Gemeng Duelem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Duelem
Coat of arms dalheim luxbrg.png
Duelem Gemeng.JPG
D'Gemengenhaus
An anere Sproochen fr: Dalheim
de: Dalheim
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Buergermeeschter Joseph Heisbourg
Awunner 2.325 (1 Januar 2019)
Fläch 1.898 ha
Koordinaten 49° 32’ 29’’ N
06° 15’ 28’’ O
Websäit http://www.dalheim.lu/
Map Dalheim.PNG
D'Gemeng Duelem (orange)
am Kanton Réimech (rout)


Duelem ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg am Kanton Réimech.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Duelem läit am Südoste vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an ass ëmginn vun de Gemengen Konter, Waldbriedemes, Bus, Schengen, Munneref, Fréiseng a Weiler zum Tuerm. Si läit op dem südlechsten Ausleefer vum Lëtzebuerger Sandsteen deen och haut nach an engem Steebroch bei Altwis ofgebaut gëtt. Um Terrain vun der Gemeng entsprange 6 Quellen. Nërdlech vun Duelem huet d'Schleebaach hiren Ufank, déi sech da mat mat der Houbech vereenegt fir dann als Albaach an d'Musel ze lafen. Och d'Hesslengerbaach, déi südlech vu Welfreng entspréngt an d'Grondbaach, déi zu Fëlschdref hiren Ufank huet, lafen iwwer d'Ierpeldengerbaach respektiv d'Gander an d'Musel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Galloréimesche vicus vun Duelem[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Vicus Ricciacus 

Südlech vun der Uertschaft Duelem, am eemolege Stammesgebitt vun den Treverer, läit um héchste Punkt vun engem no Südwesten hin offalenden Héichplateau e réimescht Duerf, e sougenannte vicus. Eng gutt Partie keltesch Fonntstécker déiten drop hin, datt do och eng keltesch Siidlung war. Déi konnt bis elo awer nach net lokaliséiert ginn.

De galloréimesche vicus vun Duelem gouf em zirka 17 v. Chr. gegrënnt, dëst als Etappeplatz am Kontext vum Bau vun der via Agrippa, enger vun de bedeitende Fernstroossen am Réimesche Räich, déi vu Lyon iwwer Mâcon, Chalon-sur-Saône, Dijon, Langres, Toul, Metz, Duelem, Tréier duerch d'Äifel op Köln féiert. D'Uertschaft hat an der Antiquitéit den Numm Ricciacum, dee souwuel op der Platz selwer, wéi och op der Tabula Peutingeriana, enger mëttelalterlecher Ofschrëft vun enger réimescher Kaart, iwwerliwwert. Seng Bléi hat den an der Provënz Gallia Belgica geleeëne Vicus tëscht dem Enn vum 1. an dem 3. Joerhonnert n. Chr. Obwuel Deeler während de Germanenafäll an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert zerstéiert goufen, ass de Uert duerchgängeg bis an di éischt Hallschent vum 5. Joerhonnert bewunnt. Duerno gouf des Plaz opginn.

Ricciacum weist beandrockend ëffentlech Bauten, wéi en Theater, e groussen Tempelbezirk an Thermen op. Dëst sinn Aspekter di dem Duerf de Charakter vun enger réimescher Klengstaadt verleeden.

Mëttelalter an Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Dat haitegt Duerf Duelem, dat sech am Dall tëscht dem „Pëtzel-Plateau“ an dem „Péiteschbierg“ erstreckt, gouf an der éischter Hallschent vum 6. Joerhonnert duerch fränkesch Zouwanderer gegrënnt. Urkundlech fir d'éischt erwähnt gëtt dat elo Dalheim, also „D'Heem am Dall“ genannt Duerf an de Joren 785/786. Am 10. Joerhonnert koumen d'Uertschaften Duelem, Fëlschdref an en Deel vu Welfreng duerch eng Schenkung an de Besetz vun der Räichsabtei St. Maximin zu Tréier, woumadder di eigentlech Grondherrschaft vun der Meierei Duelem an den Hänn vun der Abtei louch. Den Abt vun Tréier huet fir dëse Beräich e Vogt ernannt zu deem sengem Amtsberäich och d'Dierfer Duelem, Fëlschdref, Altwis a Welfreng gehéieren. Déi Aufgab gëtt vun der Herrschaft vu Roussy iwwerholl. Säit 1495 gouf den Härenhaff op Liewenszäit an ab dem 16. Joerhonnert dann och op Zäit verpacht. Domadder ent dann och d'Eegebewirtschaftung duerch d'Abtei St. Maximin. Während dem Drëssegjärege Krich gouf bald at komplett Duelem zerstéiert. Och am Hollännesche Krich tescht 1672 a 1678 gouf Duelem a säin Emland a Matleedenschaft gezunn. 1680 gouf d'Herrschaft vu Roussy vu Frankräich besat an domadder gouf och Duelem fir bal ee Joerhonnert bis 1769 franséisch.

