Jean Calvin

Vu Wikipedia
Jean Calvin
Gebuertsnumm Jehan Cauvin
Gebuer 10. Juli 1509 jul.
Noyon
Gestuerwen 27. Mee 1564 jul.
Genf
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich, Republik Genf
Aktivitéit Theolog, Paschtouer, Affekot, Schrëftsteller

De Jean Calvin ("Calvinus", eigentlech Jehan Cauvin), gebuer den 10. Juli 1509 zu Noyon, an der Picardie, a gestuerwen de 27. Mee 1564 zu Genf, war ee franséischen Theolog a Reformator.

No him gëtt eng Stréimung vum Protestantissem, de Calvinismus, genannt.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Calvin huet d'éischt Theologie zu Paräis studéiert, dunn Droit zu Orléans a Bourges, an zum Schluss klassesch Literatur am Collège royal zu Paräis. Vum Erasmus a vum Luther hiren Iddie beaflosst, huet hie sech tëscht 20 a 25 zum Protestantismus bekéiert. Well awer d'Reformgedanken a Frankräich streng bestrooft konnte ginn, well de Kinnek d'Eenheet vu sengem Land net wollt op d'Spill setzen, huet de Calvin sech op Basel ofgesat. Do huet hie säin Haaptwierk, d'Christianae Religionis Institutio, dat hien e Liewe laang ëmmer erëm iwwerschafft huet, verfaasst a 1536 publizéiert. Eng franséisch Ausgab, an där de Calvin sech als Virreider vun der moderner franséischer Sprooch erausstellt, koum 1541 eraus. 1536 koum de Calvin op der Duerchrees op Genf a gouf vum lokale Reformator Guillaume Farel dozou beweegt, do ze bleiwen, fir eng Hand bei der Festegung vun der Reformatioun, déi kuerz virdrun agefouert gi war, unzepaken. De Calvin huet sech wärend zwee Joer beméit, d'Genfer Kierch nei z'organiséieren an ze sécheren, mä de Widderstand war sou grouss, datt hien d'Stad verlooss huet. Hien ass op Basel zeréckgaangen, an dunn op Stroossbuerg weidergereest. Do huet hien, mat 31 Joer, d'Idelette de Bure, d'Wittfra vun engem Frënn an d'Mamm vun zwee Kanner, bestuet. D'Koppel krut bal ee Bouf, deen allerdéngs - grad wéi déi zwee aner Kanner - fréi gestuerwen ass. D'Idelette de Bure ass selwer no knapps néng Joer Bestietnes gestuerwen. De Calvin gouf scho 1541 op Genf zeréckgeruff, well d'Stad an hir Kierch an enger zolitter Kris waren. Déi Kéier konnt de Calvin sech mat sengen Organisatiounsvirstellungen duerchsetzen. Hien huet sech net nëmmen zu engem kierchlechen, mä och zu engem politeschen a pedagogesche Leader entweckelt. Hien huet d'Académie de Genève gegrënnt, déi mat der Zäit eng Hellewull vu reforméierten Theologen ausgebilt huet. Ënner dem Calvin sengem Afloss ass Genf eng vun de geeschtege Metropole vun Europa oder vun der Chrëschtenheet ginn. Genf, dat eng Zort theokratesch Republik gi war, gouf dacks als "protestantescht Roum" bezeechent. Vill verfollegt Hugenotten, déi Frankräich verlooss haten, sinn zu Genf opgeholl ginn, soudatt d'Bevëlkerung vun der Stad sech am Calvin senger Zäit verduebelt huet. De Calvin ass relativ fréi u Krankheet gestuerwen an huet sech anonym begruewe gelooss: kee Grafsteen erënnert un d'Plaz, wou hie seng lescht Rou fonnt huet.

