Alexander VI.

Vu Wikipedia
Alexander VI.
Gebuer 1. Januar 1431 jul.
Xàtiva
Gestuerwen 18. August 1503 jul.
Roum
Doudesursaach Malaria
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit kathoulesche Priister
Famill
Papp Jofré Llançol i Escrivà
Mamm Isabella de Borja
Geschwëster Tecla de Borja

Den Alexander VI. (biergerlech Rodrigo de Borja, italieenesch Borgia, gebuer den 1. Januar 1431 zu Játiva bei Valenzia, a gestuerwen den 18. August 1503, zu Roum war vu 1492 bis 1503 Poopst vun der Kathoulescher Kierch. Säi kathoulesche Gedenkdag ass den 18. August. Hie gëllt als ee vun de schrecklechste Muechtpolitiker a schillernste Peepst aus senger Zäit.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Säi Monni Alfonso Borgia, deen als Kalixt III. vu 1455 bis 1458 als Poopst regéiert huet, huet him e Weiderkommen an der kierchlecher Hierarchie erméiglecht.

De Rodrigo Borgia war zwar kee Geeschtlechen, dat gouf hien eréischt e puer Joer méi spéit, trotzdeem hat säi peepstleche Monni hien 1456 zum Kardinol ernannt. Méi spéit war hien och nach Vizekanzler, dat en zu engem vun de räichste Männer an Europa gemaach huet.

Trotz senger Kierchendignitéit war hien der Sexualitéit net ofgeneigt. Typesch fir d'Renaissance huet en dat och net probéiert ze verheemlechen. Mat der Mamm vu senge Kanner Juan (spéider Herzog vu Gandia), Cesare (spéider Herzog vun de Romagna), Lucrezia (spéider Herzogin vu Ferrara) a Jofré huet hien, deemools nach als Kardinol, ongeféier 20 Joer laang mat senger Konkubine Vanozza Catanei zesumme gelieft.

De Poopst Alexander VI.[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. August 1492 gouf hien zum Poopst Alexander VI. gewielt, woubäi et sech zäittypesch ëm Simonie (also Ämterkaf) gehandelt huet. Säin Nepotismus allerdéngs gouf him spéider méi iwwelgeholl: Sengem Bouf Cesare huet hien, géint deem säi Wëlle, zum Bëschof ernannt. Och aner Spuenier, déi hien an d'Land geholl huet, goufe begënschtegt. Och legendär sinn d'Geschichten, hien hätt mat senger eegener Duechter Lucrezia geschlof a lästeg Géigespiller mam berüümte "Borgia-Gëft" aus dem Wee geraumt.

Eng Villzuel vun Exzesser, déi him nogesot goufen, huet Kritiker haart gi gelooss. De bekanntste Vertrieder gouf den Dominikanerpater Girolamo Savonarola vu Florenz, deen uganks nach ëm friddlech Gespréicher mam Alexander beméit war an ouni Bedenken him zum Bestietnes vu senger Duechter Lucrezia gratuléiert hat. Den Dominikaner huet d'Ofsetzung vum Poopst gefuerdert, souwéi och kierchlech Reformen. Hien huet gepriedegt: "Där Kierchefürsten,... nuets gitt der bei är Konkubinen a moies bei är Sakramenter."

Bei enger spéiderer Geleeenheet sot hie mol: "Dës Kierchefürste hunn d'Gesiicht vun enger Houer, hir Bekanntheet schuet vill der Kierch. Ech soen iech, se hale näischt vum chrëschtleche Glawen."

Fir datt de Savonarola roueg soll sinn, huet den Alexander VI. him de Kardinolshutt ugebueden. De Savonarola ass haart bliwwen a huet refuséiert. Doropshi gouf en exkommunizéiert a vu senger Stad Florenz arrestéiert, gehaangen a verbrannt.

Den 18. August 1503 ass den Alexander VI. u Symptomer, déi op eng Arsenvergëftung higedeit hunn, gestuerwen.

Bewäertung[änneren | Quelltext änneren]

Desiderando nui, 1499

Seng Verdéngschter[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alexander säi Beméien ëm eng gereegelt Verwaltung vun der Kierch a vum Kierchestaat sinn onëmstridden. Wéineger onëmstridde si seng Verdéngschter ëm d'Missionéierung vu Südamerika. 1494 hat hien duerch de Vertrag vu Tordesillas d'Welt tëscht de Séimuechte Portugal a Spuenien opgedeelt, fir dem Interessekonflikt vun dëse béide chrëschtleche Muechten en Enn ze maachen.

