Kaaschtel

Vu Wikipedia
D'Kapell um Kaaschtel, 5. Juli 2008

De Kaaschtel och Kastell ass e Fielsplateau um rietsen Ufer vun der Albaach (Gander) (deemno a Frankräich) tëscht Munneref an Altwis, op deem eng Kapell steet. "Kaaschtel" bezeechent fir d'Awunner op béide Säite vun der Grenz souwuel de Fielsplateau wéi och d'Kapell, déi bis 1748 dem Christus den Erléiser war, an duerno dem hellege Blasius geweit gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Lourdes-Grott beim Kaaschtel

Schonn viru 25 Joerhonnerten hunn d'Kelten de Fielsplateau als Schutzplaz ëmgebaut andeems si op der südlecher Säit en Hiwwel opgetippt hunn, deen haut nach ze gesinn ass.

Ënner dem Keeser Hadrian hunn d'Réimer ëm d'Joer 119 déi wichteg Handelsstrooss vu Lyon op Köln gebaut, déi duerch Metz, Duelem an Tréier gefouert huet. Si ass no bei Altwis laanscht gaangen an d'Réimer hunn op engem Fielsplateau e Castellum gebaut, deen als Refugium gedéngt huet, dohier och den Numm "Kaaschtel[1]", dee sech bis haut gehalen huet. Et gëtt ugeholl, datt och eng Kultplaz um selwechte Plateau ageriicht gouf, well um ëstlechen Hang goufe räich dekoréiert Sailendeeler fonnt.

An der Merowengerzäit stoung och e klengt Klouschter op där Plaz. D'Ermesinde huet 1237 dat Klouschter a seng Kapell der Kierch "Sainte Madelaine", dem spéideren Hellege Geescht-Klouschter an der Stad geschenkt.

D'Chronik vun der Altwiisser Par seet, datt vu 1571 un eng Benediktiner-Brudderschaft sech ëm d'Kapell an ëm d'Verdeele vun den Affer vun de sëllege Pilger këmmert. D'Plaz war deemools e wichtege Pilgeruert ginn, deen am ganzen Herzogtum Lëtzebuerg bekannt war. D'Awunner vu Fréiseng, Pëttleng[2], an Duelem ware souguer zum Pilgere gezwongen, soss gouf et eng Geldstrof.

D'offiziell Pressessioun goung all Joer op Päischtméinde vun der Munnerëffer Kierch bis op de Kaaschtel, wou eng Mass virun der Kapell gehale gouf. Zënter 1913 geet Pressessioun vun der Altwiisser Kierch aus, op de Kaaschtel.

Um Ënnerzuch an enger Dierrumm erënnert d'Joreszuel 1611 un den Duerchgang tëscht der Klaus an der Kapell. Bis 1826 hunn eng sëlleg Eremiten um Kaaschtel gewunnt an hu sech ëm den Ënnerhalt bekëmmert. Si hu vun Affer gelieft.

D'Pilger hu sech iwwer d'ganzt Joer afonnt an der Hoffnung, vun hirem Kapp- oder Zännwéi geheelt ze ginn. Si hu sech dobäi geseenten eise Kränz op de Kapp gesat, déi op der Plaz ze kréie waren.

De Kaaschtel läit zanter der Festleeung vun der Grenz am Joer 1659 (Traité vun de Pyrenäen) op franséischem Territoire.

A fréieren Zäite war d'Kapell méi grouss wéi haut. 1880 war den Daach vum Schëff an engem sou schlechten Zoustand, an et ware keng Fongen do fir Reparaturen, soudatt den Daach einfach ofgedroe gouf. Dee "Bannenhaff" mat senger Mauer ass näischt aneschtes wéi dat fréiert Schëff vun der Kapell. Dat bis haut erhale Gebai ass de Chouer vun der fréierer Kapell.

1908 gouf am rietsen Eck vum "Bannenhaff" eng Lourdes-Grott agebaut.

Bemierkenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Ënner der Sakristei, déi hanner der Kapell ugebaut ass, ass e verwëllefte Keller aus réimescher Zäit.
  • Den Altor an der Kapell ass e Wierk vun de bekannte Sculpteure Greeff vun Altwis aus dem Joer 1696. Et ass de fréieren Haaptaltor vun der Munnerëffer Kierch.
  • D'Klack am klengen Tuerm kënnt vu Wëntreng an ass op d'Joer 1701 datéiert.
  • Laanscht de Pad vu Munneref erop gouf 1913 e Kräizwee opgeriicht mat 7 Statiounen aus Keramik, déi 7 Leede vun der Jongfra. Well d'Keramiken duerch d'Wieder gelidden haten, huet de Syndicat d'initiative vu Mondorff (F) 1988 d'Statiounen duerch Take vum Kënschtler Lé Tanson ersetze gelooss.

D'Robinie um Kaaschtel[änneren | Quelltext änneren]

D'Robinie um Kaaschtel.

