Tower of London

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Vue aus der Loft
Plang

Her Majesty’s Royal Palace and Fortress the Tower of London ass e befestegte Komplex vu Gebaier um Ufer vun der Themse, um südleche Wupp vun der City of London. Et handelt sech ëm eng Rankbuerg mat zwéi Festungsréng. Iwwert d'Jorhonnerten huet se den engleschen a britesche Kinneken ënnert anerem als Residenz, Armurerie, Atelier, Lager, Zoo, Garnisoun, Musée, Plaz wou Mënz geklappt gouf, Prisong, Archiv an Exekutiounsplaz gedingt. Den Tower gëtt schonns zanter 600 Joer vun Touriste besicht. At ass déi Attraktioun (woufir ee bezuele muss) mat de meeschte Visiteuren am Vereenegte Kinnekräich (iwwer 2,5 Milliounen 2011).

Den Tower gouf am 11. Joerhonnert vum William den Eruewerer als Festung géint potentiell feindséileg Bierger vu London opriichte gelooss. Bis den James I. hunn all englesch Kinneken den Tower als zäitweileg Residenz benotzt. En ass dann och, duerch seng enk Verbindunge mat der Monarchie, enk mat der britescher Geschichte verbunden. D'Befestegungsmaueren an d'Tierm sinn aus dem Mëttelalter. An de Joerhonnerten dono goufe bannent de Maueren ëmmer nees Gebaier ëm- oder ugebaut. Am 19. Jorhonnert goufen, am Goût vun der Zäit, d'Maueren an d'Tierm am neigotesche Stil nei opgeriicht, a verschidde Gebaier oder Deeler dovun ofgerappt.

Haut kann een am Tower eng Ausstellung kucken iwwer den Tower a seng Geschicht, eng Kollektioun vun de Royal Armouries, d'Britesch Krounbijouen, d'Haaptquartéier an de Musée vum Royal Regiment of Fusiliers, Wunnenge vun de Yeoman Warders souwéi administrativ a Büroraim. D'Board of Ordnance, d'Royal Mint, den Ordnance Survey, de Royal Observatory, d'Public Record Office an de London Zoo hunn all eemol am Tower ugefaangen.

Eng Abberzuel Theaterstécker a Romaner spillen am Tower, vum Shakespeare bis den Edgar Wallace. Am 19. Joerhonnert gouf den Tower dacks als Prisong duergestallt.

Den Tower gehéiert der britescher Kroun a gëtt vun den Historic Royal Palaces géréiert.

1988 huet d'UNESCO den Tower zu der Weltkulturierfschaft deklaréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tower of London – Biller, Videoen oder Audiodateien