Thomas Morus

Vu Wikipedia
Thomas Morus
Gebuertsnumm Thomas More
Gebuer 7. Februar 1478 jul.
London
Gestuerwen 6. Juli 1535 jul.
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Kinnekräich England
Aktivitéit Philosoph, Historiker, Theolog, Politiker, Dichter, Staatsmann, Romancier, Juristesche Schrëftsteller, Riichter, Diplomat, Schrëftsteller
Famill
Kanner Margaret Roper

Den Thomas Morus (Sir Thomas More), gebuer de 7. Februar 1478 zu London an higeriicht de 6. Juli 1535 am Tower vu London, war en englesche Jurist, Staatsmann, Historiker an Humanist. 1935 gouf hie vun der kathoulescher Kierch helleggesprach.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem kinnekleche Riichter gebuer, ass den Thomas More mat 16 Joer bei de Morton, Äerzbëschof vu Canterbury, placéiert ginn. 1497 koum hien op Oxford, wou en dem Erasmus vu Rotterdam an aneren dichtege Leit begéint ass. An där Universitéitsstad huet hien déi nei geeschteg Stréimung, den Humanismus, kennegeléiert. Hien huet Droit studéiert, an ee Moment huet et ausgesinn, wéi wann hien an den Déngscht vun der Kierch wéilt antrieden. Mä 1504 ass hien an d'Parlament zu Westminster komm. Do ass hien duerch seng kräfteg Riedkonscht opgefall, an dat huet him eng héich Plaz abruecht. Hien hat och vill Erfolleg um Geriicht, an de Lord Chancellor Wolsey huet en dem Kinnek Henry VIII. virgestallt, deen du seng Carrière favoriséiert huet. Den Thomas More gouf Kanzler vum Herzogtum Lancaster a Speaker vum House of Commons (1523); hie krut och diplomatesch Missiounen, ë. a. beim Keeser Karel V. a beim Kinnek vu Frankräich François Ier. Wéi de Wolsey op emol net méi an der Gonscht vum Kinnek stoung, ass den Thomas More - iwweregens net grad fräiwëlleg - zum neie Lord Chancellor gemaach ginn. An där Funktioun koum hien zu grousser Éier, an hien hat och vill Succès, souguer wann hien zimmlech haart mat de Persoune verfuer ass, déi als "Heretiker" verfollegt goufen. Geschwënn ass hien awer a Konflikt mam Kinnek geroden: den Thomas More war net d'accord mam Henry VIII. senger Politik vis-à-vis vun der Kierch, respektiv vum Poopst, an hie war och, am selwechten Zesummenhank, géint d'Aart a Weis, wéi de Kinnek mat senger Fra, der Catherine vun Aragonien, ëmgaangen ass (de Kinnek wollt mat alle Mëttele säi Bestietnes opléise loossen, fir seng Mätress, d'Anne Boleyn, ze bestueden). 1532 huet den Thomas Morus demissionéiert, a 1534 huet hie refuséiert, iergendeen Eed ofzeleeën, deen am Widdersproch mam Poopst senger Autoritéit kéint sinn. Dofir ass hien an den Tower vu London agespaart, a wéineg méi spéit - no engem faule Prozess - gekäppt ginn. Ganz Europa war vum deem "riichterleche Mord" geschockt.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Picus, Earl of Mirandula ; Biographie; 1510.
  • History of Richard III ; ëm 1513.
  • Utopia ; op Latäi geschriwwen, a 1515 (2. Bd.) a 1516 (1. Bd.) publizéiert.
  • Dyaloge concerning Heresies ; (?).
  • Correspondance ; eréischt 1948 editéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Prévost, Thomas More (1478-1535) et la crise de la pensée européenne ; Paräis (Mame), 1969.
  • R.W. Chambers, Thomas More ; London, 1935.
  • E. Dermenghen, Thomas Morus et les utopistes de la Renaissance ; Paräis (Plon), 1927.