Rassissem

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Rassissem oder och Rassismus versteet een all Theorie oder Praxis déi Mënschen op Grond vu reale kierperleche Charakteristiken (wéi zum Beispill d'Hautfaarf) oder zougeschriwwenen (net mooss- oder zielbaren) Eegenschaften am Sënn vu Mentalitéiten a Rassen andeelt, wou all Rass en anere Status huet. Dëst kann an der Theorie vun oniwwerluechte Virurteeler bis zu richtegen Ideologië goen, déi d'Mënsche vu verschiddenen "Rassen" ënnerschiddlech bewäerten. Praktesch geet dëst vun enger einfacher Trennung bis zu enger Diskriminéierung vun "Rassen".

Rassistesch Regimmer ware beispillsweis d'Drëtt Räich (1933-1945), a Südafrika bis 1994.

De Begrëff "Rassismus" huet eng pejorativ Konnotatioun.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Rassismus – Biller, Videoen oder Audiodateien