Kolonialissem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kolonien an Afrika ëm 1914

Als Kolonialissem oder Kolonialismus gëtt am Allgemengen d'Politik vum Besetzen an Ausbeite vu frieme Gebidder, meeschtens an Iwwerséi, vun europäesche Länner, tëscht dem 16. an 20. Joerhonnert verstanen. Et ass eng territorial Vergréisserung vun engem Staat, déi vun enger militärescher, politescher a wirtschaftlecher Kontroll iwwer déi ënnerworfe Kolonie markéiert ass. D'Herrschaft déi d'Europäer an deem Zäitraum iwwer grouss Deeler vun der Welt haten, war gréisstendeels en Ënnerdréckungssystem deen op Rangstegkeet, Rassissem a missionareschem Eifer baséiert huet. Zu de grousse Beispiller wou Kolonialmuechten radikal iwwer Läiche gaange sinn, zielen do Nord- a Südamerika wou d'Urawunnwer praktesch ausgeläscht goufen, Afrika wou méi wéi zwielef Millioune Schwaarzer versklaavt an iwwer den Atlantik verschleeft goufen, oder Indien wou de Britisch Empire Millioune vun Hongerdoudegen a Kaf geholl huet. Et gouf awer net nëmmen De Kolonialissem, mä et gouf en a ville Formen an Aspekter. Sou gehéieren zur Geschicht vum Kolonialissem net nëmme Leit wéi de Kolumbus, de Vasco da Gama an den James Cook déi mat hire risikoräiche Reesen an onbekannt Géigenden, d'Wëssen iwwer d'Welt vergréissert hunn, mä och skrupellos Geschäftsleit wéi den Hollänner Jan Pieterzoon Coen dee fir d'Ostindiengesellschaft d'Awunner vu ganzen Inselen am Pazifik nidderbrätsche geloos huet.

Bevëlkerungsstruktur war och dacks ënnerschiddlech. Dacks hunn do Honnertdausende vu Siidler meeschtens Baueren aus dem Mammeland gewunnt, wéi z. B. an Algerien oder nëmmen e Grappvoll vun Delegéierten wéi an Däitsch-Neiguinea dat vu Berlin aus dirigéiert gouf.

De Kolonialissem huet awer net nëmme Misär mat sech bruecht, mä en huet och dacks bei der Moderniséierung an de koloniséierte Gebidder gehollef. Sou goufen z. B. fir eng besser Exploitatioun Eisebunne gebaut, et goufe Verwaltungen ageriicht, en ëffentlecht Gesondheetswiesen op d'Bee gestallt a Schoule gebaut an deenen zu gudder Lescht déi eenheemesch Elite ausgebilt gouf déi et wéi de Mahatma Gandhi an de Jawaharlal Nehru an Indien oder de Kwame Nkrumah am Ghana, spéider fäerdegbruecht hunn, fir hiert Land nees an d'Onofhägerkeet ze féieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

E vun de Grondsteng fir de Kolonialissem vum 15./16. Joerhonnert un, war den Traité vun Tordesillas an deem d'Spuenier an d'Portugise sech mam Seege vum Poopst Alexander VI. d'Welt gedeelt hunn. Duerno koum et nom Magellan senger Weltëmseeglung, nach 1929 zum Traité vu Saragossa dee mat Hëelef vum Poopst Clemens VII. zustane koum. Dobäi gouf am Traité vun Tordesillas de 46. Grad westlech Längt als Grenz bestëmmt. Westlech dervun hunn Spuenier sech all nei endeckt Gebidder däerfen ënner den Nol rappen, an ëstlech dervun kruten d'Portugiesen alles. Am Traité vu Saragossa goung et drëms fir d'Streidereien ëm d'Molukken op en Enn ze bréngen.

Mä déi Arrangementer haten net ganz vill gedéngt, well ongeféier vu 1600 un hunn d'Fransousen, d'Englänner an d'Hollänner dee Monopol an Amerika an an Asien gebrach an hir eege Kolonien do opgeriicht. D'Russen hu probéiert fir sech um Land auszebreeden. Den éischte Krich an de Kolonien tëscht zwee Länner gëtt an Nordamerika am Kontext vum Siwerjärege Krich ausgedroen, well Frankräich a Groussbritannien sech och do ëm hir Besëtzer gestridden hunn, woubäi Frankräich do e Pak vu senge Gebidder verlueren hat. Däitschland dat am Ufank net sou staark an der Course ëm d'Kolonië matgemaach hat, hat et bis 1914 trotzdeem bis op déi drëtt Plaz bei de Kolonialmuechte bruecht, hanner Groussbritannien a Frankräich. Hannendru kommen d'Belsch an d'Italiener. Ëm 1914 gouf et ausser de Polargebidder nëmmen nach wéineg Gebidder op der Weltkugel déi net vun den Europäer koloniséiert sinn, oder fréier Kolonië waren.

