Lüneburg, war en däitschen-NSDAP Politiker an ee vun de muechtvollste Leit am Drëtte Räich.

Hie war den ieweschte Chef vun der SS (Reichsführer-SS) an allen däitsche Policen (Chef der Deutschen Polizei), dorënner der Gestapo. Hien ass ee vun den Haaptverantwortleche vun der Liquidatioun vun der politescher Oppositioun am nationalsozialisteschen Däitschland an dem Terrorregime, deen an de besate Gebidder a Länner geherrscht huet. D'Konzentratiouns- a Vernichtungslager stoungen ënner senger direkter Autoritéit, an hie war ee vun den Haaptresponsabele fir d'Duerchféiere vun der "Endlösung".

Fir engem Geriicht z'entgoen, huet hie sech den 23. Mee 1945 a Gefaangenschaft d'Liewe geholl.

Den Himmler zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. September 1940 huet den Himmler Lëtzebuerg besicht, dat zanter dem 10. Mee 1940 vun Däitschland besat war. Hie koum vun enger Inspektiounsrees beim Sepp Dietrich senger SS Division Leibstandarte Adolf Hitler, déi dunn an der Feste Alvensleben zu Plappeville bei Metz stationéiert war. Op der Grenz, zu Munneref, gouf hie vum stellvertriedende Gauleiter Fritz Reckman an dem Tréierer Regierungspresident Heinrich Siekmeier begréisst.

No enger kuerzer Visite vum Thermalbad goung et weider an d'Stad wou hie mol gläich an d'Kasär um Hellege Geescht gefuer ass fir eng Formatioun vun der Fräiwëllege-Kompagnie ofzegoen.

Duerno goung et an den Hotel Brasseur wou den Himmler vum Gauleiter Gustav Simon a vum Generol Karl Weisenberger, dem Kommandant vun der 71. Infanterie-Divisioun, empfaange gouf.

Am Nomëtten dann huet de Gauleiter si nach e bëssen duerch d'Land kutschéiert. An hire flotte Luxmaschinne goung d'Rees iwwer Dikrech, Veianen an Iechternach op Tréier, heem an d'Räich.[1]

De Paul Weber weess och nach vun enger Rumeur datt den Himmler géint den 9. September 1944 nach eng Kéier zu Lëtzebuerg opgedaucht wier.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinrich Himmler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Reichsführer SS und Chef der deutschen Polizei Henrich Himmler in Luxemburg, Luxemburger Wort, 9. September 1940
  2. Paul Weber: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg; 2.Auflage; 1948; Imprimerie Victor Buck, Luxembourg. Säit 140: Am 9.September um ½5 Uhr verließ Gustav Simon im Paradeauto sein Gauherzogtum (...). Es scheint, daß kurz vorher noch die untersetze Gestalt Himmlers aufgetaucht war.