Heinrich V. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Heinrich V.
1220 – 1281
Henri V de Blonden.jpg
Grof vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1235/1247-1281
Virgänger Ermesinde
Nofolger Heinrich VI.
Papp Walram III vu Limburg
Mamm Ermesinde

Den Heinrich V. de Blonden, gebuer am November 1220 a gestuerwen de 24. Dezember 1281 zu Mainz[1], war vun 1235/1247 bis 1281 Grof vu Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich war dat zweet Kand vun der Ermesinde vu Lëtzebuerg an hirem zweete Mann Walram III. vu Limburg. Wéi säi Papp 1226 gestuerwen ass, war den Heinrich nach mannerjäreg a well seng Mamm als Fra virum Gesetz mannerjäreg war hat hire Mann hire Stéibouf an Eedem Walram vu Montjoie-Falkenberg als Momper agesat. Wéi den Heinrich am November 1235 groussjäreg gouf (dat war déi Zäit mat 15 Joer de Fall) huet e sech als Grof vu Lëtzebuerg a Maarkgrof vun Arel betitelt, mä bis dem Doudesjoer vu senger Mamm 1247 huet en awer mat hir zesummen d'Regierungsgeschäfter gefouert. Eréischt duerno huet en eleng regéiert.

Den Heinrich de V. war deen éischte Grof, deen eng Form vum Lëtzebuerger Wope benotzt huet, déi haut nach bekannt ass.

Hien huet sech am Abrëll 1240 mat der Margréit vu Bar bestuet. Si huet als Dott d'Grofschaft Ligny matbruecht. Si ass den 23. November 1273 oder 1274 gestuerwen.

Den Heinrich V. hat vun der Säit vu senger Mamm, der Ermesinde, d'Grofschafte Lëtzebuerg a Laroche geierft (Durbuy goung u säi Brudder Gerard, an Namouer huet schonn zanter 1192 engem Koseng vu senger Mamm, dem Baldouin V., Grof vum Hainaut, gehéiert), huet sech awer vun Ufank un Grof vun Namouer a vu Lëtzebuerg genannt fir domat seng Uspréch op d'Grofschaft Namouer ze weisen. Vu sengem Papp huet en nach d'Maarkgrofschaft Arel geierft, dee se senger Mamm fir d'Bestietnes geschenkt hat, mee se duerno als Limburger Lehen bei de Lëtzebuerger gelooss huet. De 24. Juli 1239 huet den Äerzbëschof Theoderich vun Tréier der Ermesinde an dem Heinrich V. d'Stad Béibreg als Lehen ginn.

Vun 1256 bis 1264 war hien, nodeem hien Namouer 1256 iwwerfall hat, iwwerdeems de Maarkgrof Baudouin II. vu Courtenay zu Konstantinopel war, Grof vun Namouer ënner dem Numm Heinrich III. vun Namouer. De Baudouin huet awer dem Guy vun Dampierre seng Rechter vun Namouer iwwerginn an deen huet Namouer erëm zréckeruewert. Nodeem déi zwéi Fridde geschloss haten, huet de Guy dem Heinrich seng Duechter Isabelle bestuet.

Hie war och mat sengen aneren Noperen, den Herzoge vu Loutrengen a Limburg an dem Grof vu Bar enk Famill (cf. säi Stammbam hei drënner), wat awer net verhënnert huet datt Differenze mat verschiddene vun hinnen opkoumen a souguer op d'Schluechtfeld gezu gouf. Wéi säi Schwoer, den Theobald II. vu Bar, wéinst Ierfstreidereien 1266 Ligny eruewere gaangen ass, do koum et doropshin de 14. September vum selwechte Joer bei Prény südlech vu Metz zu enger Schluecht tëscht dem Heinrich V. a sengem Neveu dem Herzog Friedrich III. vu Loutrengen op där enger Säit (si sinn dat Joer e Schutz- an Trutzbündnes géint Bar agaangen), a sengem Schwoer vu Bar an dem Bëschof Wilhelm vu Metz op där anerer Säit. Den Heinrich V. huet verluer, gouf gefaange geholl an net wäit ewech op Pont-à-Mousson verschleeft. 6 Méint drop hat seng Fra d'Léisegeld zesummen (5000 Mark Sëlwer hat se beim Theobald, Kinnek vun Navarra a Grof vun der Champagne, geléint, mam Friedrich III. vu Loutrengen als Bierg) an den Heinrich V. konnt nees heem. 1268 huet de franséische Kinnek Louis den Hellegen als Arbitter de Sträit entscheet a Ligny koum nees zréck un d'Lëtzebuerger.

