Moschter

Vu Wikipedia
Verschidde Moschter-Varianten.

De Moschter ass ee Gewierz dat aus de gemuelene Somkäre vum wäissen, brongen oder schwaarze Sinnef gemaach gëtt. Et fënnt een en duerno a verschiddenste Formen a Geschmaacher erëm. Dee bekanntste vun deene schaarfen ass wuel de Moschter vun Dijon. Dofir hunn och vill Rezepter, bei deene Moschterzoossen dobäi sinn, op Menüskaarten den Zousaz à la dijonnaise.

Am Handel fënnt een de Moschter soss nach als ganz Kären, als Polfer, an als eng Zort Zooss an där de Moschterpolver mat Ueleg an Esseg an nach verschiddenen anere Gewierzer vermëscht ass, déi dann och deementspriechend säi Goût veränneren.

Moschteren déi net schaarf sinn, kommen zum gréissten Deel vun traditionnelle Moschtermillen. Industriell Moschtere picke gewéinlech an der Nues. Dat kënnt dohier well béi der industrieller Hierstellung duerch d'séier Muelen Hëtzt entsteet, wouduerch de Goût vun den natierlechen Ueleger déi am Moschtersom sinn, verluer geet, an da mat Mierréidech nees opgepäppelt gëtt.

Englesche Moschter[änneren | Quelltext änneren]

Am Englesche Moschter ass zousätzlech Cayennepeffer. Dowéinst ass dee besonnesch schaarf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moschter – Biller, Videoen oder Audiodateien