Wéi 1795 di franséisch Revolutiounstruppen an d'Herzogtum Lëtzebuerg ageréckt sinn, ass dëst als „Département des Forêts“ u Frankräich ugegliddert ginn. Aus der Meierei Duelem gouf d'Commune de Dalheim an de Nicolas Amma gouf hiren éischte Buergermeeschter. 1797 gouf de Code Civil op Lëtzebuerg ugewennt an doduerch di al Strukturen duerch en eenheetlecht Recht ersat goufen. Duelem war ab do vu Réimech ofhängeg. Ab 1814, also nom Zesummebroch vum Napoleonesche Räich, gehéiert Duelem zum nei geschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg, ënnert Nidderlännescher Herrschaft.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Tranché de gueules à un monde d'or sommé d'une aigle romaine du même, et d'azur à deux bars adossés d'argent; à une crosse du même garnie d'or, posée en bande et brochant sur la partition.

De Wope gouf vum Duelemer Gemengerot de 15. Dezember 1983 ugeholl, an duerch en Arrêté ministériel vum 4. Abrëll 1984 agreéiert. D'Publikatioun war am Mémorial B vun 1984 op der Säit 478. De Projet war vum Marcel Lenertz 1983.

De Wope vun Duelem erzielt d'Vergaangenheet vun Duelem. Den Adler op der Weltkugel erënnert un d'Réimer, déi hir Spuren do hannerlooss hunn. Déi zwéi Baarwe kommen aus dem Wope vun den Häre vu Buerg-Rëttgen (d'azur à deux bars adossés d'argent) déi zu Duelem, Fëlschdref a Welfreng Vogt a Riichter gespillt hunn. Den Abtstaf erënnert drun datt d'Abtei Sankt-Maximäin eng Zäit am Bësetz vun den dräi Uertschafte war.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

De gallo-réimeschen Theater vun Duelem

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Duelem ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Henrich: Das gallorömische Theater von Dalheim „Hossegronn“ Luxemburg. Dossiers d'archéologie XV. Imprimerie Central SA, Luxemburg 2016, ISBN 978-2-87-985317-8.
  • Laure Juncker, Joseph Heisbourg, Joseph Mangerich (Red.): Ricciacus: 30 Joer Ricciacus Frënn Duelem 1977–2007. Imprimerie Central SA, Luxembourg 2007, S. 202, ill.
  • Jean Krier: DEAE FORTUNAE OB SALUTEM IMPERI. Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle. Gallia – Archéologie de la France antique 68.2, 2011. CNRS Éditions, Paris 2011, S. 313–340, ill. ISBN 978-2-271-07269-6.
  • Jean Krier: Der gallorömische vicus von Dalheim. Imprimerie Hengen, Luxemburg 2010, ISBN 978-2-87985-137-2.
  • Jean Krier: Das vorrömische und frührömische Dalheim (Luxemburg). In: Rheinisches Landesmuseum Trier (Hrsg.): Trier - Augustusstadt der Treverer. Philipp von Zabern, Mainz 1984, ISBN 3-8053-0792-6.
  • Jean Krier, Raymond Weiller: Zu den Anfängen der römischen Besiedlung auf “Pëtzel“ bei Dalheim. Publications de la Section Historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg XCIV, Imprimerie Joseph Beffort, Luxemburg 1980, S. 141–194, ill.
  • Victor Loos: Der Römeradler. Den Adler – Lokalzeitung N°1-2, 1996.
  • Victor Loos: Duelem: Eis Kiirch. Conseil de la fabrique d'église, Luxemburg 1993.
  • Jeannot Metzler, Johny Zimmer: Beiträge zur Archäologie von Dalheim. Hémecht 30.3, Saint-Paul, Luxemburg 1978.
  • Heike Pösche: Neue Grabungen in den Thermen des vicus Ricciacus. Empreintes – Annuaire du Musée national d'histoire et d'art. Imprimerie Faber, Luxembourg 2011, S. 40–47, ill. ISBN 978-2-87985-149-5.
  • Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem." Fanfare Gemeng Duelem, Luxemburg 2001, ISBN 2-87996-944-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien