Ulrich Zwingli

Vu Wikipedia
Ulrich Zwingli
Gebuer 1. Januar 1484 jul.
Gestuerwen 11. Oktober 1531 jul.
Doudesursaach am Asaz gefall
Educatioun Universitéit Wien,
Universitéit vu Basel
Aktivitéit Theolog, Iwwersetzer, Priister, Schrëftsteller, Priedeger

Den Ulrich (oder Huldrych) Zwingli, gebuer den 1. Januar 1484 zu Wildhaus am Kanton St. Gallen a gestuerwen den 11. Oktober 1531 bei Kappel am Albis, war e Schwäizer Theolog a Reformator.

Den Zwingli huet tëscht 1525 a 1531 zu Zürich eng Bibeliwwersetzung no der Septuaginta op Basis vum hebräeschen Text gemaach. D'Iwwersetzung, déi fir d'Vollek geduecht war a gutt bei de Leit ukoum, gëtt als "Züricher Bibel" bezeechent. Hire moderniséierten Text gëtt nach ëmmer gedréckt.

Dem Zwingli seng reforméiert Usiichte goufen zu Zürich, wou hie Paschtouer war, no engem ëffentlech vum Stadmagistrat organiséierte Sträitgespréich offiziell als reliéis Orientatioun vun der Zürcher Gemeinschaft (Stad a Kanton) ugeholl. Haaptënnerscheed mat der Léier vum Martin Luther, mat deem den Zwingli 1529 beim Marburger Reliounsgespréich zësummekomm war, ass datt de Schwäizer Reformator nëmmen eng symbolesch Presenz vu Christus an der Eucharistie gesäit.

Nom Zwingli sengem Doud an der Schluecht vu Kapell, wärend de bewaffneten Ausenanersetzungen tëscht de reliéise Kommunautéiten, sinn d'Zwinglianer, ënner der Leedung vum Heinrich Bullinger, mat den Unhänger vum Jean Calvin 1549 zur Reforméierter Kiirch verschmolz. Just virdrun hate se sech an der Fro oder Interpretatioun vum Abendmahl an enger Reunioun zu Zürich gëeenegt.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Züricher Bibel; Iwwersetzung vun der Septuaginta an d'Däitsch, ënner Réckgrëff op den hebräeschen Text; Zürich, 1531 (éischt Ausgab).
  • Brève instruction chrétienne ; Verlag 'Labor et Fides', Genf, 1953.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Courvoisier, Zwingli ; Verlag 'Labor et Fides', Genf, 1947.
  • J. Courvoisier, Zwingli, théologien réformé ; Verlag Delachaux et Niestlé, CH - Neuchâtel, 1965.
  • J. Rilliet, Zwingli, le troisième homme de la Réforme ; Verlag Fayard, Paräis, 1959.
  • J.V. Pollet, Huldrych Zwingli et la Réforme en Suisse ; 'Presses universitaires de France', Paräis, 1963.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ulrich Zwingli – Biller, Videoen oder Audiodateien