Abtei Notre-Dame de Clairefontaine (Clairefontaine)

Vu Wikipedia
Abtei Notre-Dame de Clairefontaine
Land Belsch
Gemeng Arel
Plaz Clairefontaine
Koordinaten 49° 39’ 57.19’’ N
      05° 51’ 57.25’’ O
Datum vum Bau 1794
D'Ruine vum Klouschter hanner der Kapell

D'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine war eng Zisterzinserinnenabtei zu Clairefontaine, engem Dierfche mat e puer Awunner an der Belsch, 3 km vun Äischen ewech.

Duerch d'Duerf fléisst d'Durbaach déi e puer honnert Meter ëstlech vun der Uertschaft op der belsch-lëtzebuergescher Grenz an d'Äisch leeft.

Den Dall ass zanter de Réimer bewunnt an am Schlass Bardenbourg, an deem ënner anerem och d'Gräfin Ermesinde gewunnt huet, sinn eng Rei vu Perséinlechkeete vun där Zäit aus- an agaangen. Sou huet och de Poopst Eugen III. deen 1147 mat enger Grupp vun 18 Kardineel op enger Rees vu Reims op Tréier war, do Statioun gemaach. Ënner de Begleeder vum Poopst war och de Bernard de Clairvaux, bekannt als hellege Bernard. Et gëtt erzielt, hien hätt matkritt, datt an der Famill vum Här vum Schlass Bardenbourg eng Persoun schwéier krank wier. Dorposhin hätt hie Waasser vun där Quell, déi net wäit vum Schlass ewech aus dem Buedem kënnt, geholl, an dee Kranke mat deem Waasser geseent. Wéi duerch e Wonner wier de Kranke geheelt, an zanter deem Dag hätt d'Quell den Numm vum hellege Bernard. Och haut nach gëtt hirem Waasser nogesot, et géif heelen.

Ongeféier honnert Joer méi spéit, nodeem d'Ermesinde eng Visioun hat, an d'Muttergottes soll gesinn hunn, wollt se op dëser Plaz eng Zisterzienserinnenabtei opriichte loossen. Well d'Gräfin awer am Februar 1247 gestuerwen ass, konnt hire Jong, den Henri V de Blonden d'Abtei eréischt baue loossen. Si gëtt fir d'éischt am Joer 1250 an engem Dokument ernimmt.

Der Geschicht no soll d'Abtei am Joer 1794 vu franséische Revolutionäre verbrannt gi sinn, wat d'Enn vun enger iwwer fënnefhonnertjäreger Existenz war. Wat awer verwonnerlech ass, bis haut si bei den Ausgruewunge keng Spuere vun dësem Brand fonnt ginn.

Dat kann doduerch erkläert ginn datt spéider d'Leit aus der Géigend mat de Steng vun der Abtei hir Haiser gebaut an de Schantje komplett geraumt hunn.

E Portal vun der Abtei aus dem Joer 1700 ass nach op der Knippchen zu Arel ze gesinn. Dëst Portal stoung vun 1818 un an der Kierch vun Habergy a koum am Joer 1911 op Initiativ vum deemolegen Areler Buergermeeschter N. Esch-Tesch op d'Knippchen. Hien hat och de Wope vu Lëtzebuerg am Bou iwwer dem Portal restauréiere gelooss.

Géint 1875 gëtt vun den Areler Jesuitten op der Plaz vun der fréierer Zisterzienserinnenabtei vu Clairefontaine eng nei Kapell opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bisdorff, G., Clairefontaine, un site médiéval, archéologique et historique ; in: Die Warte / Perspectives 19|2369 (Luxemburger Wort vum 14. Juni 2012), S. 10-12.
  • (eng Dosen Auteuren), L'abbaye cistercienne de Clairefontaine - Du rêve d'Ermesinde aux réalités archéologiques ; in: Bulletin trimestriel de l'Institut archéologique du Luxembourg - Arel; 2010 - 86. Joer - N° 3/4 (Erauskomm: Abrëll 2010).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abtei Clairefontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien