Nationalsozialismus
![]() |
Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och Dir sidd invitéiert, Är Meenung dozouzeschreiwen. Grond: Konfus. |
Déi 1919 zu München gegrënnten a vun 1921 un vum Adolf Hitler gefouerten rietsextremistesch Beweegung (Rietsradikalismus) koum 1933 als Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei (NSDAP) an Däitschland un d'Muecht. Mat de rassisteschen Theorien vum Nationalsozialismus, ass Däitschland bis un d'Enn vum Zweete Weltkrich, deen duerch déi vun dëser Beweegung gefuerderten territorial Ausdeenung (Invasioun vun Nopeschlänner) ausgeléist gouf, zu enger Diktatur ginn, déi nom Zesummebroch vun deem Regime Verbriechen géint d'Mënschlechkeet ze veräntwerten hat.
Ideologie a Programm[änneren | Quelltext änneren]
De Nationalsozialismus ass begrënnt op Rassismus a fënnt säin ideologescht Fundament am Hitler sengem Buch "Mein Kampf", wou de Mythos opgebaut gouf datt et eng Hierarchie vun de mënschleche Rassen géif ginn, woubäi ënnerscheet gouf tëscht der "mannerwäerteger Rass" vun de Judden bis hin zur "Härerass" vun den "Arier".
Dës Rassenideologie, déi am Ufank just eng Theorie war, huet spéider zu Euthanisieprogrammer, zur Vernichtung vun de Judden ("Endléisung") an zur terroristescher Ënnerdréckung an Ausbeutung vun virun allem der slawescher Bevëlkerung an Osteuropa gefouert, déi als "minderrassige" Sklavenvölker betruecht goufen.
De Nationalsozialismus huet d'Fiktioun vertrueden vun enger "Volksgemeinschaft" an engem ënnert der Féierung vum Hitler geeenten "Grossdeutschland", dat all Gebidder mat däitschsproocheger Bevëlkerung fir sech beusprocht huet. Dovunner war nieft e.a. Éisträich an der Schwäiz och Lëtzebuerg betraff.
D'Iddien vum Nationalsozialismus waren antisozialistesch, antidemokratesch, antiparlamentaresch an zum Deel och antichrëschtlech.
Ënnergang vum Drëtte Räich[änneren | Quelltext änneren]
Aus dem Antimodernismus vum Nationalsozialismus ass no der Muechtiwwernam vun den Nazien, am Sënn vun den Unhänger vun der NSDAP, eng Moderniséierungsdiktatur ginn. D'Nationalsozialisten hunn duerch déi sougenannten Gläichschaltung aner Meenungen an Usiichten vun aneren Parteien an Organisatiounen ënnerbonnen, respektiv verfollegt. Ennert dem Numm Drëtt Räich war riets vun enger neier gëllener Zäit fir Däitschland. Den Antikapitalismus vun der Bewegung war mat der Zäit als Kampf géint dat jiddescht Kapital ("raffendes Kapital") ëmgedeit ginn. Partei a Staat gouffen nom Prinzip "Führer und Gefolgschaft" diktatoresch gefouert.
D'NSDAP blouf als totalitäre Regime bis 1945 un der Muecht. D'Beweegung gouf vun den Alliéierten um Enn vum Zweete Weltkrich opgeléist an ass säitdeem an Däitschland verbueden.
Nazismus hautdesdaags[änneren | Quelltext änneren]
Och wann d'Beweegung an d'Ideologie an Däitschland verbuede sinn an se a ville Länner verdaamt ginn, esou huet de Nazismus bis haut weltwäit nach Unhänger. Eleng an Däitschland goufen bis an d'Géigewaart nach Muerden vu Léit mat Nazismus-Hannergrond ausgefouert (Rietsterrorismus).
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- "Nationalsozialismus" in: Historisches Lexikon der Schweiz. On-line: https://hls-dhs-dss.ch/de/articles/017461/2010-09-07/