Type vu Kolonien[änneren | Quelltext änneren]

  • Siidlungskolonie si Kolonien déi vun Emigrante vu Kolonialmuechten, virun allem a gënschtegen Agrargéigenden ugeluecht goufen an déi besonnesch vum Groussgrondbesëtz a vun der Plantagenexploitatioun markéiert sinn. Sou Kolonie sinn net nëmme geduecht fir d'Land am Besëtz ze hunn an auszebeiten, mä fir et selwer ze bewirtschaften a mat sengen eegene Leit ze besidelen. Op laang Siicht sinn d'Siidlungskolonien déi schlëmmst Form mat där d'Europäer Land a Besëtz geholl hunn. Vu 1607 un hu britesch Siidler d'Indianer an Nordamerika geziméiert, an daselwecht geschauch vu 1788 un mat dem Aborigenes an Australien. An der Karibik goufen Urawunner vun den Europäer, verdriwwen, ëmgesidelt, doutgeschloen a mat déitleche Krankheeten infizéiert an duerno, well net méi genuch Leit do ware fir ze schaffen, mat Sklaven aus Afrika ersat. An Nordamerika gouf 1607 Jamestown gegrënnt, den Englänner hir éischt dauerhaft Kolonie an der neier Welt nodeems d'Kolonie vu Roanoke net iwwerlieft hat.
  • Wirtschaftlech Kolonië goufe gegrënnt fir eng Garantie fir Réimaterial ze hunn dat do konnt ofgebaut ginn oder fir Mäert vu sengen eegene Wueren z'erschléissen. An deene Kolonie gëtt et keng signifikant Emigratioun awer mat Hëllef vu hire bessere Waffen kommandéieren do e puer Europäer d'Majoritéit vun den Awunner. Déi meescht Kolonien an Afrika sinn där Kolonien, awer och Franséisch Indochina, Indonesien, Britesch Indien oder Däitsch Neiguinea a Südostasien kënnen derzou gerechent ginn.
  • Militärkolonien déi op Basis vu geopoliteschen Argumenter, am Ufank meeschtens fir d'Ofséchere vu wichtege Séistroossen, ugeluecht goufen.
  • Strofkolonien, déi als Plaz fir Prisonéier vum Mammeland ugeluecht goufen.

Kolonialmuechten[änneren | Quelltext änneren]