Ernimmt sollt awer och ginn, datt den Alexander ville Judden Asyl zu Roum ginn huet, déi no der Reconquista an Andalusien verdriwwe goufen an op de Protest vun den "allerchrëschtlechsten" spuenesche Kinneke Kathoulesch Kinneken ("Los Reyes Católicos") Isabel I. a Fernando II., mat de Wierder "en hätt de Judde säi Schutz versprach, an dobäi bleift et" geäntwert huet.

Liewenswandel[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alexander säi Liewenswandel ënnerscheet sech u sech net signifikant negativ vun de Liewenstiler vun anere (Kierche-)Fürsten aus dëser Zäit. En Urteel iwwer seng Frëmmegkeet léisst sech net fällen. Gemooss um Usproch vum Poopstëm ass hien awer kritesch ze gesinn. Hien ass bekannt dofir, Kardineel géint Geld z'ernennen, fir se dann ëmbréngen ze loossen. VerUrteelte Mäerder huet hie géint eng entspriechend Spend begnodegt. Iwwerliwwert ass säi Sënnsproch: "Den Här wëll net den Doud vun engem Sënner, mä datt e lieft a bezillt."

Ongewinnt a beim italieeneschen Adel verhaasst war säin ëffentlecht Bekenntnes zu senge Kanner, d'Muechtpolitik déi e mat hinne bedriwwen huet an déi Sonnerbehandlung vu spuenesche Adelsfamillen, déi duerch hien a ganz Italie fouss faasse konnten. De Giovani de Medici sot eng Kéier iwwer den Alexander: "Lo si mer am Grëff vum vläicht wëllste Wollef, deen d'Welt jee gesinn huet."

Den Alexander war ouni Zweiwel liewenslëschteg, sënnlech a muechtbewosst. Datt e sech nach am Alter vu 70 Joer eng ganz jonk Maîtresse gehalen huet, muss souguer zu där Zäit e Skandal gewiescht sinn. Anerersäits sprécht seng oppe Kritik um ausschwäifende Liewe vu sengem Bouf Cesare an déi eegen Aarbechtsdisziplin vum Poopst, dee scho fréi mueres um Schreifdësch souz, géint säin zweet Liewe mat (och Drénk-)Orgien.

Bemierkenswert ass och, datt seng Invitatiounen op Iesse wäithin gefaart waren an no Méiglechkeet gemidde goufen: Net well een hätt kënne vergëft ginn, mä well ëmmer nëmmen ee Plat zerwéiert gouf, wat souguer a ville Kléischter als Zoumuddung empfonnt gi wier.

Den Zwingli iwwer den Alexander VI.[änneren | Quelltext änneren]

De Schwäizer Reformator Ulrich Zwingli huet den Alexander dacks schaarf attackéiert. Hien huet him virgehäit, géint dat grondleeënd 1. Gebot ("Du solls keng aner Gëtter nieft mer hunn", Exodus 20,3), dat et dem Mënsch ënner anerem verbitt, sech selwer zu engem Gott z'erhiewen, ze verstoussen. Domat weist sech, sou den Zwingli, d'Widderchrëschtlechkeet vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Hannergrond ass en Text deen zu Roum bei der Kréinung vum Alexander VI. zum Poopst ze liese war:

Roum hat grouss en Caesar gemaach.
Elo hieft den Alexander et zum Gipfel erop, Mënsch deen, dësen ee Gott!

Nom Fritz Blanke, Haaptschrëfte vum Ulrich Zwingli, Bd. IX: Zwingli, der Theologe. Teil 1: Kommentar Huldrych Zwinglis über die wahre und falsche Religion, übersetzt und erläutert von Fritz Blanke, 1941, S.4; Kuckt och: Klabund: Borgia

Duerno bemierkt den Zwingli an der Virried zum Commentarius de vera et falsa religione vu 1525:

"Mir kënnen et net verleegenen: 'Gott op der Äerd' hu mer hie genannt"
(a.a.O., S.3f).

Well den Alexander sech "Gott" nenne gelooss huet, wier hie vum chrëschtleche Glawen ofgefall.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Geiger, Ludwig (Hg.): Alexander VI. und sein Hof. Nach dem Tagebuch seins Zeremonienmeisters Burcardus; Stuttgart: Lutz, 1912
  • Herrmann, Horst: Die Heiligen Väter. Päpste und ihre Kinder; Berlin: Aufbau-Taschenbuch-Verlag, 2004; ISBN 3-7466-8110-3 (neue Sicht)
  • Reinhardt, Volker: Der unheimliche Papst. Alexander VI. Borgia; 1431 - 1503; München: Beck, 2005; ISBN 3-406-44817-8
  • Reichenberger, Kurt; Reichenberger, Theo: Der Borgiapapst Alexander VI - Monster oder Märthyrer?; Kassel: Edition Reichenberger, 2003; ISBN 3-935004-68-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger Nofollger
Innozenz VIII. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Pius III.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexander VI – Biller, Videoen oder Audiodateien