Spionage

Vu Wikipedia

Spionage nennt een d'Sammele vun Informatiounen, déi geheim oder vertraulech sinn, an et dofir vun deem, vu wou se hier sinn, net gewollt ass, datt s'an aner Hänn kommen. Spionage ka vun enger Eenzelpersoun, oder awer vun enger Organisatioun bedriwwe ginn, meeschtens am Déngscht vun engem Land oder enger Firma. D'Spionage geschitt par Definitioun heemlech, well s'an de meeschte Fäll illegal a strofbar ass.

An de meeschte Fäll geet et bei Staatsspionage drëm fir politesch, wirtschaftlech oder militäresch Informatiounen iwwer de Géigner oder Feind ze kréien, déi engem nëtzlech kënne sinn; bei Wirtschaftspionage geet et drëm fir u konfidentiellt Wëssen iwwer betriibswirtschaftlech, strateegesch oder technesch Informatioune vu Firmen ze kommen.

Mat déi efficasst Aart a Weis fir u Geheimwëssen ze kommen, ass duerch Infiltratioun, d.h. d'Aschleise vun engem Spioun an déi Organisatioun, déi ausspionéiert soll ginn. Eng aner Méiglechkeet besteet doran, eng Persoun, déi fir de 'Géigner' schafft, 'ëmzedréien' a se sou derzou ze kréien, Informatioune virunzeginn. Infiltratioun gëtt haut och ëmmer méi op elektroneschem Wee gesicht, andeems duerch Hacke vun Informatikssystemer probéiert gëtt, Informatiounen ze kréien.

A Krisenzäite kënne Spiounen och agesat gi fir bestëmmt strateegesch Saachen ze klauen oder ze sabotéieren. Konter-Spionage besteet dora fir Spionageugrëffer z'erkennen an ze neutraliséieren, oder mat weiderleede vu Falschinformatiounen irelevant ze maachen.

Bal all Land huet streng Gesetzer géint Spionage[1], mä de Virdeel, deen een doduerch kann hunn, ass grouss genuch datt et de Risiko wäert ass.

Staatssevicer déi sech mat Spionage befasse gi Spëtzeldéngscht oder Service de renseignement ofgekierzt och einfach Renseignement genannt. Bekannt Spëtzeldéngschter sinn den däitsche Bundesnachrichtendienst, den israeelesche Mossad, de russesche KGB, den engleschen MI 6 an den amerikaneschen CIA.

Bekannt Spioune sinn ënner anerem de Pietro Guerrini, d'Mata Hari (1876 - 1917), d'Elisabeth Schragmüller (1888 - 1940), den Thomas E. Lawrence (1888 - 1935), de Fritz Kolbe (1900 - 1971), de Juan Pujol Garcia (1912 - 1988), de Julius Rosenberg (1918 - 1953), de Rudolf Iwanowitsch Abel (1903 - 1971), den Elijahu (Eli) Cohen (1924 - 1965), de Günter Guillaume (1927 - 1995) an d'Anna Chapman (*1982).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Lëtzebuerger Code Pénal gesäit dofir z. B. liewenslängleche Prisong vir (Art. 116 ss.)