Léier[änneren | Quelltext änneren]

Wann de Martin Luther nach dräi (vun ursprénglech siwe) Sakramenter zeréckbehält, sou bleiwe beim Calvin nach just d'Daf an d'Abendmalfeier (Eucharistie) iwwereg. De Calvin moosst allerdéngs der Predestinatioun méi Bedeitung zou, wéi de Luther dat mécht: nom Calvin huet den Härgott zanter aller Éiwegkeet jiddweree vun äis virausbestëmmt, fir nom Liewen op der Äerd entweeder gerett (=> "Himmel") oder verdaamt (=> "Hell") ze ginn; de Mënsch huet keen Afloss op dat, wat nom Doud mat him geschitt. D'Unhänger vum Calvin hunn am Laf vun der Zäit eng Zort Iwwerzeegung entwéckelt, datt deen, dee sou lieft, wéi eiser Här dat erwaart, an Erfolleg am Beruff a soss am Liewen huet, dovun aus ka goen, datt hie virausbestëmmt ass, fir an d'éiwegt Liewen ("Himmel") ze kommen. Ganz Gesellschaften (d'Hollänner, d'Schotten, d'Puritaner an England an an Nordamerika...) si méi oder wéineger vun där Opfaassung markéiert ginn. Vgl. dozou dem Max Weber seng Theorie...

Publizéiert Wierker (Reeditiounen)[änneren | Quelltext änneren]

Institutio christianae religionis, 1597
  • L'Institution de la religion chrétienne ; Paräis & Genf, Verlag 'Labor et fides', 3 Bänn, 1955-1958.
  • L'Harmonie évangélique: commentaires parallèles de Matthieu, Marc et Luc ; 4 Bänn.

Rezent Ausgabe vun enger Partie vum Calvin senge wichtegsten Texter (a moderner Orthographie gesat):

  • Jean Calvin, Oeuvres ; Paräis, Gallimard, Bibliothèque de La Pléiade, 2009; 1520 Säiten. ISBN 3-260-05086108-3. - Vgl. dozou: Robert Redeker, Le paradoxe de Calvin - Calvin, source paradoxale du monde moderne ; in: Livres / Bücher, periodesch Literaturbäilag vum Tageblatt, Mee 2009.
  • Calvin, Oeuvres choisies ; erausgi vum Prof. Olivier Millet; Paräis, Gallimard, collection 'folio classique', 1995; 333 Säiten. ISBN 2-07-039250-3
  • Calvin, Sermones, Volumen VIII; Genf, Verlag Droz, 2011; 342 Säiten. ISBN 978-2-600-01512-7

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Luc Mouton, Calvin ; Paräis, Gallimard, folio biographies, 2010 (= Originalausgab); 397 Säiten. ISBN 978-2-07-035842-7
  • Volker Reinhardt, Die Tyrannei der Tugend - Calvin und die Reformation in Genf ; C.H. Beck Verlag, München, 2010; 271 Säiten (ill., 3 Kaarten). ISBN 978-3-406-57556-3
  • Victor Conzemius, Jean Calvin: Im Visier das himmlische Jerusalem - Zum 500. Geburtstag des Genfer Reformators ; in: Die Warte / Perspectives, Jgg. 61, Nr. 21/2263 (= Kulturbäilag vum Luxemburger Wort vum 2. Juli 2009), Ss. 1-2.
  • Jacques Blandenier, Martin Luther, Jean Calvin - Contrastes & ressemblances ; F - Charols, Verlag Excelsis (Collection "Les dossiers vivre"), 2008; 302 Säiten. ISBN 978-2-7550-0084-9
  • Max Weber, Die protestantische Ethik und der Geist des Kapitalismus ; vollstänneg Ausgab, erausginn an ageleet vum Dirk Kaesler; C. H. Beck Verlag, München, 2006 (2. Oplo) ; 432 Säiten. ISBN 978-3-406-51133-2
  • Max Weber, L'éthique protestante et l'esprit du capitalisme, suivi d'autres essais ; Paräis, Gallimard, Bibliothèque des Sciences humaines, 2003; 608 Säiten. ISBN 2-07-075392-1
  • Wolfgang Nies, Calvin und der Schöpfergeist des Kapitalismus ; in: Tageblatt, Ausgab vum 9. November 2009 (= Nr. 261); 2. Deel: Der Ahnherr der sozialen Marktwirtschaft ; in: Tageblatt, Ausgab vum 16. November 2009 (= Nr. 267), Ss. 54-55.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Calvin – Biller, Videoen oder Audiodateien