Märjendaller Klouschter

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'fréiert Klouschter Mariendall (2016)

D'Klouschter Märjendall läit an der Uertschaft Mariendall, am Äischdall, am Nordoste vun Aansebuerg an der Gemeng Helperknapp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf am 13. Joerhonnert vun den Dominikanerinne vu Stroossbuerg gegrënnt.

War et um Ufank nach e ganz aarmt Klouschter, sou huet sech dat séier geännert wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 bis Priorin gouf. Duerch en etlech Schenkungen (Lännereien,...) vun de Grofe vu Veianen a Lëtzebuerg huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Ënner dem Altor vun dëser Kierch war och dem Yolanda säi Graf.

Wéi Lëtzebuerg dunn am 18. Joerhonnert un Éisträich gefall ass, huet de Joseph II. 1783 all déi kontemplativ Uerden opgeléist, wou och de Mariendall drënner gefall ass.

1890 hunn déi Wäiss Pateren dat verfalent Klouschtergebai vum Grof Friedrich Mathias von Spee kaaft, dat deen zéng Joer virdru selwer kaaft hat well e wëlles hat, do Dominikanerpateren unzesidelen. Deenen hat et net do gefall a sou koumen am Oktober 1890 déi éischt Bridderkandidaten an de Märjendall. Schonn 1894 gouf zu Tréier en neit Klouschter gegrënnt, fir Paterepostulanten.

Eng Zäitchen huet d'Klouschter Mareiendall de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne gehéiert. Am Zweete Weltkrich war et fir en etlech Flüchtlingen en Daach iwwer dem Kapp.

1974 goufen d'Gebaier vum Lëtzebuerger Staat fir 12 Millioune Frang kaaft an 1977 krut de Service National de la Jeunesse se zur Verfügung gestallt.[1]

1999 huet de Staat och de Bauerenhaff nieft dem Klouschter kaaft a vun 1999 bis 2010 goufen Asylanten do ënnerbruecht.

D'Plaz gouf mat alle Gebaier den 13. September 2002 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.[2] 2008 gouf e Gesetz gestëmmt iwwer d'Renovatioun vum Klouschter fir 22,6 Milliounen Euro. No der kompletter Renovatioun, déi 2010 ugefaange gouf, goufen d'Gebaier den 8. Juli 2016 als Centre de jeunesse Marienthal offiziell nees opgemaach.[3]

D'Klouschterkapell[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier Klouschterkapell, déi der Rousekranzkinnigin geweit war, ass an der Tëschenzäit sekulariséiert ginn, a gëtt hautdesdaags als Festsall benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Märjendaller Klouschter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nonnen, afrikanische Väter und ein Haufen Kinder op wort.lu vum 8. Juli 2016
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 19. September 2018).
  3. " Inauguration du Centre de jeunesse Marienthal." Communiqué op gouvernement.lu, 08.07.2016 (15:00).