Erasmus vu Rotterdam

Vu Wikipedia
Erasmus vu Rotterdam
Gebuer 28. Oktober 1466 jul.
Rotterdam
Gestuerwen 12. Juli 1536 jul.
Basel
Nationalitéit Siwwenzéng Provënzen
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Iwwersetzer, Philosoph, Theolog, Essayist, Bibeliwwersetzer, Schrëftsteller, Latinist, Priister, Universitéitsprofesser

Den Erasmus (Desiderius) vu Rotterdam, gebuer de 27. Oktober 1466 (oder 1467, 1469) zu Rotterdam a gestuerwen den 12. Juli 1536 zu Basel, war een hollännesche Philolog, Philosoph an Theolog. Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum Humanismus a gëtt dofir dacks als "Fürst vun den Humaniste" bezeechent.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Erasmus koum als Jong vun engem Priister a vun enger Dokteschduechter op d'Welt. Well hie seng Eltere fréi, duerch eng Peschtepidemie, verluer huet, huet hien - ënner dem Drock vu senger Famill - missen an d'Klouschter goen. De 5. Abrëll 1492 gouf hien zum Priister geweit, a kuerz duerno koum hien als Sekretär bei de Bëschof vu Cambrai. Mat der Ënnerstëtzung vu sengem Bëschof konnt hie 1495 op d'Paräisser Universitéit studéiere goen. Do huet hie sech geschwë vun der virherrschender Wëssenschaftsmethod, der Scholastik, lassgemaach an huet sech dem Humanismus ugeschloss. No Weiderstudien a verschiddene Länner vun Europa - ë. a. an England, zu Oxford - ass hien de gréisste Geléierten am Beräich vum chrëschtlech-bibleschen Humanismus ginn.

Hien huet eng ganz Rëtsch vu literareschen an theologesche Bicher verfaasst, déi säin Numm an der ganzer Chrëschtenheet bekannt gemaach hunn. Vu sengen theologesche Bicher gouf d'Handbüchlein des christlichen Streiters déi éischt wichteg humanistesch Schrëft. Den Erasmus setzt sech fir e praktescht Chrëschtentum an: hie riicht kee Gebai vu Gedanken op, wéi d'Scholastiker dat gemaach hunn, mä hie beschreift eng Frëmmegkeet, déi hir Wuerzelen an der Bibel an an der Iddiewelt vun der Antiquitéit huet. Grad dat gëtt säin Haaptthema als Humanist: d'Erneierung an d'Verbesserung vun der Kierch duerch chrëschtlech an antik Bildung.

1516 huet den Erasmus déi éischt Editioun vum Neien Testament a griichescher Sprooch publizéiert an am Virwuert d'wëssenschaftlech Erfuerschung vum Bibeltext gefuerdert. Domat huet hie sech als de Spëtzewëssenschaftler vu senger Zäit am Beräich vun de Bibelstudien erwisen. De Martin Luther huet dem Erasmus säin Text benotzt, wéi hien op der Wartburg seng berüümt Bibeliwwersetzung verfaasst huet. Kee Wonner, dat d'Reformatoren gehofft haten, den Erasmus géif si ënnerstëtzen.

Mä wéi de Luther seng 95 Theese verëffentlecht huet, huet den Erasmus keng ganz kloer Positioun ageholl. Hien huet schliisslech eng neutral Haltung un den Dag geluecht, angeblech fir dem Opbléie vun de Wëssenschaften desto méi nëtzlech ze sinn. Domat huet hien d'Vertraue vum Luther verluer, dee souwisou skeptesch war vis-à-vis vum Humanismus a vun deem senger Betounung vum antike Geescht. Doriwwer eraus waren déi zwéi Männer sech net eens, wat d'Iwwersetzung an d'Interpretatioun vun de Bibeltexter ugaangen ass. Wann den Erasmus dofir war, eng wëssenschaftlech Distanz an eng gewësse Skepsis vis-à-vis vun den Texter anzehalen, sou war de Luther der Meenung, datt et an der Bibel ganz eendeiteg Plaze géif ginn, déi keen Interpretatiounsspillraum géifen zouloossen: "Den Hellege Geescht ass kee Skeptiker", sot de Luther; "Huel Christus aus der Schrëft eraus, an et bleift näischt iwwereg". Spéitstens wéi den Erasmus eng Ofhandlung mam Titel "De libero arbitrio diatribe" (Vom freien Willen) erausginn huet (1524), koum et zum Konflikt. De Luther huet eng Géigeschrëft publizéiert, déi "De servo arbitrio" (Vom unfreien Willen) geheescht huet a sou aggressiv war, datt den Erasmus sech déif verletzt gefillt huet. De Luther konnt eeben onbaarmhäerzeg mat de Leit ëmgoen, déi senger Meenung no eng falsch Positioun verdeedegt hunn. A wéi den Erasmus eng voluminéis Géigepublikatioun erausginn huet, huet de Luther sech erlaabt, op sou eng graff Manéier z'äntweren, datt all Relatioun tëscht deenen zwou Perséinlechkeeten ofgebrach ass.

Den Erasmus gouf an der Kathedral vu Basel begruewen.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Encomium moriae (L'Éloge de la folie ; Das Lob der Torheit); 1511.
  • Colloquia familiaria (Colloques ; Vertraute Gespräche).
  • Querela Pacis (...), 1516 => Plaidoyer pour la paix (traduit du latin et présenté par Chantal Labre); Paräis (Arléa; Collection "Poche - Retour aux grands textes" - Domaine latin - N° 57), 2005; 102 Säiten. ISBN 2-86959-689-8

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un den europäeschen Humanist Erasmus z'erënnere gouf um Kierchbierg an der Stad eng Strooss no him genannt: d'rue Érasme verleeft vun der avenue John F. Kennedy bis an de boulevard Konrad Adenauer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johan Huizinga, Erasmus de Rotterdam ; Paräis (Gallimard), 1955 (éischt Oplo, souwuel op Hollännesch wéi op Franséisch: 1924).
  • Jean-Claude Margolin, Érasme par lui-même ; Paräis (Seuil), 1965.
  • Léon-E. Halkin, Érasme et l'humanisme chrétien ; Paräis, 1969.
  • Eckhard Kessler, Die Philosophie der Renaissance - Das 15. Jahrhundert ; München (C.H. Beck), 2008; 270 Säiten. ISBN 978-3-406-57641-6
  • Julian Nida-Rümelin, Humanismus als Leitkultur - Ein Perspektivenwechsel ; München (C.H. Beck), 2006; 224 Säiten. ISBN 978-3-406-54370-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erasmus vu Rotterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien