Vogt

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Vogt war am däitsche Sproochgebrauch en dacks adelegen Här deen, am Mëttelalter an eventuell nach an der fréier Neizäit ee Geeschtlechen oder eng kierchlech Institutioun viru Gericht vertrueden huet. De franséischen Numm dofir war avoué (lat. advocatus), d. h. Vertrieder, Verdeedeger.

Am däitschsproochege Raum koum, awer réischt am 13. Jh., de Begrëff Landvogt op. Sou ee Landvogt war ee Beamten, dee vum Herrscher mat Verwaltungskompetenzen an engem bestëmmte Gebitt vum Land ausgestatt gouf. Dës Funktioun, déi näischt mam Vogt am éischte Sënn ze dinn huet, kann, je nodeem, mat der Funktioun vun engem Probst (fr. prévôt) oder, wann de Verwaltungsbezierk méi grouss war, mat där vun engem bailli verglach ginn.

Funktion[änneren | Quelltext änneren]

A weltlechen Affären (Temporalia) gouf schonn am Fréimëttelalter e geeschtlechen Här, eng Kierch, e Klouschter asw. vun engem Vogt vertrueden.

De Vogt war ee Laien, dee fir "säi" Geeschtlechen oder fir "seng" kierchlech Institutioun viru Geriicht gestridden huet; hien huet och d'Kierchegutt/-gidder verwalt an, wéi déi kierchlech Institutioune selwer Geriichtshäre gi waren, huet hien nach just déi weltlech Justiz ausgeübt (déi geeschtlech Froen oder Spiritualia goufe vun den héije geeschtlechen Häre selwer behandelt).

Zanter der Mëtt vum 9. Joerhonnert ass d'Amt vum Vogt als ierflecht Lehen (= Amtslehen) un den héigeren Adel gaangen. D'Funktioun huet am Héichmëttelalter eng wichteg Roll am Ausbau vun der Landeshoheit, respektiv Kirchenhoheit gespillt.

Den "Ardennegrof" Siegfried, deen an eiser Géigend verschidde Gidder hat an deen um Urspronk vun der Lëtze-Buerg ass, war Vogt, ouni awer do eppes ze besëtzen, souwuel vun der Abtei Iechternach wéi och vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Eberhard Büssem & Michael Neher (Herausgeber), Arbeitsbuch Geschichte : Mittelalter (3. bis 16. Jahrhundert) - Repetitorium; beaarbecht vum Karl Brunner, 7. verbessert Oplo; München, New York, London, Paräis (K.G.Saur), 1983.
  • Paul Margue, Remarques sur l'avouerie locale en Luxembourg; in: PSH - Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Bd. XCVIII; Lëtzebuerg, 1984; Ss. 205-206.