Wéi de Louis den Hellegen 1270 zum Aachte Kräizzuch opgeruff huet, war den Heinrich V. mat vun der Partie a wéi de Kinnek de 25. August vum selwechte Joer un enger Ruhr- an Typhus-Epidemie zu Karthago gestuerwen ass, huet de Kinnek vu Sizilien Charles I. den Heinrich V. als neien Expeditiounsleeder proposéiert[2], mä déi Aufgab schlussendlech awer selwer iwwerholl.

E Wuert sollt nach iwwer de Rudolf vu Sterpenich verluer ginn, Bouf vum Johann vu Sterpenich deen e Vertraute vun der Ermesinde war, sou datt et net verwonnert datt de Rudolf wuel d'Vertraue vum Heinrich V. hat. Op alle Fall ass de Rudolf als éischt Propst vu Béibreg ginn, a wärend der Gefaangeschaft vum Heinrich V. waren et sonner Zweiwel d'Margréit an hir zwéi Bouwen déi hien zum Ritterriichter vun Arel gemaach hunn. 1271 gëtt en dozou och Riichter vum Adel vu Lëtzebuerg. 1276 huet den Heinrich V. en nach derbäi zu sengem Seneschall (eng Zort Vizegrof oder Staatsminister) gemaach, wat ëm dunn awer zevill gouf an en huet d'Joer drop säi Riichteramt ofgi fir just nach Seneschall ze si bis zum Doud vum Grof.

Wéi de Friedrich III. vu Loutrengen 1278 säi Bouf Matthäus mam Theobald II. vu Bar sengem Meedchen Aleidis bestuet huet, do huet en dem Barer sengem Bouf a Brudder vum Aleidis d'Herrschaft Lonkech ofgetratt, dee se dem Matthäus awer direkt nees als Lehen zréckginn huet. Trotzdeem war elo de Barer do offiziell Lehnshär an domat Noper vum Lëtzebuerger, an déi zwéi ware sech wéi gesot net gréng. D'Situatioun am Südweste vun der Lëtzebuerger Grofschaft ass doduerch geféierlech ginn, verwurrelt war se awer och: d'Loutrenger/Barer hate selwer Deeler vu Péiteng an Nidderkäerjeng, wa se do agefall wieren hätte se also och eegent Land verwüst, gläichzäiteg waren hir Enklaven do de Lëtzebuerger relativ ausgeliwwert. Déi einfachst a bëllegst Verdeedegungsform fir béid Parteie war d'Befreiung vun hire Leifeegenen, fir datt déi an Zukunft selwer hiren neie Privatbesëtz verdeedege sollten, eventuell och andeems se géint d'Bezuele vun enger Karrent e Schutzbündnes mam géignereschen oder soss engem anere Landeshär agaange sinn. De 4. Mäerz 1281 huet de Friedrich III. vu Loutrengen sonner Zweiwel mat Zoustëmmung vum Barer Lehnshär Lonkech a wuel och d'loutrengescht Péiteng an Nidderkäerjeng befreit. Säi Monni Heinrich V. ass ee Mount drop nogezunn an huet de 4. Abrëll 1281 mat sengem Vasall a Vertraute Rudolf vu Sterpenich déi lëtzebuergesch Deeler vu Péiteng an Nidderkäerjeng befreit, grad wéi och Lénger.

Den Heinrich V. ass de 24. Dezember 1281 zu Mainz um Haff vum Keeser gestuerwen. E gouf nieft senger Fra an der Abteikierch vu Clairefontaine begruewen. Hir Griewer goufe vu franséische Revolutiounstruppen zerstéiert.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Bestietnes 1240 mat der Marguerite vu Bar (1220-1275), Duechter vum Henri II., Grof vu Bar, an der Philippa vun Dreux, gounge 7 Kanner ervir:

Dozou koumen nach illegtim Bouwen, e Balduin (†1288) an den Heinrich, Här vun Houffalize (†1288). De Stierfdatum ass bei alle véier Bouwen net vun ongeféier deeselwechten, se koumen nämlech alleguerte bei der Schluecht vu Worringen ëm d'Liewen.

Stammbam vum Heinrich V. a senge Kanner
Sekretssigel vum Heinrich V. vu Lëtzebuerg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • René Klein, "1281, Péiteng erhält de Fräiheetsbréif" in "Péiteng, aus der Geschicht vun enger Uertschaft", S. 47-87

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinrich V. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Ermesinde
Grof vu Lëtzebuerg
1247 - 1281
Nofolger:
Heinrich VI.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. R.Klein, "1281, Péiteng erhält de Fräiheetsbréif" in "Péiteng, aus der Geschicht vun enger Uertschaft", S. 56
  2. Gade J. A., "Lëtzebuerg am Mëttelalter", 1951, S. 100