Josef Jakobs

Vu Wikipedia
Josef Jakobs
Gebuer 30. Juni 1898
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. August 1941
Tower vu London
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Däitscht Räich
Aktivitéit Spioun, Zänndokter

De Josef Jakobs, gebuer den 30. Juni 1898 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 15. August 1941 zu London, war en däitsche Spioun am Zweete Weltkrich an dee leschte Mënsch, deen am Tower of London exekutéiert gouf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Lück ass den 30. Juni 1898 als Meedercherskand an als däitsche Staatsbierger an der Stater Groussgaass op d'Welt komm. Seng Mamm war d'Emma Lück, déi vu Sassenroth gebierteg war an zu Bickendorf am Krees Bitburg gewunnt huet. Wéi d'Emma Lück sech den 19. Oktober 1905 mam “Privatlehrer” Kaspar Jacobs vu Wilmersdorf zu Berlin-Charlottenburg bestuet huet, hu si de Jong als hiert legitimt Kand uginn, deen zanterhier Joseph Jacobs geheescht huet[1].

Am Éischte Weltkrich war hie Leitnant am 4. Garderegiment. Am Zweete Weltkrich gouf hien am Juni 1940 och erëm als Leutnant an d'Wehrmacht agezunn. Wéi sech dunn awer erausgestallt huet, datt en eng gestiicht hat a vun 1935 bis 1937 an engem Schwäizer Prisong souz, gouf en zum Feldwebel degradéiert an duerno an de meteorologeschen Déngscht vun der Wehrmacht versat; niewebäi huet e fir d'Abwehr geschafft.

An der Nuecht vum 31. Januar op den 1. Februar 1941 ass de Joseph Jacobs mat engem Fliger vun Amsterdam aus gestart a mam Fallschierm an der Ëmgéigend vu Ramsey an der deemoleger Grofschaft Huntingdonshire (haut: Ramsey, Cambridgeshire) an England erofgesprongen. Well e sech bei der Landung de rietse Knéchel an d'rietst Been gebrach hat, konnt en net méi goen a gouf Daags drop a sengem blesséierten Zoustand an engem Feld fonnt a festgeholl. Doropshin gouf en am Prisong vum Londoner Staddeel Brixton ënnerbruecht. Ënner anerem hat e falsch Identitéitspabeieren, englescht Boergeld an e Radiossender bei sech. Fir d'éischt huet déi brittesch Spionageofwier gepréift, ob de Jacobs kéint als Duebelagent a Fro kommen. Nodeems se sech awer do dergéint decidéiert haten, gouf de Joseph Jacobs de 4. August 1941 zu Chelsea virun e geheimt Militärgeriicht gestallt an den Dag drop laut dem Treachery Act, engem Antispionagegesetz vun 1940, wéinst versichter Spionage zu Gonschte vum Feind schëlleg gesprach an zum Doud duerch Erschéisse verurteelt. Hie selwer hat op onschëlleg pledéiert.

Nom Urteel gouf de Jacobs an den Tower of London bruecht, wou zu der selwechter Zäit och de Rudolf Hess inhaftéiert war. De Jacobs huet ouni Erfolleg beim Kinnek George VI. ëm Gnod ugefrot, woubäi e behaapt huet, hie géing bei d'Englänner iwwerlafe fir géint d'Nazien ze kämpfen. En huet drëm gebiede fir bis nom Enn vum Krich mat der Vollstreckung vun der Doudesstrof ze waarden, well hien da seng Onschold beweise kéint.

De 15. August 1941 mueres ass de Joseph Jacobs am Tower of London vun engem aacht Mann staarken Erschéissungskommando vun de Scots Guards higeriicht ginn. Well e wéinst senge Schankebréch am rietse Been net stoe konnt, gouf e fir seng Erschéissung op e Stull gesat a gefesselt. Als Katholik hunn se de Joseph Jakobs um kathoulesche Kierfecht St. Mary's zu Kensal Green an engem onmarkéierte Graf bäigesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Powell: Last execution in the Tower of London. In: Michael Powell: Curious Events in History. Sterling Publishing, New York 2008, ISBN 978-1-4027-6307-6, S. 122–125.
  • Simon Akstinat: Tod im Tower. In: Simon Akstinat: Teste deine Allgemeinbildung – Ach ja!? Faszinierende Fakten. Originalausgabe, Humboldt, Baden-Baden 2004, ISBN 3-89994-018-0, S. 148.
  • Daniel Diehl, Mark P. Donnelly: The Weatherman: Josef Jakobs. In: Daniel Diehl, Mark P. Donnelly: Tales from the Tower of London. Stroud, Sutton 2004, ISBN 0-7509-3496-4, S. 186–192, 198.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cf. ANLux-CT-03-02-0854 Naissances 1896-1899, acte de naissance N° 254/1898.