Schlass Stadbriedemes
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Briedemësser Schlass | |
Typ | Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Stadbriedemes |
Plaz | Stadbriedemes |
Adress | 12 Wäistrooss |
Koordinaten |
49° 33’ 51.1’’ N 06° 22’ 05.6’’ O |
Proprietär | Domaines Vinsmoselle |
Statut | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
D'Schlass Stadbriedemes ass e Schlass zu Stadbriedemes. D'Schlass ass haut Sëtz vun der Wënzergenossenschaft Domaines de Vinsmoselle.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 607: D'Schlass Stadbriedemes kënnt fir d'éischt an engem Dokument vir.
- 792: Besëtzer ass d'Abtei Tréier.
- 893: Besëtzer ass d'Abtei Prüm.
- 1294-1478: Besëtzer sinn d'Häre vu Buerschent.
- 1478-1616: Besëtzer sinn d'Häre vu Wolz.
- 1671-1699: Besëtzer ass de Wolff Heinrich von Metternich Bourscheid.
- 1704: De Fräihär Jakob von Bonylle (Här zu Bubingen a Berg, Domhär vu Worms) keeft d'Schlass vum Metternich Bourscheid sengen Ierwen.
- 1708: De Geriichtsvollzéier a Provënzialrot Dominik Schoultgen keeft d'Schlass.
- 1724: Den Dominik Schoultgen léisst d'Schlass nei opriichten. Vun do un bleift d'Schlass onverännert bis 1957.
- 1758 gëtt d'Schlass un de Jean Vesque iwwer.
- 1750-1760: der Abtei Prüm geléngt et, en Deel vu sengem fréiere Besëtz zeréckzekafen. D'Abtei verdeelt de Primerbierg (de.: Primerberg = Prümerberg) un d'Awunner ënner der Bedingung, datt si e mat Riewen uplanzen an all Joer eng Rent bezuelen. Bis haut zielt de Primerbierg zu de beschte Wäilage vun der Lëtzebuerger Musel.
- 1769: De Baron Johann Franz von Marschall, Generaleinnehmer vum Groussherzogtum, steet d'Schlass. Bei him zu Gaascht ware follgend Perséinlechkeete vum 19. bis zum 29. August 1792: dem Kinnek Louis XVI. seng Bridder, d'Grofe vun der Provence a vum Artois, déi spéider Kinneke Louis XVIII. a Charel X., schliisslech de bekannte Schrëftsteller François-René de Chateaubriand.
- 1802: Besëtzer gëtt d'Famill de la Fontaine.
- 1858-1881: den Dicks ierft d'Schlass vu senger Tatta Françoise de la Fontaine a wunnt do mat senger Fra Pauline Dutreux.
- 1884-1890: den Affekot an Auteur Alexis Brasseur wunnt am Schlass.
- 1920er Joren: d'Famill Reichling keeft d'Schlass.
- 1957: den Dierwiechter Pierre Uhres vu Miersch keeft d'Schlass a léisst et ëmbauen: op d'Wunnhaus kënnt en zweete Stack dobäi, de Fligel gëtt nei opgeriicht.
- 1971: D'Wënzergenossenschaft Domaines de Vinsmoselle keeft d'Schlass a riicht hire Sëtz do an, deen 1978 ageweit gëtt. An enger Annex mécht d'Genossenschaft de Restaurant "An der Tourelle" op.
Den 8. Februar 2013 gouf de Barockdeel vum Schlass als Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter klasséiert[1]
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Vue vum Bannenhaff op den Agank
-
Ërennerungsplack un den Dicks am Bannenhaff
-
Vun der Dickstrooss aus gesinn
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Diderrich, Émile, 1966. Notes généalogiques sur la famille Vesque de Puttlange. pp. 122–137 in: Stadtbredimus 1966: Xe fête du vin. Luxembourg.
- Koltz, Jean-Pierre, 1982. Das Schloss in Stadtbredimus. In: Syndicat d'initiative (Ed.): Stadtbredimus 1981, S. 367-380.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schlass Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).