Munneref

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der Lëtzebuerger Uertschaft Munneref. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Munneref (Homonymie).
Munneref
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mondorf-les-Bains
de: BadMondorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Coat of arms mondorf les bains luxbrg.png Munneref
Buergermeeschter Lex Delles (DP)
Awunner 3755 (15.01.2014)
Fläch 551,0317 ha
Koordinaten 49° 30’ 20’’ N
     06° 16’ 33’’ O

Munneref ass eng Uertschaft am Kanton Réimech an Haaptuert vun der Gemeng Munneref.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Munneref läit un der Gander resp. Albaach, déi d'Grenz mat Frankräich mécht. Op der Südsäit läit d'Dierfche Mondorff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

En typescht Jugendstilhaus an der Avenue des Bains.

Déi éischt Awunner op der Plaz ware Kelten. D'Réimer sinn ëm -65 an d'Géigend komm an aus dëser Zäit staamt de Kaaschtel, déi d'Réimer op enger keltescher Festung gebaut hunn. De Kaaschtel sollt d'Strooss Metz-Tréier schützen.

D'Franken hunn dunn der Uertschaft hiren Numm ginn. Dem Karl dem Grousse seng Niess "Muomina" huet all hir Gidder der Iechternacher Abtei vermaacht, dorënner war och dat klengt Duerf, dat dunn "Muomendorph" gedeeft gouf. De Karl de Groussen huet d'Hildegarde de Thionville bestuet a war doduerch gezwongen, d'Streck Diddenuewen - Oochen méi dacks ze fueren, sou datt hie Relaise baue gelooss huet, sou och eng Residenz zu Munneref.

Munneref läit op der Grenz tëscht dem germaneschen a romaneschen Deel vun Europa an huet doduerch ëmmer ënner Kricher gelidden, d'Duerf gouf dacks geplënnert an ofgebrannt.

De Versailler Vertrag vun 1769 zitt déi haiteg Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich an deelt domat d'Duerf Mondorff an zwéin Deeler.

D'hollännesch Herrschaft am 19. Joerhonnert huet d'Schicksal vum fréiere Baueren- a Wënzerduerf nohalteg geännert. Wéinst dem hollännesche Monopol an den extrem héije Präisser vum Salz gouf am ganze Land dichteg no eegene Salzlageren gesicht.

De Munnerefer Notaire Ledure, deen heefeg op Oochen a Kur goung, huet fonnt datt d'Waasser vun enger Munnerefer Baach dem Oochener Thermal(-salz-)waasser am Gout geglach huet. No erfollegräicher Buerung gouf eng Thermalquell fonnt, soudatt der Grënnung vun engem Thermalbad näischt méi am Wee stoung. D'Hotellerie ass zu Munneref zum Wirtschaftsfaktor Nummer 1 avancéiert.

1872 gëtt am Lëtzebuergesche Mondorff deen éischte Postbüro opgemaach. Well deemools e Stempel geliwwert gouf deen e Feeler am Numm opweises hat, Mondorf mat nëmmen engem "f", ass dës Orthographie du bäibehale ginn.

Duerch d'Gesetz vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains ze nennen.

1886 keeft de Staat d'Thermalbad op, well d'Bedreiwergesellschaft a Schwieregkeete war. Dëst war den Ufank vum gëllenen Zäitalter vu Munneref. Zu där Zäit sinn eng Partie nei Hoteller a Privathaiser am Jugendstil ("Ecole de Nancy") gebaut ginn.

Markant Datumer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1882: Munneref kritt en Uschloss un d'Eisebunnsnetz, iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Réimech
  • 1886: De Staat iwwerhëlt d'Thermalbad.
  • 1905: Duerch den Uschloss vu Munneref un d'franséischt Eisebunnsnetz via d'Streck Diddenuewen-Munneref gouf d'Munnereffer Gare eng international Gare.
  • Den 20. September 1949 war de Welttourismuskongress zu Munneref (Congrès mondial du tourisme).

Bekannt Munnerefer Leit[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Notaire Jacques-Gustave Lessel[1], deen de 4. November 1879 zum Chamberpresident [1] gewielt gouf.
  • Frantz Clément, Journalist a Schrëftsteller (gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, ëmbruecht am KZ Dachau den 2. Juni 1942). Hie war Korrespondent vun der FAZ zu Paräis. Eng Haaptstrooss, d'Avenue François Clement, ass zu Munneref no him benannt.
  • Arthur Didderich, Historiker, huet eng Rei Publikatiounen iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg a vu Munneref erausginn (gestuerwen de 4. Mee 1950 zu Paräis)
  • D'Sportler Fränk Schleck an Andy Schleck.
  • De Kraaftmënsch John Grün.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Fernand, 1979. Bad Mondorf durch die Geschichte. Heimat und Mission Jg. 53 (1979) n° 1/2: 21-22. Clairefontaine (B).
  • Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté royal grand-ducal du 27 octobre 1851 portant nomination du sieur J.-G. Lessel aux fonctions de notaire dans le canton de Remich, à la résidence de Mondorf. Den Pdf vum Arrêté am Legilux