Nazi

Vu Wikipedia
En amerikanesche Propagandaposter mam Wuert Nazi

Nazi ass e Wuert, dat Unhänger vum Nationalsozialismus bezeechent an ëmgangssproochlech meescht ofwäertent benotzt gëtt. Ursprénglech war Nazi eng Kuerzform vum Numm Ignaz, deen a Bayern an Éisträich geleefeg war. Ofwäertent gouf en ënner anerem fir eng ieselzeg Persoun benotzt.

1903 huet de Begrëff d'Membere vum Nationalsozialer Verein bezeechent, enger politescher Partei am Däitsche Keeserräich. Eng vun den éischte Kéieren, bei deenen de Begrëff fir d'Nationalsozialisten am aktuelle Sënn benotzt gouf, war 1923 an zwar vum Kurt Tucholsky.[1]

Am engleschsproochegen an internationale Sproochgebrauch gëtt d'Kuerzwuert Nazi vill méi dacks benotzt, souwuel fir déi deemoleg Politik, Ideologie a Krichsféierung, wéi och als Bezeechnung fir all Aart vu Fanatiker.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.sprachauskunft-vechta.de/woerter/nazi.htm