Probstei

Vu Wikipedia

Eng Probstei (fr. prévôté) war ee Verwaltungsbeziirk, deen déi al Landvogtei ofgeléist huet. D'Wuert "Probst" kënnt vum laténgesche Wuert praepositus, dat soss näischt heescht, wéi "Virgesaten" (fr. préposé). Mä dat Wuert kann an der Praxis, jee no Raum oder Zäit, verschidde Sënner hunn.

Déi al Vogteie waren an den Hänn vun adelegen Hären, déi hir Ämter e Liewe laang haten an och verierft hunn, sou datt de Landeshär / Herrscher direkt net méi vill an deene Gebidder ze soen hat. Am Kontext vum (relativen) Opbléie vum Handel a vun de Stied - woubäi et am Lëtzebuerger Land virum Industriezäitalter ëmmer nëmme wéineg a kleng bis ganz kleng Stied gouf - hunn d'Landeshären alles drugesat, fir hir Kontroll iwwer déi ländlech Gebidder ze stäerken, dat parallel zu de Fräiheeten, déi si no an no den opstriewende Biergergemeinschaften hu missen zougestoen.

a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich koumen d'Probsteien, als administrativ Distrikter vu groussen adelegen Herrschaftsgebidder, respektiv vun der Kroundomän, am Laf vum 11. Joerhonnert op. Un der Spëtz vu jiddwer Probstei stoung e genannte Verwaltungsagent, deemno e Probst, dee Justizrechter iwwerdroe krut an och z. B. fir d'Opsiicht iwwer d'Benotze vun de Bëscher zoustänneg war. Mä de Probst war och fir d'Verdeedegung a fir d'Ophiewe vun de Steieren, Taxen a soss Kontributiounen zoustänneg. A well en déi lescht Funktioun duerch Virstrecke vun de Beträg, déi de Landeshär erwaart huet, pachte konnt, ass e geschwë méi als Steierandreiwer vun den ofhängege Baueren opgefaasst ginn, wéi als gewëssenhafte Verwalter am Numm vum Landeshär. Dofir ass relativ séier eng nei, méi héich Funktioun geschafe ginn, an zwar déi vum Bailli oder Sénéchal (jee no Géigend).

Zu Paräis als Haaptstad gouf et e Prévôt, deen e reegelrechte Bailli war (mä ouni sou ze heeschen), an deen all polizeilech, riichterlech an administrativ Befugnesser hat, déi normalerweis dem Kinnek zoustoungen. Et gouf do och e sougenannte Prévôt des marchands, dee fir véier Joer vun der Händlergild gewielt a vu véier Schäffen assistéiert gouf, déi hirersäits fir zwee Joer gewielt goufen. Ënner Ëmstänn hu verschiddener vun dëse Prévôts des marchands (wéi z. B. den Étienne Marcel) et fäerdegbruecht, eng politesch Roll ze spillen, wat awer net onbedéngt gutt ausgoung.

zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An der Grofschaft Lëtzebuerg koumen d'Probsteien lues a lues an der Zäit vun der Gräfin Ermesinde (1196-1247) op. Hiren éischte Mann war de Grof Thiébaut de Bar, e Landeshär deen d'Verwaltungspraxis vu sengem Noper, dem franséische Kinnek, kannt an iwwerholl huet. E Probst war deemno och an der Grofschaft Lëtzebuerg e Beamten, dee genannt gouf a jidderzäit konnt ofgesat ginn. De Probst huet d'Veruerdnunge vu sengem Här ausgeféiert a souz am Numm vun deem zu Geriicht. All Probst hat eng Rei Mataarbechter oder Assistenten. An der zweeter Hallschent vum 13. Joerhonnert hu follgend Probsteien déi gräflech Domän gebilt: Lëtzebuerg, Diddenuewen, Arel, Béibreg, vläicht och schonn Iechternach, mä sécher La Roche, Durbuy a Marville (mat Arrancy), woubäi dat lescht Gebitt eng Terre commune mat der Grofschaft Bar war (bis de Louis XIV. nom Traité vun de Pyrenäen 1659 d'Géigend annektéiert huet).

