Weimarer Republik

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Weimarer Republik gëtt déi Period vun der Geschicht vun Däitschland genannt, déi den 9. November 1918 mat der Proklamatioun vun der Republik ugefaangen huet an den 30. Januar 1933 mat der Ernennung vum Adolf Hitler zum Reichskanzler op en Enn goung.

Et war déi éischte Kéier, wou et an Däitschland eng parlamentaresch Demokratie gouf. Den Numm kënnt vun der thüringescher Stad Weimar hier, wou d'Constituante vun enger däitscher Nationalversammlung eng éischt Kéier zesummekoum.

Den 19. Januar 1919 gouf et déi éischt Walen zu der Däitscher Nationalversammlung. Dës huet den 11. Februar de Friedrich Ebert zum Reichspresident gewielt, dee sengersäits den 13. Februar d'Regierung Scheidemann ernannt huet. D'Weimarer Reichsverfassung ass de 14. August 1919 a Kraaft getrueden. Si huet d'Däitscht Räich als eng federativ Republik konstituéiert. Staatschef war war dee fir siwe Joer direkt vum Vollek gewielte Reichspräsident, deen als Deel vun der Exekutiv relativ wäit Pouvoiren hat. D'Regierung gouf vun engem Reichskanzler geleet, dee vum Reichspräsident ernannt an entlooss konnt ginn, an dee responsabel vis-à-vis vum Reichstag war. De Reichstag gouf fir véier joer direkt vum Vollek gewielt, an hat Legislativ-, Budgets- a Kontrollrechter. D'Länner waren hirersäits am Reichsrat vertrueden.

D'Geschicht vun der Weimarer Republik kann, no der Grënnungsphas, an dräi Abschnitter agedeelt ginn. An de Krisejjore vun 1919 bis 1923 gouf et vill Krämpes wéinst den direkte Suitë vum Krich, déi ë. a. duerch den Traité vu Versailles definéiert waren, enger Hyperinflatioun souwéi enger ganzer Rëtsch vu Putschversich a politesche Muerden. Vun 1924 bis 1929 gouf et eng Zäit vu relativer Stabilitéit, d'Ekonomie huet sech nees erkritt an aussepolitesch krut se eng gewëss Appréciatioun gewisen. D'Weltwirtschaftskris vun Enn 1929 un, d'Präsidialkabinetter (d.h. vum President agesat) zënter 1930 an d'Erstäekre vun den Nationalsozialisten huet schliisslech zu hirem Ënnergang gefouert.