Maarkgrofschaft

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Maarkgrofschaft, aus dem Alhéichdäitsche "marcha" - "Grenz" (fr: marche oder marquisat, dt: Markgrafschaft), war an der karolengescher an ottonescher Zäit eng speziell Form vu Grofschaft, déi vun engem Maarkgrof (fr: marquis) regéiert gouf.

Maarkgrofschafte goufe laanscht de Grenze vun engem Räich ugeluecht an hir Herrscher waren de Kinneke meeschtens als direkt Vasallen ënnerstallt.

Beispiller vu mëttelalterleche Maarkgrofschafte sinn: Namouer (vun ~1190 un), Arel, Flandern, Burgund oder och Éisträich.