Die Warte
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bäilag vum Luxemburger Wort Die Warte. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Die Warte (Homonymie). |
|
Entête vun der leschter Ausgab vun „Die Warte“ | |
| Typ | Zeitung |
|---|---|
| Éischt Ausgab | 2. Oktober 1948 |
| Lescht Ausgab | 18. Dezember 2025 |
| Land | Lëtzebuerg |
|
| |
Die Warte / Perspectives, allgemeng als d'Warte bekannt, war eng kulturell Bäilag zur Dageszeitung Luxemburger Wort. Se hat d'Ënnertitele Vue hebdomadaire sur les arts et les idées an Das Feuilleton im Luxemburger Wort.
D'Warte koum gemenkerhand all Donneschdeg eraus an hat eng eege Redaktioun am Siège vu Saint-Paul, respektiv Mediahuis Luxembourg. Reegelméisseg Theeme ware Musek, Reportagen, Geschicht, Philosophie, Relioun, Literatur a Lyrik. Donieft gouf et nach Rubricken.
Als Nofollger vun Die Rundschau, déi tëscht 1933 an 1938 publizéiert gouf, huet den deemolege „Wort“-Redakter Pierre Grégoire, d'Warte gegrënnt; déi éischt Nummer[1] ass Samschdes den 2. Oktober 1948 erauskomm[2]. Déi lescht Editioun (Nr 2848) ass 77 Joer no der Grënnung, Donneschdes, den 18. Dezember 2025 publizéiert ginn. D'Redaktioun huet d'Ofschafe vun der Warte domat erkläert, datt d'"Kulturaarbecht, wéi d'Warte se verstanen huet, ni moudesch, ni haart war. Si huet sech op d'Substanz konzentréiert, net op Schlagzeilen. An awer hu sech d'Bedierfnesser an d'Behuele vun de Lieser geännert, deenen d'Mediewelt sech net verschléisse kann“.[3][4]
Die Warte gouf 2026 mam neie Magasinn .kult ersat, dat vum 3. Januar 2026 un all éischte Samschdeg am Mount erauskënnt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1948 Archivéiert den 01.12.2021. Gekuckt de 06.04.2012.
- ↑ Lenners, P., 1998. 50 Jahre "Warte"!: am 2. Oktober 1948 erschien die erste Nummer der kulturellen Beilage des “Luxemburger Wort”. In: Die Warte. - Lëtzebuerg. - Joer 51(1998), n° 27 = n° 1858 (1. Oktober), S. [1].
- ↑ (de) Thill, Marc, Abschied von der „Warte“ – Ein Kapitel Kulturgeschichte endet. wort.lu (18.12.2025). Gekuckt den 18.12.2025.
- ↑ Marc Thill, In eigener Sache, Die „Warte“ im „Luxemburger Wort“ wird durch ein neues Kulturmagazin ersetzt. wort.lu (18.12.2025). Gekuckt den 18.12.2025.
