Ermesinde vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Ermesinde vu Lëtzebuerg
Titelen
Gräfin vu Lëtzebuerg
Zäit vun 1196 bis 1247
Virgänger Heinrich IV.
Nofollger Heinrich V.
Biographie
Gebuer 1186
Gestuerwen 12. Februar 1247 jul.
Bestuet mat Walram III. vu Limburg,
Thiébaut I. vu Bar
Papp Heinrich IV. vu Lëtzebuerg
Mamm Agnes vu Geldren
Kanner Gerhard vun Durbuy, Heinrich V., Katrin vu Limburg, Marguerite vu Bar, Elisabeth vu Bar-Mousson

D'Ermesinde vu Lëtzebuerg, gebuer am Juli 1186 a gestuerwen den 12. Februar 1247, war vun 1196 bis zu hirem Doud Gräfin vu Lëtzebuerg. Bekannt ass se haut virun allem well se enger Rei Stied de Fräiheetsbréif ginn huet: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Ermesinde gouf als eenzeg Duechter an Ierwin vum Grof Heinrich de IV. „de Blannen“ vu Lëtzebuerg an der Agnes vu Geldern, Duechter vum Grof Heinrich II. gebuer.

Wéi den Heinrich de IV. 1196 am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, hat déi kleng Ermesinde grad emol 10 Joer. Si huet d'Grofschafte vun Durbuy a vu La Roche geierft. De Keeser Heinrich VI. krut d'Grofschaft Lëtzebuerg zougesprach, well de Keeser Friedrich I. Barbarossa dat bei der Gebuert vun der Ermesinde am viraus sou decidéiert hat. Den Heinrich VI. huet awer du sengem Brudder, dem Otto I. vu Burgund, d'Grofschaft Lëtzebuerg geschenkt.

Den Heinrich IV. hat dat awer komme gesinn, an dofir huet hie schonn 1189 déi deemools dräi Joer al Ermesinde mam Grof Thiébaut I. vu Bar, verloobt. 1197 oder 1198 hunn déi zwee sech bestuet, a gläich nom Bestietnes huet de Grof Thiébaut, dee jo duerch d'Hochzäit Regent gi war, Verhandlunge mam Otto vu Burgund opgeholl, fir datt d'Ermesinde sollt d'Grofschaft Lëtzebuerg zeréckkréien, wat och geschitt ass.

D'Ermesinde an den Thiébaut krute 4 Kanner:

  • Renaud, Här vu Briey († virun 1214),
  • e Meedchen († 1214),
  • Elisabeth († 1262), bestuet mam Valeran vu Limbourg († 1242), Här vu Monschau,
  • Marguerite, bestuet mam Hugo III. († 1243), Grof vu Vaudémont, duerno mam Henri vu Bois, Regent vun der Grofschaft Vaudémont.
Dem Walram säi Wopen,
lénks viru senger Hochzäit
mat der Ermesinde, riets duerno

De Grof Thiébaut ass den 13. Februar 1214 gestuerwen. D'Ermesinde, déi grad 27 Joer hat, huet sech kuerz drop mam Walram vu Limburg–Arel († 1226) bestuet. Duerch dat Bestietnes koum d'Maarkgrofschaft Arel an de Besëtz vu Lëtzebuerg. Deen Zoustand blouf bis 1839 bestoen.

Si kruten 3 Kanner:

1226 ass de Walram gestuerwen an d'Ermesinde war mat 40 Joer fir d'zweet Kéier Wittfra. Vun do un an nodeem se wéinst Ugrëff op d'Kiercheland exkommunizéiert gouf, huet si sech haaptsächlech ëm karitativ a reliéis Zwecker gekëmmert.

D'Ermesinde huet als Herrscherin vu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Reformen duerchgefouert, vun deene gewëss Aflëss nach haut ze spiere sinn. Sou huet si zum Beispill d'Administratioun vum Land u Beamten ofgetrueden.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Probstei.

