Tower of London

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tower vu London)
Tower of London
Land Vereenegt Kinnekräich
Gemeng London Borough of Tower Hamlets
Koordinaten 51°30'29,520"N, 0°4'34,313"W
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 1066 (julianesch)
Proprietär Charles III.
Vue aus der Loft
Plang

Her Majesty’s Royal Palace and Fortress the Tower of London ass e befestegte Komplex vu Gebaier um Ufer vun der Themse, um südleche Wupp vun der City of London. Et handelt sech ëm eng Rankbuerg mat zwéi Festungsréng. Iwwert d'Joerhonnerten huet se den engleschen a brittesche Kinneken ënner anerem als Residenz, Armurerie, Atelier, Lager, Zoo, Garnisoun, Musée, Plaz wou Mënz geklappt gouf, Prisong, Archiv an Exekutiounsplaz gedéngt. De Josef Jakobs, en däitsche Spioun, deen 1898 zu Lëtzebuerg gebuer war, war de 15. August 1941 déi lescht Persoun, déi higeriicht gouf[1].

Den Tower gëtt schonn zanter 600 Joer vun Touriste besicht. Et ass déi Attraktioun (woufir ee bezuele muss) mat de meeschte Visiteuren am Vereenegte Kinnekräich (iwwer 2,5 Milliounen 2011).

Den Tower gouf am 11. Joerhonnert vum William den Eruewerer als Festung géint potentiell feindséileg Bierger vu London opriichte gelooss. Bis den James I. hunn all englesch Kinneken den Tower als zäitweileg Residenz benotzt. En ass dann och, duerch seng enk Verbindunge mat der Monarchie, enk mat der brittescher Geschichte verbonnen. D'Befestegungsmaueren an d'Tierm sinn aus dem Mëttelalter. An de Joerhonnerten dono goufe bannent de Maueren ëmmer nees Gebaier ëm- oder ugebaut. Am 19. Joerhonnert goufen, am Goût vun der Zäit, d'Maueren an d'Tierm am neigotesche Stil nei opgeriicht, a verschidde Gebaier oder Deeler dovun ofgerappt.

Haut kann een am Tower eng Ausstellung kucken iwwer seng Geschicht, eng Kollektioun vun de Royal Armouries, d'Brittesch Krounbijouen, d'Haaptquartéier an de Musée vum Royal Regiment of Fusiliers, Wunnenge vun de Yeoman Warders souwéi administrativ a Büroraim. D'Board of Ordnance, d'Royal Mint, den Ordnance Survey, de Royal Observatory, d'Public Record Office an de London Zoo hunn all eemol am Tower ugefaangen.

Eng Abberzuel Theaterstécker a Romaner spillen am Tower, vum Shakespeare bis den Edgar Wallace. Am 19. Joerhonnert gouf den Tower dacks als Prisong duergestallt.

Den Tower gehéiert der brittescher Kroun a gëtt vun den Historic Royal Palaces géréiert.

1988 huet d'UNESCO den Tower zum Weltkulturierwen deklaréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tower of London – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geoffrey Parnell: English Heritage Book of the Tower of London. Batsford, London 1993, ISBN 0-7134-6864-5, S. 118.