Um Parvis vun der Kapell stinn eng Rei Robinien (och nach falsch Akazien genannt, Robinia pseudoacacia L.), wouvun déi an der Mëtt wéinst hirer Gréisst an hirem Alter bemierkenswäert ass. Den Här vu Präisch soll enger Legend no dës Akazie vun enger Pilgerfaart an d'Hellegt Land matbruecht an am Joer 1787 planze gelooss hunn.[3] Eng dendrochronologesch Altersbestëmmung vun deem Bam ass leider net méiglech, well de Stamm am Zentrum ausgehielegt ass. D'Dimensioune vum Bam loossen awer net op en Alter vun iwwer 230 Joer schléissen. Hei läit eng Verwiesselung vir mat dem éischte publizéierten Noweis vun der Aart zu Lëtzebuerg: De Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine schreift 1862, datt deen éischten Exemplaire vun där Aart 1787 [!] vum Baron de Maréchal am Park vum Schlass Stadbriedemes geplanzt gouf.[4]

Weeër op de Kaaschtel[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun Altwis iwwer d'Victor-Hugo-Bréck féiert e Feldwee laanscht de fréieren "Hôtel de Paris"[5] direkt op de Kaaschtelbierg.
  • Vu Munneref féiert e Pilgerwee op de Kaaschtel: fir d'éischt op Lëtzebuerger, dann op franséischer Säit laanscht d'Gander, bis eng laang Trap am Bësch op de Kaaschtelbierg eropféiert.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, ouni Datum. Le "Castel" - De Kaaschtel. Dépliant rédigé par une étudiante pour le Syndicat d'initiative de Mondorf-les-Bains.
  • Blouard, René,1961. Souvenances d'Austrasie, domaine carolingien: Mondorf-les-Bains. le castel d'Altwies. Le Guetteur wallon Nr. 4. 35p. Namur. (Enthält e Gedicht vum Andrée Sodenkamp: Hymne a la chapelle du castel d'Altwies)
  • Didderich, Émile, 1910. Der Castelberg bei Mondorf. Sonderdruck der Obermoselzeitung. 7 S.
  • Fontaine, G.T. I. de la, 1862. Robinier – Acacia. Bull. Soc. sci. nat. g.-d. Luxemb. 5 (1857-1862): 89.
  • Hentzen, Ernest, 1961. Der Kâschtel. In: Fahnenweihe / L.C.G.B. Altwies: pp. 32–36. Luxemburg.
  • Karels, François, 1970. Der "Kâschtel" in Geschichte, Literatur und Kunst. In: Inauguration du nouveau drapeau: dimanche, 7 juin 1970: festivités du cinquantenaire: dimanche, 14 juin 1970 / Fanfare de Mondorf-les-Bains. (Keng Säitenzuelen)
  • Koltz, Jean-Pierre, 1979. Das "Castell". Heimat und Mission Jg. 53, n° 1/2: 16-20, 28. Clairefontaine.
  • Leimbach, Paul 1974. A l'heure du souvenir...si Mondorf m'était conté Saint-Paul 95 S.
  • Mertes, Jean-Paul, 1997. Der "Kaaschtelbierg": ein Wallfahrtsort mit ungewöhnlicher Vergangenheit. Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 130, Nr. 45: 6 & Nr. 46: 14.
  • Molitor, Jean-Pierre, 1939. Ortsgeschichte von Altwies. Gemeinde Bad Mondorf (Hrsg.). 148 S. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • Ries, C. & M. Pfeiffenschneider (Eds.), 2020. Robinia pseudoacacia L. In: neobiota.lu - Invasive Alien Species in Luxembourg. National Museum of Natural History, Luxembourg. URL: https://neobiota.lu/robinia-pseudoacacia/ [Accessed 2020-06-12].
  • Schindler, Reinhard & Karl-Heinz Koch, 1977. Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des Grossherzogtums Luxemburg. Trierer Grabungen und Forschungen Bd. 13,1. Mainz am Rhein.
  • Tanson, Lé, 1981 Chronik der Stadt und Gemeinde Bad Mondorf. Administration communale de Mondorf-les-Bains 414 S.
  • Thill, Gérard, Steinquader mit Jagdszene eines römerzeitlichen Grabpfeilers aus Altwies. Hémecht 1979 Heft 4. S.537. Saint-Paul.
  • Wagner, Romain, 2019. "L'éperon barré du Castel d'Altwies", Quarto d'Altino, 66 pp.
  • Wilhelm, Frank, 1985, 1986. Victor Hugo, curiste à Mondorf-Altwies. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 6 (1985) n° 3: 101-130 & Joer 7 (1986) n° 1: 41-78. Luxembourg.
  • Zenner, Roby, 1990. Der "Kâschtel" und seine Wallfahrt. Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 123, Nr. 27: 34.
  • Zenner, Roby, 1991. Altwies und sein "Kâschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 124, Nr. 51: 24.
  • Zenner, Roby, 1992. Altwies und sein "Kâschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 125, Nr. 44: 24.
  • Zenner, Roby, 1994. Altwies und sein "Kaaschtel". Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 127, Nr. 27: 14.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kaaschtel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Weider Schreifweisen: Lb: de Kâschtel, de Kaaschdel, de Kaschtel, de Castell; Fr: le castel; De: das Kastell.
  2. Op Franséisch Puttelange-lès-Thionville. Fréier Puttelange-lès-Rodemack genannt.
  3. Cf. Anonym, ouni Datum an der Literatur.
  4. Fontaine 1862; Ries & Pfeiffenschneider 2020 an der Literatur.
  5. De Victor Hugo huet 1871 bal 4 Wochen an dësem Hotel gewunnt (Wilhelm 1985, 1986), eng (leider beschiedegt) Plack op der Fassad erënnert dorun. Op der Plack steet: "Séjour / de / Victor HUGO / en 1871"