Ferdinand Magellan

Vu Wikipedia
Ferdinand Magellan
Gebuer 1480 jul.
Gestuerwen 27. Abrëll 1521 jul.
Doudesursaach am Asaz gefall
Aktivitéit Explorateur, Séimann

De Fernão de Magalhães, och alt nach Ferdinand Magellan, gebuer ëm 1480 a gestuerwen de 27. Abrëll 1521 op der Insel Mactan an de Philippinnen, war e portugisesche Séifuerer.

Mat 12 Joer koum de Jong vun engem portugiseschen Adlegen op de kinneklechen Haff fir do erzunn ze ginn. Mat 25 Joer huet hien un enger Expeditioun an Indien deelgeholl an huet bannent e puer Joer an de Kolonië geschafft. Wéi hie wéinst Beschëllegegunge vu Verontreiung vu Gidder vum portugisesche Kinnek an e schlecht Liicht gerode war huet de Fernão de Magalhães dem Keeser Karel V. seng Déngschter ugebueden. Säi Plang fir um Westwee bei d'Gewierzinselen ze kommen, huet dem Karel V. gefall.

Den 20. September 1519 huet de Fernão de Magalhães sech mat 5 Schëffer fir déi éischt Weltëmsegelung op de Wee gemaach. No der Faart iwwer den Atlantik ass hie vu Rio de Janeiro no Süde bis an d'Bucht San Julian op der Südküst vun Argentinie geseegelt. Do huet hien am Laf vum Wanter eng Meuterei missen néierschloen. Am Oktober 1520 huet hien déi no him benannt Magellan-Strooss tëscht dem Festland a Feierland entdeckt duerch déi hie mat 3 Schëffer an de Pazifeschen Ozean koum.

Am Mäerz 1521 huet hien d'Marianen an d'Philippinnen erreecht. Wéi hien aus Frëndschaft mat engem Häuptling vun den Urawunner un engem Sträit deelgeholl huet gouf hien dobäi doutgeschloen. Duerno huet de Juan Sebastián Elcano dem Magalhães seng Weltëmsegelung op en Enn bruecht. Am September 1522 ass d'"Victoria" als eenzegt Schëff mat Gewierzer vun de Molukken an 18 Iwwerliewenden a Spuenien ukomm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand Magellan – Biller, Videoen oder Audiodateien