D'Probsteie ware selwer a Land-Meiereien (fr. mairies) oder Riichtereien (fr. justiceries) agedeelt, woubäi déi Wierder net grad dee Sënn haten, dee mir äis haut spontan drënner virstellen. D'Probstei Lëtzebuerg, z. B., hat sou "Sektiounen" zu Steesel, Beetebuerg, Kënzeg, Sandweiler, Schëtter, asw. D'Meiereien, respektiv d'Riichtereien, ware selwer an Häff agedeelt, wéi z. B. den Haff Réimech, deen aus siwen Uertschafte bestanen huet.

Net all Gebidder vun der Grofschaft (an no 1354 vum Herzogtum) ënnerstoungen der Verwaltung vun deene gräflechen a méi spéit, herzogleche Beamten. Vill adeleg Hären hunn nämlech hir Gidder an eegener Regie geféiert, onofhängeg dovun, datt si Vasalle vum Grof (Herzog) vu Lëtzebuerg waren, an hu sech sou der zentraler Kontroll entzunn. Zu Bartreng, zu Miersch, zu Zolwer, asw. hunn déi ofhängeg Baueren hirem adelegen Här misse follegen a Kontributiounen a Form vun Naturprodukter ofginn oder mat Sue bezuelen, an net dem Landeshär.

Am Herzogtum Lëtzebuerg hunn d'Probsteie bis zur Annexioun duerch de franséische revolutionäre Regimm bestanen, d. h. bis 1794/95. Um Enn vum Ancien Régime war d'Land verwaltungstechnesch an 18 Quartieren agedeelt, un deenen eng Rei sougenannt Terres franches ugegliddert waren. E Quartier huet gewéinlech aus enger Probstei an aus enger Rei vun eenzelen Adelsherrschaften (seigneuries particulières) bestanen, déi selwer d'Recht vun der héijer Justiz haten. Déi 18 Quartiere waren: Lëtzebuerg, Arel, Baaschtnech, Chiny, Dikrech, Durbuy, Iechternach, Gréiwemaacher, Houffalize, La Roche, Marche, Neufchâteau, Orchimont, Réimech, Sankt Väit, Veianen a Virton.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferdinand Lot & Robert Fawtier, Histoire des institutions françaises du Moyen Âge (3 Bänn); Paräis, 1957-1962. - Band I: Institutions seigneuriales (1957), Band II: Institutions royales (1958) a Band III: Institutions ecclésiastiques (1962).
  • J.-F. Lemarignier, La France médiévale. Institutions et société; Paräis (Armand Colin, collection 'U'), 1970.
  • Paul Margue, Luxemburg in Mittelalter und Neuzeit (10. bis 18. Jahrhundert) [= Bd. III vum Handbuch der luxemburgischen Geschichte in vier Bänden, für die Klassen des Sekundarunterrichts (...)]; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1978 (2. Oplo); Ss. 36-37.
  • Michel Margue, Rayonnement urbain et initiative comtale: l'exemple des chefs-lieux du Comté de Luxembourg; in: Jean-Marie Duvosquel & Alain Diekens (verantwortlech fir d'Publikatioun), Villes et campagnes au Moyen Âge - Mélanges Georges Despy; Léck (Éditions du Perron), 1991; 840 Säiten; vgl. hei d'Ss. 429-464.
  • Alain Atten, Le Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime - Structures politiques, sociales et économiques [= Begleetheft vun der dokumentarescher Ausstellung am Zerkel an der Stad, 6.-31. Januar 1989]; Lëtzebuerg (Nationalarchiv), 1989; 87 Säiten (ill.).
  • Joseph Ruwet & Claude Bruneel (ënner der Leedung vun), Le Duché de Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime. Atlas de géographie historique; vgl. de Fascicule I: Françoise Mirguet (Auteur), Introduction; Louvain-la-Neuve (Faculté de Philosophie et Lettres), 1982; 149 Säiten.
  • Gilles Genot, La prévôté de Luxembourg (XIIIe - XVIIIe s.); in: ons stad, Nr. 123 (Mee 2021); Ss. 14-17 (Illustratiounen an eng selektiv Bibliographie).
  • Adrienne Stengers-Limet, Une fiscalité particulière dans les anciens Pays-Bas [méridionaux]: Les terres franches; Bd. LXXXIV vun der Bicherzerie "Anciens Pays et Assemblées d'États / Staten en Landen", erausginn vun der Section belge de la Commission internationale pour l'histoire des assemblées d'États; Kortrijk-Heule (UGA), 1985; 516 Säiten.