Dijon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dijon
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Wopen-Côte-d'Or.png Côte-d'Or
Arrondissement Dijon
Kanton Chef-lieu vun 8 Kantonen:
Dijon-1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8
Postcode 21000
Gemengecode 21231
Koordinaten 47° 17’ 26’’ N
     05° 02’ 34’’ O
Fläch  4 041 ha
Bevëlkerung  153 151 (2007)

Dijon ass eng franséisch Stad an d'Préfecture vum Departement Côte-d'Or an de Chef-Lieu vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté. Si läit ronn 310 Kilometer südëstlech vu Paräis an 190 Kilometer nërdlech vu Lyon.

Aktuell ass Dijon d'Gemeng mat de meeschten Awunner am Departement an an der Regioun. 2012 hunn an der Stad 152.071 Leit gewunnt. Déi war domat déi 17 bevëlkerungsräichste Stad a Frankräich. D'Agglomeratioun "Grand Dijon", déi 2000 gegrënnt ginn ass, hat 2011 245.697 Awunner.

Am 14. an am 15. Joerhonnert war Dijon d'Haaptstad vum Herzogtum Bourgogne; dowéinst fënnt een och haut nach e räiche geschichtlechen an architektonesche Patrimoine. Och wéinst sengem gastronomesche Ruff ass Dijon eng touristesch attraktiv Stad ginn.

Wirtschaftlech spillt besonnesch den Déngschtleeschtungssecteur eng bedeitend Roll, mee och als agro-alimentairen Zentrum ass Dijon gutt etabléiert. Sou gëtt do zum Beispill de bekannte Moschter vun Dijon produzéiert ("moutarde de Dijon").

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dijon – Biller, Videoen oder Audiodateien