  • Portugal: Déi portugisech Kolonien sinn haaptsächlech Handelsstëtzpunkten oder Inselen, mat Ausnahm vu Brasilien, dem Angola an dem Mosambik.
  • Spuenien: Spuenien ass joerhonnertelaang Meeschter a groussen Deeler vun Nord- a Südamerika besonnesch op der Westküst souwéi op de Philippinnen a méi spéit och op der Küst vu Westafrika.
  • Frankräich: Am Laf vun der Geschicht hat Frankräich Kolonien an Nordafrika an an Nordamerika wou se jeeweils een Drëttel vum Kontinent koloniséiert haten. Déi nordamerikanesch kolonien huet et u Groussbritannien an u Spuenien verluer.
  • Groussbritannien: Am 19. Joerhonnert huet London iwwer e Véirel vun der Welt regéiert an hat dat gréisst Kolonialräich an der Geschicht.
  • Holland: D'Hollänner hunn de Portugiesen an Asien Konkurrenz gemaach an haten hie gréisst Kolonien am haitegen Indonesien.
  • Däitschland: Obschonn déi Däitsch als Handelsleit a Séifuerer bei fréien Entdeckungsreese mat derbäi waren, gouf Däitschland réischt no 1884 eng richteg Kolonialmuecht.
Chronologie vum Kolonialissem
An dëser Tabell sinn déi wichtegst Eckdaten aus der Geschicht vum Kolonialissem opgezielt.
1415 Eng portugisesch Flott eruewert d'Stad Ceuta. De portugisesche Kinnek Joa II. hat d'Decisioun fir do en Handelsstëtzpunkt ze hunn wahrscheinlech wéinst dem intensive Goldhandel an där Regioun getraff. Deen Datum markéiert den Ufank vun der europäescher Expansioun an Afrika.
1450 Portugisesch Séileit déi op der Sich no Gold, Elfebeen an no Sklave sinn, kommen als éischt Europäer op de Kap Verde. An de Joren duerno hu s'ee Wee fir op d'asiatesch Mäert, besonnesch wéinst Gewierzer gesicht an hunn an deem Zock laanscht d'afrikanesch Küst ëmmer méi Handelsstëtzpunkten opgebaut a 1488 ass de Bartolomeu Dias ëm de Kap vun der Gudder Hoffnung geseegelt.
1492 A Spuenien gëtt d'Kinnekspuer Ferdinand an Isabella dem Genuaner Christoph Kolumbus den Optrag eng westlech Route fir an Indien ze sichen an all nei entdeckt Inselen a Länner fir si a Besëtz ze huelen. No enger Rees vun zwéi Méint war hien op de Bahamas ukomm wou hie bei der Insel Guanahani den Anker geworf huet. Dat war den Ufank vun der Entdeckung an Eruewerung vun Amerika.
1494 Am Traité vun Tordesillas eenege sech d'Spuenier an d'Portugisen op d'Ogrenzung vun hiren Intressensgebidder.
1498 De Portugis Vasco da Gama seegelt ëm d'Südspëtzt vun Afrika a laanscht d'ostafrikanesch Küst. Mat Hëllef vun engem muslemesche Séifuerer seegelt en duerch den Indeschen Ozean a kënnt sou als éischten Europäer an Indien. Zu Calicut fänkt en u Geschäfter mam Fierscht aus där Géigend ze maachen a kënnt mat engem Schëff voller Gewierzer a Portugal zréck.
1500 Op der westlecher Route no Indien, kënnt de Portugis Pedro Alvares Cabral bis op d'brasilianesch Ostküst an hëlt d'Land fir säi Kinnek a Besëtz.
1510 Den Alfonso de Albuquerque eruewert op der Indescher Westküst d'Hafestad Goa, déi lues a lues den Zentrum vum portugisesche Kolonialräich gëtt, dat sech ëm den indeschen Ozean entwéckelt.
1512 D'spuenesch Kroun gëtt e Gesetz iwwer d'Zwangsaarbecht vun den Urawunner a Mëttel- a Südmarerika eraus, déi sougenannt Encomienda. Domat kruten d'Kolonisten eng gewëssen Zuel vun Eenheemeschen uvertraut (es:encomendar). De Loun fir déi Leit bestoung doraus datt se sollten ziviliséiert ginn, a mam Léiere an Unhuele vum chrëschleche Glawen sollt hir Séil gerett ginn.
1519 Mat enger Trupp vu 500 Mann gräift de Spuenier Hernando Cortés d'Azteken a Mexiko un. De Konquistador konnt sech mat aneren Indianerstämm zesummendoen a sou bis 1521 d'Aztekeräich deem säin Herrscher de Montezuma II. 1520 ëm d'Liewe komm war, ënnerwerfen.
1529 Mam Traité vu Saragossa reegelen d'Spuenier an d'Portugisen d'Proprietéitsverhältnesser ëm d'Molukken
