Gallo-réimeschen Theater vun Duelem

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De gallo-réimeschen Theater

De 26. Juni 1985 koum et bei Bauaarbechten op engem privaten Terrain um Flouer Hossegronn zu Duelem zu enger Entdeckung, déi d'Bedeitung vum Duelemer Vicus op e ganz anere Niveau sollt hiewen[1]. An den dräi Méint duerno gouf am Fielsgaart, engem fielsegen Hank tëscht dem Plateau Pëtzel an dem Duerf am Dall de Grondrëss vun engem deels ganz gutt erhalene gallo-réimeschen Theater ermëttelt.

Nodeem de gréissten Deel vum Terrain konnt vum Staat a vun der Gemeng Duelem kaaft ginn, goung et de 26. Mee 1999 mat den Ausgruewunge lass. Bis 2003 konnt den Theater, dee mat enger Schicht Buedem vun zwéi bis dräi Meter zougeschott war, vollstänneg fräigeluecht ginn. Am Ganze sinn aacht Sëtzreie fräigeluecht ginn, déi éischt Sëtzrei war nach ganz erhalen. Zousätzlech archeologesch Ënnersichunge goufen am Joer 2007 gemaach.

Haut ass den Theater mat engem blechenen Daach gedeckt, fir en ze schützen.

Den Amphiteater gouf de 7. Abrëll 1986 op den Zousazinvetaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum Theater (Lescht Bauphas)

Den Theater ass an zwou Bauphasen entstanen, déi éischt louch an der flavescher Zäit, am leschten Drëttel vum 1. Joerhonnert. Punkto Konzept a Bautechnik ass dat Bauwierk mat sengen 62,5 m Duerchmiesser e Meeschterwierk.

De grousse wirtschaftlechen Opschwonk vum Vicus an den 30er a 40er Jore vum 2. Joerhonnert a statesch Problemer vum éischte Gebai hunn dozou gefouert, datt den Theater integral ëmgebaut gouf an d'Baussemaueren nei hu missen opgeriicht ginn. An där zweeter Bauphase goufen all d'Sëtzbänke aus Stee gebaut, den Theater huet dunn 3.500 Sëtzplaze gebueden.

An der Mëtt vum 3. Joerhonnert huet déi fréi Versioun vun engem "Centre culturel" seng Funktioun verluer an d'Plaz gouf lues a lues mat Offall zougetippt. D'Ausgruewunge konnten awer och Spuere vun den Afäll vun de Germanen an de Joren 275-276 noweisen.

Bei dem Neesopbau vum Vicus gouf den Theater als Steebroch benotzt. Um Ufank vum 4. Joerhonnert goufen ënner dem Konstantin de Groussen 260 Steebléck vun den ieweschte Sëtzreien als Fëllement vun engem militäresche Stroosseposten (Burgus) um Rand vum Plateau benotzt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Henrich, 2016. Das gallorömische Theater von Dalheim "Hossegronn" Luxemburg. Dossiers d'archéologie XV; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale SA), 2016; 431 Säiten (ill., 15 Bäilagen); ISBN 978-2-87-985317-8.
  • Haag, Emil, 2011. La romanisation du pays des Trévires: les sites du Titelberg et de Dalheim, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 56-63.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gallo-réimeschen Theater vun Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: déi meescht Informatioune stame vum Erklärungspanneau dee virun der Entrée zum Site vum Theater ubruecht ass. [06.10.2010]
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).