Op den Inhalt sprangen

Gemeng Stadbriedemes

Vu Wikipedia
Gemeng Stadbriedemes
d'Märei vu Stadbriedemes
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Stadtbredimus
de: Stadtbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Gemeng Kanton Réimech
Chef-lieu Stadbriedemes
Buergermeeschter Robert Beissel
Awunner 2.023
  1. Januar 2026
Fläch 986,1112 ha
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 33’ 50’’ N
       21’ 50’’ O
LAU-Code LU1207
Websäit https://www.stadtbredimus.lu/

Kaart

D'Gemeng Stadbriedemes ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stadbriedemes vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 2.023 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

Stadbriedemes läit op der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Lenneng Wuermer Wandrous
Bous-Waldbredimus N (D)
W    Stadbriedemes    O
S
Réimech

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes.

Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedemes iwwer eng Fuert aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht.
1857 gouf op der "Rauknupp" e réimesche Kierfecht mat Kréi, Mënzen, Schosselen a soss Geschier fonnt.

Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm.

1602 gëtt fir d'éischt an Dokumenter den Numm "Stadtbredimus" ernimmt, virdru war et ëmmer "Bredeniss" oder "Bredimus". De Johann von Wiltz war den Här vu Stadbriedemes. No sengem Doud gouf säi Grondbesëtz an zwee gläich Deeler opgedeelt. Ee vun hinnen huet de Freiherr von Braubach kaaft, vun deem aneren Deel gëtt et weider keng Informatioun.

1670 koum Stadbriedemes an de Besëtz vun der Famill Meternich-Burscheid.

D'Gemeng Stadbriedemes ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Ursprong vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Stadtbredimus kënnt vum Keltesche "Bre - den - Es", dat sou vill wéi "iwwer dem Waasser héije Buedem" heescht a "Stad" wat de selwechte Sënn wéi "Uwänner" (vun der Musel, an dësem Fall) huet.

Beschreiwung am Originaltext:

d'or à deux portes d'écluses entr'ouvertes de sable, sur une terrasse ondée d'azur et d'argent de cinq pièces, au chef de gueules chargé de trois ceps fruités sur échalas, le tout d'or
D.C. 1. Abrëll 1988 - A.M. 5. Oktober 1988 - Mémorial B 1988, Säit 759 - Projet: 1965 Robert Matagne

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer6009001200150018002100180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun der Gemeng Stadbriedemes gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843 – 1849: P. Krieps[3]
  • 1849 – 1867: J. Siebenaler
  • 1867 – 1870: Edmond de la Fontaine
  • 1870 – 1873: N. Beißel
  • 1873 – 1879: M. Frieden
  • 1879 – 1890: J. Kirch-Bley
  • 1890 – 1902: J. Kieffer-Wintringer
  • 1902 – 1908: N. Frieden
  • 1908 – 1918: Anton Beissel
  • 1918 – [≥1934]: Mich. Goldschmit[3]
  • ...
  • 1988 – 2011: Jeannot Bonifas
  • 2011 – 2023: Marco Albert
  • zanter 2023: Robby Beissel

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Stadbriedemes ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt de 27. Juli 2026.
  3. 1 2 Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher. 1843 – 1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 93, Zweites Blatt (21.04.1934), p. 1 [Digitised by the National Library of Luxembourg].