1532 Mat kapps 200 Mann fänkt de spueneschen Aventurier Pizzaro un d'Inkaräich z'erueweren. D'Joer drop kann hien den Inkakinnek Atahualpa gefaangen huelen an d'Haaptstad Cuzco erueweren. Op der Pazifikküst grënnt en d'Stad Lima déi d'Haaptstad vum neie Vizekinnekräich Neikastilien (haut Peru) gëtt. Geschwë gehéiren all spuenesch Territoiren a Südamerika zu deem Kinnekräich. Just Venezuela gehéiert mat ë. a. Mexiko zum mëttelamerikanesche Vizekinnekräich Neispuenien. Formell sinn déi Länner keng Kolonien, mä sinn den europäesche Länner ënner spuenescher Kroun gläichgestallt.
1533 Fir de franséischen Händler a Brasilien op de Virzock ze kommen wëll de portugisesche Kinnek systematesch koloniséieren, an e vergëtt lanscht Küst 15 grouss Léinen. Do entsi grouss Siidlungen an et gi Plantagë fir Zockerouer ugeluecht op deenen d'Indianer schaffe mussen. Well der vill wéinst der schwéierer Aarbecht an de Seuche stierwen gëtt ugefannge fir Sklaven aus Westafrika z'importéieren.
1545 An der Géigend vun der haiteger Stad Potosi hunn Spuenier Sëlwer entdeckt. Si hunn dunn do eng Miniére ugeluecht an déi mat Zwangsaarbechter exploitéiert. Déi Minière ass an der neier Welt eng vun wichstegste Geldquelle fir d'spuenesch Kroun. An honnertsechzeg Joer gi méi wéi 17.000 Tonne Sëlwer no Spuenien verschëfft.
1565 Eng spuenesch Flott ënner dem Miguel Lopez de Legazpi déi vu Mexiko aus gestart war, lant op de Philippinen an hëlt se fir Spuenien a Bësetz obscho se nom Traité vu Saragossa de Portugise gehéiert hunn. Déi haten allerdéngs keng Festungen do gebaut an och bal ni Schëffer dohinner geschéckt, a waren zu deem Ament och militäresch net ganz staark.
1597 Zu Amsterdam kommen dräi Schëffer mat Gewierzer un, déi zwee Joer virdrun zu véier a Richtung Java fortgeseegelt waren. Si hunn do trotz dem portugisesche Monopol Gewierzer gehandelt. Déi Fahrt hat zwar kee substanzielle Gewënn bruecht well se just e puer Fässer Peffer déit se driwwer eraus och nach ze deier akaaft haten, mat zréckbruecht hunn, mä et war den Optakt vun enger Hällewull vu Reesen no Ostasien déi vun hollännesche Handelsgesellschafte finanzéiert goufen.
1600 D'Kinnigin Elisabeth gëtt Londoner Geschäftsleit de Monopol fir den Handel mat Indienan anere Géigenden an Asien. Doropshi grënnen déi d'Est India Company Déi éischt Expeditioun fiert mat véier Schëffer fort a kënnt zwee Joer méi Spéit vollgeluet mat Peffer zréck. Sou wéi d'Hollänner setzen d'Englänner am Ufank op privat Initiativen, déi allerdéngs vum Staat ënnerstëtzt ginn.
1602 An Holland fusionnéieren en etlech kleng Handelgesellschaften zur Ostindienkompanie. Déi kritt de Monopol fir de ganzen hollänneschen Handel am Indeschen a Pazifeschen Ozean. Se kritt och nach aner Kompetenzen zougesprach. Fir d'Erweideren an Ofséchere vun hiren Handelsweeër, däerf se Festunge bauen, Zaldoten engagéieren, a Kontrakter aushandelen. Hiren Haaptsëtz an Iwwerséi gëtt vu 1619 un, Batavia op der Nordküst vu Java. Well se d'Awunner op de Gewierzinsele rücksichtslos ënnerworf hunn, hu se Portugal séier als éischt Handelsmuecht an Asien ofgeléist.
1607 104 englesch Auswanderer landen an der Chesapeake-Bay am haitege Virginia a grënnen Jamestown déi éischt permanent englesch Siidlung an Nordamerika. No grousse Schwieregkeeten am Ufank fänkt d'Siidlung un sech mam Ubau vun Tubak ze rentéieren an definitiv z'etabléieren wat den Ufank vun der Kolonie Virginia war.
1608 Um Saint-Lorent grënnt de Fransous Samuel de Champlain d'Handelsplaz Québec. Aus där Siidlung entwéckelt sech d'Kolonie Neifrankräich déi um Enn vum Joerhonnert bis bis un de Mississippi an un de Golf vu Mexiko reecht. Mä am Géigesaz zu den Englänner déi hir Gebidder sytematesch besidelen, limitéiere sech d'Fransousen op de Pelzhandel mat den Indianer.
1613 De Groussmogul Jahangir gëtt der Est India Company e Fräibréif fir eng Siidlung zu Surat op der indescher Nordwestküst ze grënnen. Well de Gewierzhandel scho fest an den Hänn vun den Hollänner ass, konzentréieren d'Englänner sech virun allem op den Handel mat Kotteng a Seid.
1620 No enger Faart vun zwéi Méint verfeelt dat englescht Auswandererschëff Mayflower säin Zil, Virginia, a lant 600 Kilometer nërdlech dervun. Déi 102 Auswanderer grënnen dann do d'Siidlung New Plymouth. An där Regioun déi New-England genannt gëtt entstinn duerch Zouwanderungen aus Europa eng Parti nei Siidlerkolonien.