Si huet déi franséisch Regierungspraxis an der Grofschaft Lëtzebuerg gefërdert (woubäi déi franséisch Sprooch d'Latäin ëmmer méi verdrängt huet) a si huet enger Rei vu Stied am Land e Fräiheetsbréif iwwerreecht: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg.

D'Ermesinde ass den 12. Februar 1247 gestuerwen a gouf an der Mariekapell zu Clairefontaine bei Äischen, begruewen.

Geschicht vun hirem Graf[änneren | Quelltext änneren]

Der Ermesinde hire Sarkophag
Steen zu Clairefontaine

D'Legend seet, datt d'Gräfin enges Daags an der Ëmgéigend vun hirem Schlass, dem "Schlass Baardebuerg" an der Ëmgéigend vun Äischen spadséiert ass. Do huet si eng Fra gesinn, déi vun engem Hiwwel erofkoum an déi an hirem Aarm e Kand gehalen huet, dat a Schofspelz agewéckelt war, op deem ee schwaarzt Kräiz drop war.

D'Gräfin war iwwerzeegt, datt et sech dobäi ëm d'Muttergottes gehandelt huet, an huet dofir op där Plaz e Klouschter – dat méi spéit d'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine ginn ass – geplangt. An hirem Testament huet si festgehalen, datt si sollt op där Plaz begruewe ginn. D'Klouschter vu Clairefontaine gouf effektiv eréischt vun hirem Jong Heinrich V. gebaut.

No jorelaanger Aktivitéit gouf dat Klouschter um Enn vum 18. Joerhonnert vu franséischen Truppen zerstéiert, bis d'Jesuittepateren tëscht 1875 an 1877 en Deel, an ënner anerem déi al Kapell vum Klouschter, nees opgebaut hunn.

Wärend deenen Aarbechte fënnt den 11. Mee 1875 de Pater Martin Paul ee Grafsteen ënner deem mënschlech Iwwerreschter louchen. Nieft dem Skelett louch eng Plack op där stoung: "Voici les precious ossements de la très Illustre et Pieuse Princesse Ermesinde, Comtesse Souveraine de Luxembourg et de Namur. Notre heureuse fondatrice que Dieu Glorifie et sans fin Bénisse". 1747, kuerz ier dat aalt Klouschter vun de Fransousen zerstéiert gouf, haten d'Nonnen d'Iwwerreschter vun der Ermesinde hei verstoppt.

D'Ermesinde läit haut an der Krypta vun der Kapell vu Clairefontaine.

D'Mariekapell vu Clairefontaine

No hir benannt[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg sinn als Undenken un d'Gräfin Ermesinde eng Rei Stroossen no hir benannt: zu Iechternach, Mamer, Suessem an um Lampertsbierg an der Stad.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Margue (ënner der Leedung vum), Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg - Études sur la femme, le pouvoir et la ville au XIIIe siècle ; Lëtzebuerg (Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg & CLUDEM, Bd. 7), 1994; 327 Säiten; ISBN 2-919979-04-3
  • P. Jos. Adam, Ermesinde, Gräfin von Luxemburg (1186-1247) ; in: Heimat + Mission (= Zäitschrëft vun den Häerz-Jesu-Patere vu Clairefontaine; Drock: Sankt-Paulus, Lëtzebuerg), Joergang 1997, Nr. 1/2, Ss. 3-15 (ill., Bibliogr.).
  • J. Herbet (Text) & Palix (Biller), Ermesinde entre légende et vérité ; Neufchâteau (Weyrich Édition), 2012; 52 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87489-143-4
  • Emil Haag, Ermesinde *1186 1247: la consolidation de l'État féodal ; in: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 90-97.
  • Theodor Zenner, Ermesinde, Historische Erzählungen aus dem 12. und 13. Jahrhundert vum Pater Nicolas Gengler (S.C.J.) iwwersat aus dem Franséischen, Verlag der Missionsschule Clairefontaine, 1928

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ermesinde vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Heinrich IV.
Gräfin vu Lëtzebuerg
1196 - 1247
Nofollger:
Heinrich V.