1624 Op der Insel St. Kitts, déi zu de klengen Antille gehéiert, entsteet déi éisch englesch Kolonie an der Karibik
1652 An enger Bucht am Süde vu Südafrika lant en hollännesche Geschäftsman mat 90 Leit. Hien huet do e Stëtzpunkt opgeriicht fir d'Schëffer vun der Ostindienkompanie op hirem Wee no Asien ze ravitailléieren. Bis 1700 hat d'Kapkolonie sech op e puer Dausend Leit vergréissert.
1659 Op der Insel Gorée an der Bucht vun Hann, an déi de Senegal leeft, entsteet déi éischt franséisch Kolonie an Afrika. D'Fransousen handelen do virun allem mat Sklaven.
1652 De franséischen Entdecker La Salle kënnt vu Kanada aus bis op de Mississippi an hëlt all d'Gebidder laanscht de Floss fir Frankräich a Besëtz.
1757 D'Arméi vun der East India Company klappt am Nordoste vum Land eng vill méi staark Arméi vum Bengalechef déi virdru de britesche Fort zu Kalkutta eruewert hat. Duerno ass d'Handelsgesellschaft praktesch Meeschter a Bengalen, och wann nominell en eenheemeschen Herrscher regéiert.
1763 Den Traité vu Paräis setzt dem Krich vu Grousbritannien géint Frankräich a Spuenien en Enn. Frankräich muss all seng nordamerikanesch Territoiren u Spuenien an u Groussbritannien oftrieden. Vu Spuenien kritt Groussbritannien Florida an e puer Kolonien an Afrika an an der Karibik a gëtt sou déi gréisst Kolonialmuecht.
1770 Den James Cook lant an Australien an hëlt op der Ostküst en Territoire fir Groussbritannien a Besëtz, dee spéider New South Wales gedeeft gëtt.
1773 Wéinst schlechter Gestioun a Korruptiounsvirwërf bei der East India Company setzt déi britesch Regierung e Generalgouverneur an, deen all d'Aktioune vun der Handelsgesellschaft kontrolléiert.
1776 13 britesch Kolonien an Nordamerika schléisse sech zu de Vereenegte Staaten zesummen an erklären hir Onofhängegkeet vum Mammeland. Eréischt no en etleche Néierlagen am Onofhängegkeetskrich erkennt London 1783 d'Decisioun vu senge fréiere Kolonien un. Et ass fir d'éischt an der Geschicht datt e groussen Iwwerséiterritoire sech vun der Herrschaft vum Mammeland ka fräimaachen.
1784 De russesche Pelzhändler Gregori Schelichow ënnerwerft mat Waffegewalt d'Urawunner op der Insel Kodiak virun der Küst vun Alaska an hien a seng Nofolger hunn no an no ganz Alaska fir den Zar a Besëtz geholl.
1788 Eelef britesch Schëffer lande mat ronn 700 Prisonéier op der Ostküst vun Australien. New South Wales gëtt elo eng Kolonie, an déi verurtelt Brigangen aus Grousbritannien an aus Irland deportéiert ginn. No an no ginn nach fënnef weider Kolonien do gegrënnt. Domat huet den Desaster fir d'Arborigenes ugefaangen. Vun am Ufank bal 800.000 sinn der am Ufank vum 20. Joerhonnert nach knapps zeng Prozent Rescht.
1791 An der franséischer Kolonie Saint-Domingue am Weste vun der Karibikinsel Hispaniola maachen d'Sklaven eng Revolt. Hire Chef ass den Toussaint Louverture e Sklav dee fräigelooss gi war. Déi Revolt war de Start fir an d'Onofhängegkeet vun där Kolonie déi sech, nodeems d'Fransousen definitiv geklappt goufen, 1804 als Republik Haiti deklaréiert huet.
1799 Déi hollännesch Regierung liquidéiert d'Ostindienkompanie an d'Territoirë vun der Kompanie, haaptsächlech dat haitegt Indonesien, ginn d'staatlech Kolonie Nidderlännesch Indien.
1806 No enger Attack vun der Royal Navy a Südafrika fält d'Kapkolonie ënner britesch Gewalt. 1814 ginn d'Hollänner de Briten de ganzen Territoire.
1830 Franséisch Truppe besetzen Algerien, dat méi wéi 300 Joer zum osmanesche Räich gehéiert huet. Dat ass den Ufank vun der franséischer Kolonialherschaft an Nordafrika
1851 Zanter datt 1833 an de briteschen Iwwerséigebidder de Mënschenhandel verbuet gouf, hu britesch Schëffer d'Afrikanesch Küste stänneg iwwerwaacht. Wéi de Kinnek vu Lagos refuséiert huet d'Sklavemäert op sengem Territoire ze verbidden huet d'Royal Navy Lagos attackéiert. Zeng Joer drop haten Briten dat ganzt Kinnekräich anektéiert, a sou ass bis 1914 d'Kolonie Nigeria entstanen.